Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Tokio Hotel

 
Tokio Hotel
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    07.03.2008
  • Gekuckt:
    43206
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    33
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    533x800
  • Späicherplaz:
    158 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Events »» Concerten  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=25532]
Kommentar vum Fotograf:
Et kann een vun den Jongen vun Tokio Hotel halen wat een wëllt!
Entweder et haasst een se oder et vergöttert een se!
Mee ween huet an den leschten Joeren an sou kuerzer Zäit daat ereecht waat sie ereecht hun?
Hei eng Foto vun hierem läschten Optrëtt zu Lëtzebuerg...
Kritik zur Foto wéi ëmmer erwënscht...

OK-Photography 08.03.2008 - 00:12
oh noes!!!i knew it!!
harhar bigsmile
also zu dem waatsde gknipst hoss enthaalen ech mei weideren kommentarer....
an deng foto as wei emma eng dei supah an den Serie fun Konzertsfotoen passt!flott! smile
Barbara 08.03.2008 - 00:31
/removed/
Dan 08.03.2008 - 08:57
Freet mech wann d'Foto gefällt!
Waat war daat eng Massenhysterie ronderem Tokio Hotel.
Polinger 08.03.2008 - 09:13
d.h. du wars ganz do fier, mat all deenen krreeeeeeeeischenden Teenies... mäi matleed cool
OK-Photography 08.03.2008 - 10:29
harhar! bigsmile kansch ma fierstellen...
duescht awa schons wu se et um Radio sooten sou 'ohnee dann wärten ma lo SECHER op PG o di eng oder aner foto hun...' ;D
gin mol kukn opsde o eng mat kraischenden teenies drop hoss.... closed_eye

-edit-
*achduschande* bigsmile
wei spako seet: DEI as wierklech den highlight!!
hoffen du haas den Ourenstepp derbai...;p
Dan 08.03.2008 - 11:34
Yep an dësem Fall waren d'Ourestëtonguep ee Must...awer éischter fier d'kreichende Teenies ze erdroen closed_eye
Ass schon impressionant op wéi eng Dezibel Zuel déi mat hierem Geblärs kommen closed_eye


annemie 08.03.2008 - 01:36
also un denger Foto hun ech naischt ze bemängelen....closed_eye Fir de Rescht...*joker*
Dan 08.03.2008 - 08:58
Joker ugeholl.
Mee lo hues de keen méi falls ech nach Foto vun hinnen sollt eroplueden closed_eye
Merci fier däin Kommentar!
annemie 09.03.2008 - 00:54
DU hues jo dann Dan-Bonus, dh du daerfs daat bigsmile
wei gesot, deng Fotoen sinn jo top! Dofir muss ech d'Grupp jo net lauschteren (verschiddener kennen ech mol net ;D)
spako 08.03.2008 - 09:20
ech si wiirklech kee Fan vun TH aawer ech war mer deng Fotoen op deng Sait ukucken an se sin wiirklech all immens... dei mat den heckteschen Fraleit dei der duerch d'Bild laafen fannen ech einfach immens gelongen!!
Dan 08.03.2008 - 11:35
Merci Vero.. daat freet mech vun dier ze héiren!
paikea 08.03.2008 - 11:45
Dan, deng leescht Foto vun denger Tokio Hotel Serie ass wirklech den Kick. Hun dei selwecht, just vun der aanerer Seit! I will show it to you one day smile
Best job!! emile

Dan 08.03.2008 - 11:51
Merci Emile!!!
Hun mech gëschter super gefreet dech emol nees erëmzegesin...
Wann's du seess du häss déi selwecht Foto vun enger anerer Sait gin ech dovun äus dass du eng Späicherkaart am Apparillo haas closed_eye
paikea 08.03.2008 - 11:54
smile yes. emol eemol smile duert net, dass en vun senger eegener dommheet beileiert smile
ech hun der d'Foto gemailt smile

Hoffen et geseit en sech geschwenn erem... awer dann op engem besseren Konzert! smile
Jean-Jos 08.03.2008 - 11:52
gesin ech genau esou,
d'Serie als Ganzt iwwerzeegt, och wann ech lo nët grad TH-fan sin closed_eye
Dan 08.03.2008 - 11:54
Merci Jean-Jos! Daat freet mech!
Naturknipser 08.03.2008 - 12:09
Pardon wann ech d'Euphorie e besse bremsen - mee esou richteg schaarf am Gesiicht ass se jo leider net....
Dan 08.03.2008 - 14:24
Merci Gerry fier däin Comment... ech haat jo no Kritik gefroot.
Ech hun mier se nach eng Kéier am Groussen ugekuckt, an fier mech ass se scharf...
JADE 08.03.2008 - 12:18
Den Toprichtegen Moment erwëscht, Dan ... an déi aaner och ganz gutt ...
sin echt n"eideg" op deng Concert's Highlights déi's du soss erliews


ech sin extra méi lang op der Aarbecht bliwwen well ech wosst, dass ech dann do am Escher Raemerech-Stau géing stoen ... an hun do schon fir meng Oueren gefaart ... smile
Dan 08.03.2008 - 14:25
Jo ech haat mech och fréi op de Wee gemach, fier nët am Stau ze stoen... an ech wollt och nach e bëssen vun der Ambiance matkréien... daat ass schon impressionant waat verschidde Fans op sech huelen, just fier an der éischter Reih ze stoen!
Sin frou dass méng ganz Serie dier gefällt...
MarcGerard 08.03.2008 - 13:08

frecki, déng serie as den absolute glanz! genial!
Dan 08.03.2008 - 14:25
Merci Marc... freet mech daat besonnesch äs déngem mond ze héiren!
CANON 08.03.2008 - 17:34
SUUUUUUUUUUUUUPER GUT

An Scharf wie ZIZZ....

Decken BRAAAAAAAAAAAAAAAAAAAAAAAAAAAAAAAAAAAAAAAVO

CANON
et waat net einfach....
Dan 08.03.2008 - 21:10
Merci Canon!
CANON 08.03.2008 - 23:50
Waat hass den vun Material..w.e.g. CANON ..Objektiv ..Blend..Zeit.. JPG oder RAW Belichtung..zb Spot oder ganz bild

CANON
Dan 09.03.2008 - 08:33
Ech hun dës Foto mat enger 5D gemach.
Ech hun manuell op 1/800 an 2.8 mat 70mm geknipst an daat Ganzt bei ISO 1600.
CANON 09.03.2008 - 14:38
Vierdrunn gemoss ,oder op den "gutwill "geknipst.....
Dan 09.03.2008 - 15:03
Ech sin vun méngem Erfahrungswerter vun deenen Concerten déi ech schon vierdrun geknipst hun äusgaang...
OK-Photography 11.03.2008 - 13:31
bigsmile
Kwitchibo 09.03.2008 - 22:38
TOP!
*****
Dan 10.03.2008 - 14:03
Merci Marc!
DeMich 11.03.2008 - 15:42
fannen deng serie deck gut!
daat eenzegt wat mer fehlt sin evtl de bassist an de batteur, hues net eng eenzeg foto vun deenen 2tonguea su wait ech ees geheiren dei awer och zur bandclosed_eye
awer eng gut arbescht alles an allem smile
Dan 11.03.2008 - 20:20
Merci fier däin Comment Mich!
Et wonnert dass daat bis elo weider nach kengem opgefall ass...
Du hues natierlech vollkommen Recht an ech gesin et och als Minus Punkt fie rmech dass ech keen vun deenen 2 weisen.
De Batteur hun ech op kenger Foto gutt geroden, meeschtens huet en Mikrostänner ratsch virun der Stier, an de Bassist haat ech guer nët virun der Lëns.
Et waren nämlech bei deem Concert einfach zevill Fotografen zougelooss (15 Stéck!!!) sou dass et mier schwéier gefall ass mech fräi ze bewegen...
Mee ech gin der wéi gesot vollkommen Recht.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 443 Gäscht online