Den Kelly Jones bei enger genialer Performance an der Kufa.
Mech interesséiert är Meenung zu dëser Foto an méi vun deem Concert fannt dier op ménger Säit...
super Aarbecht guud Foto!daat eenzecht waat mech steiert well duech den typ hannen am Bild eng Deift an Bild kent an deen leider keng guud action mescht steiert daat mech awer ech wees Live as live!!vun dohier BRAVO!!
Ech vestin waat's de mengs, an ech gin dier och souguer e bëssen Recht! Lo wou's du et seess gesin ech och, dass den Bassist do e bëssen oflenkt.... awer et stéiert lo nët zevill, oder?
Vollkommen Recht hues de domat dass de gëschter entweder hgei oder bei den QOTSA häss sollen sin
Gefaellt mer super gudd. Wann een lo pingelesch get, deen klengen schied un der leps (unsech waer en schnell waeschgezaubert) mee bon, daat as och fleit bessen iwwerdriwwen. Deng Homepage as wei emmer rem voll mat flotten saachen.
Merci Marc!
Ech gin der Recht dass de Schied do e bëssen stéiten kann, an dass en eigentlech relativ séier ewech gezaubert wier...
Mee ech sin do e bëssen e Purist, andeems ech méng Live Fotoen gär live loossen.
An live heescht dass sech och ëmmer nees Schéinheets Fehler aschläichen....
Merci och dass du dier Zäit geholl hues op ménger Säit eran ze luussen
Däi Cadrage ass gudd - de Bassist am HG géif a mengen Aaen nët (négativ) opfaalen wann en nët vum Mikrostänner geschnidde wär... Mee ët ass schwéier sëch nach Gedanken ëm e wibblegen Bassist ze maachen daat ass kloer
D'Atmosphär/Action hues de gudd agefaang just ass d'Photo liicht verwackelt well nët richteg schaarf? Kann awer och un der Kompriméirung leien. Jiddefalls schenge mer d'Luuchtverhältnisser zimlëch ongënschteg vir d'Knipsen! Waar daat di 3 Lidder iwwer esou?
Merci Cédric fier däin Kommentar.
Leider war keen Pit fier d'Fotografen viergesin bei deem Concert sou ass ech nët vill Spillräum haat!
D'Foto ass bei mier awer ganz scharf...