Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Leoni...2nd...

 
Leoni...2nd...
Lizenz ënnert daer d'Foto steet:
GNU Free Documentation License
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    24.09.2007
  • Gekuckt:
    26035
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    39
  • Beliichtungszäit:
    1/250
  • Blend:
    f/10
  • Brennwäit:
    18 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1200x800
  • Späicherplaz:
    264 KB
  • Originaldatum:
    28.07.2007
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 400D DIGITAL
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Bewegung »» Fortbewegungsmëttel  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=22339]
Kommentar vum Fotograf:
Hei eng aaner perspective....


mee ech mengen dei heiten fann dir guer net gut ? vlait ass den auto net genuch riets ?

OK-Photography 24.09.2007 - 22:09
hehecool mengn Maggele giff soen 'das blau und das gelb' closed_eye
mir gefaalen dFaarwen o...och wann ech niks fir Autoen am algemengen iwresch hun...
as awa eng flott kuliss...wou basde do?closed_eye
ps: do huet sech na een stöpsfläkk uewen lenks ageschlach...closed_eye
Ziggy_x 24.09.2007 - 22:21
ma do sin ech zu penich an portugal...bei lissabon...wierklech un da spetzt...bigsmile


mhh deen klengen fleck hun ech gesin...mee deen gesait een wierklech nemmen een ganz bessi hei hihi....aaner fotoen hune ch retoucheiert...

JADE 24.09.2007 - 22:25
e ... e ... e ...

Penich...e

closed_eye cheers

wees du waat een och nach kéint machen? ... next Kéier d'Spueren vun den Pneu'en weg machen ... géing ech gutt fannen ... wann och nët realistesch ... closed_eye
OK-Photography 24.09.2007 - 22:27
hEhEhE bigsmilebigsmile
okay!gesait schein sonnesch aus! closed_eye
JADE 24.09.2007 - 22:28
ass ganz schéin do ... ganz flott, rieseg Plagen ... matt Muschelen (klenger zwar) ... smile
Ziggy_x 24.09.2007 - 22:30
Su ech mengen do waren et em dei 37 graad wei ech dei foto mettes um 4 gema hun...ai....dei schein vakanz...geing direkt rem dohinna fueren hihi...
Ziggy_x 24.09.2007 - 22:29
Mee sou gesait daat net su professionnell aus hehe...soss mengt een ech haet do een kran gehaat... keng ahnung keint ech mol weg retoucheiren an kuken waat daat get...
JADE 24.09.2007 - 22:33
also ech hun "sur place" gemengt ... nët mam PS ... smile
Ziggy_x 24.09.2007 - 22:35
Hehe...wanns de ma d suen ges...bigsmile gin ech direkt testen....


PS war optioun hihi
Johny 24.09.2007 - 22:12
Sou schlecht fannen ech se guer net, well se hei net drop ausgeluecht ass fir vill Waasser ze gesinn, mee einfach eng Kompositioun vun 3 Haaptelementer.

2nd ass et iwwregens, net 2th closed_eye (second fir zweet)
Kwitchibo 24.09.2007 - 22:14
Relax
cyber 25.09.2007 - 09:14
deleted by admin
yannhellers 25.09.2007 - 09:35
mir schwetzen dach iwwert foto an net iwwert den auto?
cyber 25.09.2007 - 11:36
deleted by admin
OK-Photography 25.09.2007 - 12:26
bigsmile! an dann na mat NIKON geknipst oder? igalwaaaaat LOOOL XD
Ziggy_x 25.09.2007 - 12:31
Jeje do kann een nemmen den kapp resslen...wan den audi drop waer waer d foto mei schein ?

daat beweisst dat du keng idi hues am kapp....an deen stenknormal otoverbraucher bass mat gris metalisé....

mee bon loos ma et alt sin....
cyber 25.09.2007 - 13:41
deleted by admin
Johny 25.09.2007 - 14:18
So waat soll daat hei? Sou eppes wëll ech net hei gesinn! "Ech hätt mer daat do 3x kënne kafen" sou à la "Ech sinn e bessere Mënsch wéis du".

Dofu mol oofgesinn, dass et absolut net an der Rei ass sou eppes vu sech ze ginn geet et, wéi de yann soot, em d'Foto net drëm wéieen Auto drop ass. Daat eenzegt waat hei mam Auto ze dinn huet AN der Foto ass seng Faarw. A wanns de géifs e sëlweren Audi dohin setzen wär d'Foto e gutt Stéck manner interessant. (nach laang net schlecht mee och secher net besser)
cyber 25.09.2007 - 16:08
deleted by admin
Johny 25.09.2007 - 16:13
Hues de net. Du hues behaapt d'Foto wir besser wann en aneren Auto drop wir, an dann nach derbäi eben de Kommentar "lol waats du do spacks, hät mer dein auto 3 mol kinnten kaafen!", looss daat einfach sinn.
cyber 25.09.2007 - 16:22
deleted by admin
Johny 25.09.2007 - 16:25
Ma an? En aneren Auto huet guer näicht domat ze dinn ob d'Foto besser ass an daat anert ass niveaulos, ze soen du häss der den Auto 3x kéinte kafen.

(dobäi wetten ech wees de mol net waat en Leon kascht, ouni et lo nozesichen am léiwen Google)

Wann ech 5 joer méi jonk wir kéint ech dech och froen "waat spacks du do".
cyber 25.09.2007 - 17:05
deleted by admin
Ziggy_x 25.09.2007 - 21:05
JEJE....waat hus du problemer...ech kennen just een deen da hellefen kann...bigsmile den psy...hihi
Johny 25.09.2007 - 21:49
Wee mengt dee wees näicht.

Ech wees op jiddefall, dass sou wéis du geschriwwen hues, net dengem Alter entsprecht an, dass daat waats de vun der gëss hei guer net vill Niveau huet. An genee daat géif ech an denger Plaz an nächster Zäit si loossen!
Garry 26.09.2007 - 01:02
/removed/
Kwitchibo 26.09.2007 - 11:49
voila Garry du hues et op den PUNKT bruecht!!!!
Ziggy_x 26.09.2007 - 12:21
Mhh do huet een den punkt op den i gesaat...oda bessa gesoot den nol op den kapp getraff hehe...bigsmile
Pelz 26.09.2007 - 13:36
@cyber: WTF?! Du schengs en Opfer vun der materialistescher Gesellschaft ze sin an doriwwer eräus nach komplexéiert, dass de hei muss téinen, dier 3 Leon'en kennen ze kaafen!
Du kanns engem Leed doen
Daat heiten ass en Site fier seng Foto'en an net säin Porte-feuille äuszestellen! Begrenz dech also w.e.g. op t'kommentéieren vun den jeeweilegen Foto'en.
Merci.
TBC...
Johny 26.09.2007 - 14:59
De cyber huet lo gemengt e misst seng Kommentarer selwer éditéiren an "deleted by admin" draschreiwen, vun eis war keen et (soss wiren d'Kommentarer ganz fort an et géif ee guer näicht méi gesinn).

De Grond dofir, do däerf jiddree sech seng Meenung maachen.

@Ziggy: Et deed mer leed dass sou en Zodi bei denger Foto entstanen ass.
Ziggy_x 26.09.2007 - 20:37
Ohh ma da keng suergen...ech maan mir do keng suergen...mat sou leid hun ech just matleed...bigsmile

mee merci awa.... smile sympatesch....

an elo rem zur foto hehe...get et do nix mei zesoen ?
Kwitchibo 26.09.2007 - 20:48
DO AS EEN FLECK LENKS UEWEN AM HIMMEL ....
OK-Photography 26.09.2007 - 21:20
XD cool
Ziggy_x 26.09.2007 - 22:27
et war eng mustik dei do gejummt war... =P

Johny 26.09.2007 - 23:47
Ech fir mäin Deel hun jo schonn e Statement zur Foto oofginn ann wees och elo näicht neies smile
annemie 27.09.2007 - 00:41
E kräftecht blo, an en kräftecht giel, lecker!!! D'Landschaft fannen ech....wow....an iwerhapt den Opbau gefällt mer smile D'Rumm passt iwregens och smile
Ech gratuléiren: du hues eng "Autofoto" faerdech bruet di suguer maer net-Freak gefällt *lol*

p.s.: verschidden Saachen laafen lusch op der Welt ;))
cheers smile
(schneller Schlumpf...haat se radikal verpasst :( )
Ziggy_x 27.09.2007 - 12:18
Merci Merci...bigsmile

hehe dat ech dech sou iwerzeegt hun ass jo schon baal een schlumpfwonner hihi...bigsmile
annemie 27.09.2007 - 17:36
richtiiiiiiiiiiiiiig closed_eye *ggg*
Ziggy_x 27.09.2007 - 17:37
waat haels de vun deenen aaneren dei ech rop gelueden hun geing mech elo zwar och intresseieren

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 405 Gäscht online