Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Aphenphosmphobia

 
Aphenphosmphobia
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    05.01.2006
  • Gekuckt:
    55669
  • Favoriten:
    5 (Wen?)
  • Kommentarer:
    55
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    50 mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    640x427
  • Späicherplaz:
    64 KB
  • Originaldatum:
    Dezember 2005
  • Fotoapparat:
    350D
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Männer / Jongen  
Extras:
Stativ, 50mm 1.8 II, RC-5

Fir anzesetzen: [pg_img=2397]
Kommentar vum Fotograf:
Oi, dat huet awer lo gedauert bis ech nees verstan hun wéi een eppes eroplued :)
Majo, hei as eng méi rezent Foto, en Selbstportrait.
Kleent 05.01.2006 - 19:35
zimmlech originell... gefällt mer!
wei laang hues de gebraucht fir dei neel ob dai gesiicht ze maan?
Sylvia 05.01.2006 - 19:39
WOW !!! dein Titel passt zwar wonnerbar !!! Wei basste op den Sujet komm ? Du hues dei Angscht zwar op eng *witzeg an och net* Art and weis ausgedreckt !!
nukki 05.01.2006 - 19:46
wow di foto gefällt ma mega gudd ass degg professionell gema menga meenung no really top! respekt
LaaChkiChelChen 05.01.2006 - 19:56
et get dach een film wou och sou een männchen matspillt alsocool den sou neel um gesiit hun.. wees awer net mei wei den film heescht.. huet daat dech inspireiert?
Olivier 05.01.2006 - 20:11
Ach du heilige scheisse!!! Meega... wiekrlech TOP
Barad 05.01.2006 - 20:14
Cool, geseit mei realistech aus wei bei Slipknot, war bestemmt mega aarbescht. Mee waat ech zwar cool fannen, ass eigentlech dein Ausdrock am Gesiicht an dann dei Neel passt irgendwei
Mati 05.01.2006 - 20:17
einfach mega super dei foto!!! jo stemmt dein ausdrock ass och mega!
an dei neel sin och na mega reegelmeisseg opgepescht. . . ech hätt mech scheiss gehat dass ma sou en nool an dAa sprengt closed_eye
klex 05.01.2006 - 20:34
Wi all di aaner kann ech nemmen zoustemmen, super Foto! De männschen ass super an d'Bild gesaat, vun Cadrage hier ass se super, well en eben wirklech mängt et géif eppes hanner him passéiren an hinen dréit sech em, zumools well do och nach alle su däischter ass...
D'bellichtung ass och wonnerbar an di liicht brng téinung passt och ganz gudd!
Ech hu beim bäschte wellen näischt äuszesetzen un där Foto! closed_eye
Sylvia 05.01.2006 - 21:02
mengen zwa net dass et eppes mat Hellraiser ze dinn huet ...Aphenphosmphobia ass Bereierungsangscht doviir dei Piken dei sollen ofhaalen dass een dech bereiert...mol meng Impressioun
gloda 05.01.2006 - 21:12
Uh dat as séier gang fir Top-Foto ze gin. Wéi get dat gerechent?
gloda 05.01.2006 - 21:16
Majo, ech krut well vun vill Leit gesot déi d'Foto gesin hun: "Woah, den Pinhead aus Hellraiser!" Ech hun deen nach ni gesin. As bei Korn dann och sou een? Jiddefalls as d'Iddi en bessen vun enger Foto géint den Tubak inspiréiert, déi et mol hei zu Letzebuerg gouf. Di zwou Fotoen hun awer net vill gemeinsam.

Öhm jo, dat sin 127 Neel, ech wärt alt sou eng knapp Stonn gebraucht hun, méng Schwester huet mer bessen mam Pesch gehollef.
Minaa 05.01.2006 - 21:48
great! oO
geseit zwar och bessen no Hellraiser aus mee wells de der Foto den Numm "Aphenphosmphobia" gin hues hun ech se och aanescht interpretéiert (amfong genee sou wéi d'Sylvia),also mat der Beréierungsaangscht.
Bon jiddefalls egal wéi een se interpretéieren soll, mir gefällt se immens!smile
gloda
Jo, se war fir en Concours 'Phobia'.
MarcGerard 05.01.2006 - 22:26
gesäit genial aus!!
an dee bléck passt wéi den nol op de kapp (oder sou )
cadrage super effektiv! alles genial!!!
bei engem nol gesäit een jo och e bessi vum pesch, mee wat ass dat fir e pesch? heisskleber :-P
gloda
Oh gesäit een nach bessi Pesch? Den Mogway huet nämlech net ganz Recht: bessi Photoshop fir Reschter Pesch ewechzemachen. Et waren sou Pads fir Fotoen an den Album ze peschen. Recyclage, iergendwéi smile
Heisskleber? Nee merci, dovun hat ech emol während 3 Méint eng Narb.
MarcGerard 05.01.2006 - 23:03
smile dat mam heisskleber war ee witzsmile obwuel ech mer firstelle kann dass et pesche giff smile
mee falls de de pesch net gesäis: vum betruechter aus gesin iwwert dem rietzen aa déi zweet rei vun ënnen. gesäit awer net no engem pad aus... oder net grëndlech retuschéiert.
gloda
Hm, jo ech hat Problemer wéinst den Schieter.
joellchen 06.01.2006 - 11:54
as deck cool smile
ech fannen neischt waat net gutt drun as bigsmile
wi laang huet et gedauert bis du sou ausgesin hues? bigsmile
yoshi 06.01.2006 - 17:16
Ehm jo... kann naicht neies méi soen, se ass einfach super, Kompositioun, Beliichtung, Idee, Emsetzung. TOP!

PS: Top Foto ass déi, dei deen bechten Vote huet vun den lechten 3 Wochen.
Mojoo 06.01.2006 - 17:27
Woow! Genial Idee an perfekt Emsetzung! Des Foto huet et verdingt eng "Top Foto" ze sin! smile

Ganz gudd gefällt mir den Gesiichtsausdrock, d'Richtung vum Bleck vun den Aaen, den liicht opene Mond, d'Schieter, an den schwaarzen Hannergrond. Flott fannen ech och dass d'Konturen vum rietsen Ouer nach erkennbar sin an beliicht gi sin, soss wär d'Foto vlait net ganz sou flott gin smile

Sorry.. mee ech fannen neicht un der Foto wat ech net gudd fannen, egal wei laang ech lo schon sichen.. smile
piton 06.01.2006 - 19:08
Déi Foto huet mer schon gefall wéi ech se firdéischt gesin hat. smile Top!
amBesch 06.01.2006 - 20:14
Konkret krass bigsmile
Hues de richtege Bléck dozou opgeluecht. Gefällt mer, wiirklech originell, tiptop!!!
gogo 06.01.2006 - 23:52
top !
Carmen 06.01.2006 - 23:53
Hun emch elo extra hei ageloggt vir der ze soen, adss ech deck stolz op dech sin groußen Bridderchen smile
Maach weider esou
Andree 07.01.2006 - 12:45
Génial Photo, do kann een einfach naischt dergéint soen. All Respekt!
mmphotos 08.01.2006 - 01:23
Bewonneren des Foto all keier...an sin emmer rem erstaunt wei se mer gefaellt. Genial! Einfach topclosed_eye

P.S du hues bestemmt keng emfindlech hautclosed_eye
gloda
Nee, lo net méi, dat meescht dovun hänkt um Pesch.
Steve 08.01.2006 - 11:06
Also déi Foto ass einfach nemmen gudd.. :smile
Summergirl 08.01.2006 - 16:20
Déi Foto ass genial
Unicorn 09.01.2006 - 15:14
ech fannen dess foto einfach genial!
Beliichtung an den ausdrock, de bleck passen och einfa perfekt
rhconcept 12.01.2006 - 20:40
Genial! Hun och nach e ganze Paak där Neel, ma wir nët op sou eng Idee komm an da muss en och mol nach en Affer fannen, waat déi Gedold opbrëngt.
d'Resulat weist et, et war d'Méih an d'Zäit wert.
yoshi 12.01.2006 - 22:39
Hues de keng Foto wéi et ausgesait wous de d'neel erofgeholl hues? Oder ass déi ze bluddeg vir hei kenne gewisen ze gin tongue
gloda
Jo, et gouf déi Sauerei. Kuck op ménger Homepage an der Rubrik 'Gore'.
Nee, am Escht, dat war um 00h45. Ech hun nach eng Foto vun den Neel gemach an dun war ech einfach ze midd.
Lali 16.01.2006 - 20:15
fannen di iddi och génial... gif et da naicht soen na aaner ängscht ze fotographéiren? daat waer dach bestemmt intressant...
mee muss soen du hues dech nawell gudd amséiert... di foto faszinnéiert mech wiirklech...
gloda
Ech hun tatsächlech welles eng Serie ze machen. Bis dohin kanns de der jo mol di hei Galerie ukucken:
http://www.dpchallenge.com/portfolio.php?USER_ID=27845&collection_id=12132
Grommel 13.03.2006 - 20:36
Magneit verschleckt? closed_eye
dendan 22.03.2006 - 21:41
Einfach genial.. dorop muss ee molkommen ... fier de Rescht, perfekt emgesaat!!
patty 05.04.2006 - 22:12
also ech wollt eigentlech vill mei lang eppes bei des foto schreiwwen, mee iegentwei sin ech nie dozou komm, mee gal also d'foto gefällt mer immens gudd du hues der vill meih gin daat gesin ech! ech fannen dat et eng fantastesch idée ass! deng daischter aaen passen och gudd! Ech gin der eng 9 als vote!
Metti_Spaghetti 20.04.2006 - 20:46
Perfekt... do fehlt et un nait. Super cadreiert, scharf, extra d'idee ass genial... bon wat soll een mei soen... eng 10!
Jury 06.05.2006 - 14:09
Gléckwonsch, déng Foto ass vun eiser Jury als Topfoto gewielt gin.
depunkt 14.06.2006 - 19:40
eiei also mier perseinlech ech wees net fannen dei foto immens ausdrockfaeheg an och gut gelongen me iergendwei fannen ech se aellen well t geseit no peng aus kitt doass do net vill peng wor me awer oballlefall as awer eng gut foto all respekt
gloda 14.06.2006 - 22:32
D'Péng fir mech koum eréischt wi ech d'Neel nees erofgeholl hun smile D'Péng di am Bild ausgedréckt get berout op der Iddi, dass een deen net ugepaakt well gin, emmer fäerten muss dass dat awer geschitt. Doduerch dass en all di aner ausspärt spärt en sech selwer an.
Kotick 18.10.2008 - 15:33
och wann ech lo beweisen, datt ech gaanz lues sinn...
déi Foto gefällt mir immens stark. An eigenltech déi interpretatioun nach besser. wow
schnegge 05.08.2006 - 21:42
zupa foddo smile
joellchen 06.09.2006 - 13:54
ha, lo wees ech entlech mol ween hannert deenen neel do stecht bigsmile
Bailey 24.11.2006 - 20:48
Wat soll ech do nach soen. Einfach genial photo besser geet et net. Super kenschlerscht concept einfach nemmen schein. Hun awer eng fro wei krus du den hannergrond sou schwarz? All respekt.
gloda 24.11.2006 - 21:36
Den Hannergrond as wäit ewech, d'Luucht kënnt net bis dohin.
tourist 26.11.2006 - 12:54
Wow!!!!!! Ech mengen dat motivéiert fir sech méi ze ginn smile
Do as jo alles gesot ginn...

(Hues eng Allure vum Tom Cruise mam Bleck)
Olivier 26.11.2006 - 17:29
lol jo.... effektiv!! Gudd gesin...
l0ft-crim 05.03.2007 - 12:43
wow kann ech do nemmen soen! weida sou
Annick 09.05.2007 - 16:56
wow, wierklech top genial
paranormal 23.09.2007 - 17:19
mengen muss io nemei soen dat di foto gudd as...mee mat wat hues de dei neel do ugepaescht?
gloda 24.09.2007 - 00:51
Merci, lies einfach duerch d'Comments.
JuZi 22.10.2007 - 21:08
Hunn se grad erem gesinn, an fier mech eng funn deenen Beschten hei um Site
individualist69 14.01.2008 - 16:30
Daat as mol eng eenzegarteg Idee, zum Gleck sin d'Nael net emgedreihnt bigsmile
Tiptop!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 314 Gäscht online