Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Sirocco

 
Sirocco
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    12.11.2007
  • Gekuckt:
    17407
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    31
  • Beliichtungszäit:
    /
  • Blend:
    f/2.4
  • Brennwäit:
    85 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    464x700
  • Späicherplaz:
    159 KB
  • Originaldatum:
    ..12.11.2007
  • Fotoapparat:
    NIKON D2H
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Objeten an Still Life »» Am Studio  
Extras:
Stativ
Schoulbänk
Pol-Filter
Stiropor
...

Fir anzesetzen: [pg_img=23550]
Kommentar vum Fotograf:
D'ass gudd dat d'Schoul heinsdo besse fuedert... soss gif ech mer wascheinlech keng Zäit huelen su saache probéieren!
Aufgab wuar fir en Objet als Reklamm an Szene ze setzen.
Haat den Objet zwar schlussendlech doheem vergiess, mee gottseidank huet een jo emmer den Handy dabäi :)
Vu que dat et eng Serie ass kommen wascheinlech nach su Fotoen no.
Wär frou iwwer Kritik!
MarcGerard 12.11.2007 - 18:00

hallo, ich bin dagegen smile
bessi méi reflexiounen VIR am handy géifen net schueden. dee geet do esou enner ...

't iddi an 't faarwe si cool, mee séng form giff anecht einfach besser eraus kommen ....
klex 12.11.2007 - 18:04
D'reflexiounen sin mam Polfilter deelweis rausgeholl, net ganz awer, well da wär et ze däischter... di mat méi reflexioun si net gudd! Soll jo düsder gin, an ennen ass sws näischt intressantes bis op d'Akkulandelachclosed_eye di wu ee méi gesäit komme jo nach.
Merci smile
Focus 12.11.2007 - 18:01
deet mer leed ; käng Kritik; sin mol eng kéier wunschloos glücklick!
klex 12.11.2007 - 18:06
ah, ma daat ass jo och gudd smile merci!
gloda 12.11.2007 - 18:04
Ech mengen an Reklammen fir Technik probéieren se den ganzen Objet am Focusberäich ze hun. Soss as den Opbau gudd wells de Platz gelooss hues fir Text, mee vläit e bëssen zevill.
klex 12.11.2007 - 18:05
Richteg, mee desen handy gett net mam Argument Technik verkaaf! closed_eye
Merci smile
gloda 12.11.2007 - 18:42
Op wéieen Argument wars de dann aus? Wann et Design as brauchs de nach eppes méi am Bild wat dat eriwwerbréngt, dann as den Hannergrond ze niichter.
klex 12.11.2007 - 19:01
A wee seet daat?
Argument: Nokia mecht Reklamm mat Wieder ''simplicity, dark, mysterious'' denke schon dat daat passt. A an Iwweluedenen Hannergrond net onbedéngt.
gloda 12.11.2007 - 19:44
Wéi mengs de "wee set dat"? Et as einfach mäin Androck, méi net. Mee en iwwerluedenen Hannergrond as näischt Flottes, dat as wouer.
klex 12.11.2007 - 19:55
Ah ok, ech haat geduet daat wär rem sueng regel smile pardon
yoshi 12.11.2007 - 18:09
bessi mei lenks an dbild, ganz bessi closed_eye dann nach stepskären wechmaan an ganz liicht mei deiftenschärft an natierlech och enen ganz weineg mei hell, datt een erkennt wou den handy ophält closed_eye
mengen deen ronnen eck (faarwlechen ennerscheed am hannergrond) geif och besser ausgesin wann den handy bessi mei lenks am bild lait... smile
klex 12.11.2007 - 18:21
Ok, lo just nach d'Koordinaten vun de fehlerhafte Pixelen... closed_eye
yoshi 12.11.2007 - 20:48
coolalso riets iwwert der schreft an ennert dem handy sin mol 2 stepsflecken closed_eye daat sin dei 2 dei ech direkt gesin hun, soss ass et relativ propper geif ech mol su soen tongue
the_zipper 12.11.2007 - 18:21
ech fannen den logo kennt gudd raus waat vir eng reklamm wichteg ass. An weis de schon gesot hues, deen Modell do ass mei den Design wei Technick wichteg. Mir gefällt et. Just keint ennen rechts bessen mei Lucht sinn vir Form besser ze erkennen.
klex 12.11.2007 - 18:26
Daat ass dan souzesoen den Teaser an den Trailer kennt nach smile Merci fir däi kommentar!
Rolacro 12.11.2007 - 20:21
Hm, ech geing den handy mei ennen lenks an den eck setzen... an och bessen mei luucht, vlait eng gedämpften liischtquell vunn lenks ennen oder ueven... An ech hett lo vlait mi eng kleng blend geholl, fir den "objet" ganz knackscharf ze kreien, weis du deng fotoen och soss emmer hues! mengen dat ass wichteg fir eng reklamfoto den produit ganz ze gesin, quit dat een herno detailfotoen dovun mat enger schwacher deiftenschärft mecht...
Ansonsten gefellt mer deng fuerwen ganz gudd, su schein nokia farwen!
Mee wei geing dat ausgesin, wanns du am hannergrond nach eppes leien hess? zb nemmen en weist blat mat engem daischteren bic oder sou, just fir bessen ze fellen...
klex 12.11.2007 - 20:44
Hey smile merci fir däi Kommentar!

Ech well net emmer nemme konteren, mee kuck mol waat ech dem Gloda geäntwert hun...
Ech well och net behaapten dat daat net gudd ass waat der soot, mee genau daat hätt deser Foto alles geholl waat se huet, d'Stemmung. An den Handy net als daat duergestallt waat en ass...an als waat Nokia en Vermaarkt.

An dest soll och net als Produktfoto geduet sin fir op nokia.de fir an d'Galleri tescht aaneren 100 handyen. Do mecht een aanerer. (Di maachen ech och nach)
Si soll éichter si fir e firzestellen, an engem Loscht ze maachen en ganz wellen ze gesinn oder z.B fir als Cover vun der Broschür di och am Paack emmer mat draläit... a wann een do well alles genau gesinn da kuckt een den handy an net d'Foto smile (su ähnlech Biller sin nemlech do och dran)

Hätt dat fläit a mengem Auteur Kommentar méi genau sollen erklären firwaat genau ech se sou gemat hun, mee bon, lo steet et jo hei smile

Ahjo, an ech huelen zimmlech selten eng kleng Blend an hun och wéineg Fotoen wu alles schaarf ass well ech gär mat der Déifenonschärft spillen... Net dat ech nie eng huelen, mee wann dann do wou ech mengen dat et néideg ass...
gloda 12.11.2007 - 20:56
Ah, ah, als Deel oder Cover vun enger Broschür oder enger Gebrauchsanweisung mecht déi Foto effektiv vill méi Sënn wéi als "normal" Reklamm, an deem Fall as se tiptop esou wéi se as.
yoshi 12.11.2007 - 21:01
trotzdem keint se bessi mei no lenks gereckelt sin closed_eye
gloda 12.11.2007 - 21:14
...wéi den Geck un de Béngel tongue
yoshi 12.11.2007 - 21:19
smile den lex brauch daat tongue
klex 12.11.2007 - 21:20
jo genau, sou Saachen hellefe mer nemlech onwascheinlech vill weider!
Rolacro 12.11.2007 - 22:14
"Si soll éichter si fir e firzestellen, an engem Loscht ze maachen en ganz wellen ze gesinn oder z.B fir als Cover vun der Broschür di och am Paack emmer mat draläit... a wann een do well alles genau gesinn da kuckt een den handy an net d'Foto smile (su ähnlech Biller sin nemlech do och dran)"
Do hues du et voll getraff!
Also jo, ennen lenks bigsmile

yoshi 12.11.2007 - 20:51
mir gefällt den toun fun der foto awa ganz gudd cool
klex 12.11.2007 - 21:05
Secher net nach e ganz besse méi kontrast an de metteltéin vum blokanal? tongue
yoshi 12.11.2007 - 21:19
nee daat ass daat eenzegt gudd coolmaan den geck... closed_eye
Trigger 13.11.2007 - 09:10
alles schéin a gudd, flott Foto, mais wéi steet ët mat den Rechter déis de hues fir vun Nokia eng Pub ze maan? Daat as daat hei jo offensichtlëch!
marischen 13.11.2007 - 10:04
Nokia kann sech nemmen driwer freen giff ech soen...
klex 13.11.2007 - 13:08
Ech maache jo keng Suen domat, dann ass jo näischt dabäi...? smile
Suwisou bezweifelen ech dat Nokia hei ennerwee ass closed_eye
Merci
n0brein 14.11.2007 - 23:27
palim palim
mjo ass ganz uerdentlech, de gesamtformat ass just flait e bessen ze längelzech, uewen e puer pixlen manner, ee mi groussen schierm an mei funktiounen an ech kaafe mer den handyclosed_eye
klex 15.11.2007 - 13:56
De Nofolger soll mi anscheinend mi e grousse schiirm kréien! Mee wann et sou ausgesäit wi gemunkelt gett :-S Hoffe net...
Merci smile Schneiden uewen och wascheinlech nach e ganz bessen oof.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
2 Benotzer an 607 Gäscht online