Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

From Mars??

 
From Mars??
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    07.09.2007
  • Gekuckt:
    29524
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    6
  • Beliichtungszäit:
    1/160
  • Blend:
    f/9
  • Brennwäit:
    55 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    320x480
  • Späicherplaz:
    109 KB
  • Originaldatum:
    2007:05:04 16:17:07
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 400D DIGITAL
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Kleng Kanner
2. Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=21759]
Kommentar vum Fotograf:
Dest ass eng Foto dei ech am Kader vun engem humanitären Convoi a Waissrussland opgeholl hunn. De Bléck vun deem Meedchen huet mech immens beréiert. Wahrscheinlech di eischte Kéier a séngem Liewen datt et Seissegkeete kritt huet. Di puer Minute wou ech dat Meedche gesinn hunn woar sai Gesiicht een Ausrufezeichen. Wei wa mier vun engem aanere Stär kéimen. Duerfier och den Titel
Shantideva 09.09.2007 - 20:42
Ech fannen daat Gesiicht ass ergréifend. Qualitativ gesin ass zwar neischt ganz spezielles drun, awer ech mengen daat wolls du deen Moment och net ereechen. Se dreckt awer daat aus, waats du heimat weisen wolls. Se hätt och gudd an d'Kategorie "Doku an Reportage" gepasst.
Knipsert 10.09.2007 - 13:48
Nee, e fotografescht Meeschterwierk ass et bestemmt net, mee ech geif mer och schlecht fierkommen fier di Leit "tongueoséieren" ze loossen bis ech meng Astellungen färdeg hunn besonnesch wou ech e bluddegen Ufänger sinn. Mee dat woar och net de Senn, an net méiglech duerch den Zaitdrock ennert deem mer stinn, wa mer do sinn. Ech hu nach en etlech sou Fotoen di qualitativ net besonnesch sinn. Mee di Gesiichtsausdréck!!! Mee dat schéings du jo och ze kennen, ech hunn déng Foto "Compassion" gesinn an dai Kommentar sprecht mer aus der Seil. Bass de och humanitär aktiv? Merci fier dai Kommentar. smile
Klot 25.12.2007 - 13:31
Net schlecht, wierklech net schlecht.
Roxane 09.05.2008 - 21:59
Gefällt mir gudd !

Ass vleit elo net dei Profi Foto mee soueppes hunch och net wellch et net kann smile
mee d'Foto huet einfach eppes dei ganz Geschicht dei een mengt missten aus denen Aaen ze liersen an wei et sein Schokola ( ?? ) unhellt einfach Leiw an dann deen Rack herzlech smile

Fannen se total Leiw smile
Poly 14.10.2009 - 20:29
hmm dei doen joffer hunn ech net begéint closed_eye
Knipsert 15.10.2009 - 08:43
Jo et ass komplizéiert dohannen d'Haiser all erem ze fannen. Wann et deemols net zoufälleg op der Strooss gewierscht wier, hätte mer et wahrscheinlech och net begéingt. Mee ech denke gaer un dei Begeignung zréck matt enger Trein am Ae, wann ech un seng Zukunft denken, an dann hues de selwer sou e klengen Debbes, an denken un deem seng.... Du versteess.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 338 Gäscht online