Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Roxane

 
Roxane
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    24.04.2008
  • Gekuckt:
    35065
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    39
  • Beliichtungszäit:
    1/30
  • Blend:
    f/1.4
  • Brennwäit:
    50 mm
  • ISO:
    1600
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    463x700
  • Späicherplaz:
    128 KB
  • Originaldatum:
    24.04.08
  • Fotoapparat:
    Nikon D3
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher
2. Kategorie: Just for fun »» Fotoen vun Photogen User
Extras:
Luuchtkonditioun derdäiwel!

Fir anzesetzen: [pg_img=26512]
Kommentar vum Fotograf:
Hun e puer Fotoen mam Roxane <3 gemaat, mär gifen eis freen iwwert e kommentar :)
broken-cookie 24.04.2008 - 19:11
hey lex mjo toll foto heus du do gemat ass en richteg scheinen kontrast mat dem reuden zips do an dem gewessenen blooen teun we bild heut, an dass beem verschwommen sin, fannen dem roxane sein dramateschen bleck richteg passend zu der ambiance
klex 25.04.2008 - 20:00
merci lynn, freet mech dat se der gefällt smile
broken-cookie 29.04.2008 - 22:51
lol lex mein numm kritt nemmen een n also lyn an net lynn nemmen sue nierwenbei =P
klex 30.04.2008 - 08:12
ok gudd ze wessen closed_eye
EyE 24.04.2008 - 19:20
sauschein.... huet fir mech eppes märchenhaftes .... schein mat de faarwen gespillt ... have a nice Fairy taleclosed_eye
klex 25.04.2008 - 20:01
fuarwen wuarn su zimleh genau sou zwar smile thx mike
Polinger 24.04.2008 - 19:26
Yaehyaehyaeh!, fier et einfach mol sou ze soen closed_eye Sääääugudd, fier et nach aanescht ze soen xD... keint lo nach stonnelaang sou weider maan, mee ech mengen du wees waat ech mengen =D alles Top: top Model, Top Bléck,Top Plaatz, einfach nemmen TopFoto! mee där hues de der jo schon genug (an jo ech wees, dass een keng topfoto mei kann maachen) Fazit: La Totale mat groussem T! xD closed_eye

klex 25.04.2008 - 20:02
Uhla merci fir dai kommentar! Si frou wann se sou gudd ukennt! smile
Polinger 25.04.2008 - 21:56
Oh mamm, Lex, ech weilt ech keint bei dir an d' leier goen, sou beis fannen ech deng fotoen coolmengen ech giff an 14 deeg mei leiren wei an engem joer alleng =D
klex 28.04.2008 - 10:29
Ech haat mol su e stang, huet mer och wiirklech vill bruet! Mee daat wuar och bei engem dee wiirklech vill ahnung haat smile
MarcGerard 24.04.2008 - 19:40

klex-faarwen XD
dat magenta't gefällt mer dobäi net!

märchenhaft, jo! tonne geil och!! bigsmile fannen se super! flott onschäerft! hammergeil! wat huet hat do un? as dat just e buedduch? oder gesäit dat nemmen esou aus? wéini lueds de méi erop? XD
cya!
klex 25.04.2008 - 20:03
magenta dowéinst, well soss zevill an d'blot gerutsch wär.
buedduch tss closed_eye nee daat wuar e stéck scheine Stoff, fllott Saach!
merci marc smile wärten da na kommen...
Gilbert 24.04.2008 - 19:52
/removed/
Polinger 24.04.2008 - 20:06
lool... wells de net leiwer eppes zur foto soen closed_eye P.S. Ka xD
Gilbert 24.04.2008 - 20:14
/removed/
JADE 24.04.2008 - 20:41
euhmmm ... vun weem huet den Lex daat ... daas hien nët kleng ass ... closed_eye)
Focus 24.04.2008 - 20:36
LOVE IT!!! Einfach alles- Déiftenschärft ; komplementar Farwen, kaal, warm, heiss !!!
1600 ISO; natural light... Lex - tiptop!!
klex 25.04.2008 - 20:04
1600 iso richteg notzen ze kennen, gett schon nei méiglechkeeten! wärt net di läscht an där art sin... merci smile
JADE 24.04.2008 - 20:44
sorry mee ...

copy/paste vum Focus ... smile)
klex 25.04.2008 - 20:05
ma daat ass léiw vun der closed_eye merci
Kwitchibo 24.04.2008 - 22:37
Ech sin do net mam Focus op enger LINE...

och wanns e natural light top top benotzt hues genau wei deiftenschärft ..
Roxanne seng Pose as net Locker an kukt ma net märchenhaft dran an deen Aarm wu erof hengt gefällt ma net
Ech wees das et technesch eng KLEX as closed_eye mee as eben net mein Fall dobei kent das du se gemach hues closed_eye also erwrden ech eppes vun DIR an hei as fier mech net alles erfellt ..

cheers Dude

see ya in DUDETOWN CITY

PS: D3 ROCKS smile
JADE 24.04.2008 - 22:46
" ... an kukt ma net märchenhaft dran ..."

hmmmm ... villächt ... mee ët huet awer eppes vun "Schneewitchen" ..
dach, dach ...
Kwitchibo 25.04.2008 - 10:54
jo bessi schon mee awer net locker zimlech steif...
Roxane 25.04.2008 - 15:53
smile ech well eppes du der onlockerheet soen ...
also dat war sou dat ech net konnt locker sin well deen stofft ma den ganzen zeit eroggerutscht ass an jio dofir warch deen moment och vleit einfach net sou locker smile an meng hand haat och net sou vill spill raum wengst dem gerutscht mee bon vleit bei enger nechster keier wann et eng gett ( nach wees ech dat jio net gelldu Lex <3* ) dann probeieren mir dat uerdentlech fest ze maen smile

Kanns du oder dier mech elo besser verstohen ?

klex 25.04.2008 - 20:09
genau, next kéier gett et richteg festgemat, dann huet ee na méi méiglechkeeten...
trotzdem astaunlech waat ee mat su stoff ka maan surprised
klex 25.04.2008 - 20:11
merci marc fir de kommentar! kommen der nach no... closed_eye cu
gloda 24.04.2008 - 22:37
Däin ISO 1600 gesäit wuel aus wéi mäin 200 tongue Flott matt den Faarwen an der Kompositioun, mir gefällt am beschten wéi den Hannergrond zum Bild bäidréit. Mir gefällt just net wéi den Kapp zur Säit gedréint as.
klex 25.04.2008 - 20:14
wuar och di éichte kéier dat eng 1600 ISO net duerch de Neat gelaaf ass bei mär, naja usech ass des 3200 well si wuar eng blend ennerbeliicht... zumm schluss wuar ech bis op 4000, mee do gett awer da scho käreg wanns de schieter na well ophellen... mee léiwer kär wi keng stemmung smile merci fir de kommentar!
texx 25.04.2008 - 16:16
Schneewitchen, flott gemach
klex 25.04.2008 - 20:15
merci smile ma hun eis méih gin
big-basti 25.04.2008 - 19:02
wierklech top lex closed_eye wann ech dat doen su kucken muss ech un rotkäppchen denken , su mam besch an su closed_eye mee keint jo och schneiwittchen sin smile
opjiddefall ganz flott smile as den 50mm gutt . gin mer gleich eng SLR kaafn an hun do och un den 50mm 1.8 geduercht !?

mfg, Sebastian
klex 25.04.2008 - 20:16
merci smile 50mm kann ech der nemmen urooden, sin e fan vun available light, kanns de schei saache maan mat dem objectiv! an super déifeschärft... a niwebai zimmlech daat schaarfsden objectiv waat nikon baut!
big-basti 25.04.2008 - 20:31
kay closed_eye haafen mer wahrscheinlech d'eos 400d. gefällt mer ganz gutt an jo hat och an den testberichter gelies dass den 50mm zimmlech gutt ass. An e kolleg huet och den 50mm op senger nikon an ass ganz zefridden closed_eye

majo merci fir den tipp closed_eye
klex 28.04.2008 - 10:28
kp, mat deem objectiv kanns de wiirklech net falsch goen! sief e Nikon oder Canon oder soss...
Keup 25.04.2008 - 21:01
Wow waat eng Photo. Respekt
klex 28.04.2008 - 10:27
merci smile
Kiichiii 29.04.2008 - 18:40
Schein Photo... fannen zwar dass roxane gur net sou onlocker ausgeseit wie haat behaat closed_eye hehe wär deck cool wannst du och nach drob wärs... wie eng Hochzeitsphoto closed_eye bigsmile
klex 29.04.2008 - 19:47
nee, fannen ech o net smile majo roud wär mol eppes aaneschtes wi emmer just waiss, an gif en déck scheint kleed gi menger meenung no! merci smile
Kiichiii 30.04.2008 - 16:57
froen mech just ob det dem Roxane net ze kaal waar... tongue

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 272 Gäscht online