Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Nathalie & Amadio

 
Nathalie & Amadio
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    02.07.2007
  • Gekuckt:
    34416
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    6
  • Beliichtungszäit:
    1/3200
  • Blend:
    f/1.8
  • Brennwäit:
    50 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    533x800
  • Späicherplaz:
    114 KB
  • Originaldatum:
    2007:06:16 18:09:16
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 350D DIGITAL
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Misc  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=19778]
Kommentar vum Fotograf:
D'Nathalie an den Amadio hun sech den 16. Juni bestued. D'Fotoen hun mer zu Esch gemach.
Méi Fotoen fannt der op méngem Site.
Méng Erfahrungen hun ech an den Forum geschriwwen.
spako 03.07.2007 - 15:59
Hmm.. also ech wees net ... mir gefaellt dei heite lo net sou besonnesch ... den Rack ass mir eng Gretz zevill Iwwerbeliicht an emt de Kapp vun dem Amadio wees ech net waats de gemaach hues mee et gesait aus wei wanns du en opgepescht haess, respektiv just d'Kaepp mat mei Kontrast verschafft haess... d'Perspektiv u sech gefaellt mer ..
Mano 08.07.2007 - 23:09
hm ech fannen se super schein!
Hat se schon an denger show vun den hochzeitsfotoen do gesin, mee ch wosst guer net
dass dei schein foto hei och online wier smile
GrAl 09.07.2007 - 10:20
Den Cadrage, d'Téinung an d'Iddi fannen ech ganz gelongen. Wat mech elo stéiert ass, datt hier Gesiichter ze däischter sin... naja, net direkt ze däischter me et sin mer zevill daischter Schiedter dran an em den Amadio ass sou en "Hellegeschain" den mer guer net gefällt.
Mojoo 09.07.2007 - 22:39
Deng Approche war gudd, well deng gewielten Perspektiv versetzt d'Brautpuer an eng flott Ambiance, dei dann awer duerch deng schlecht Veraarbeschtung zerstéiert gëtt.

D'Bildstëmmung, also deng Faarwtéinung ass richteg flott. D'Vignettéierung passt och super. Deng gewielten Scene, also och d'gewielten Réimlechgkeet ass spannend an trotzdeem berouegend. D'Haltung vum Nathalie & Amadio ass schéin.

Dei flott Harmonie dei ansësch schéin hätt kënnen am Gesamtbild dominéieren gëtt dann awer schon doduerch zerstéiert dass du net 100% zentral ob der Bréck fotograféiert hues mee zevill lenks. Dat war awer vielleicht och net aanescht méiglech oder huet net gudd ausgesin, denken schon dass du wosst waats de mëss an firwaat.

D'Veraarbeschtung ass - erlaab mer - fir deng Verhältnisser miserabel. Dat kanns du besser! Et gouff schon zwee Mol ugeschriwwen: D'Gesiichter an d'Kierperen sin emgin vun enger heller Kontur, waat wiirklech net schéin an och net natiirlech ausgesäit. Kënnt warscheinlech duerch Nooschärfen oder Ähnleches. Dem Nathalie säin Gesiicht ass relativ ausgefriess, seng Aaen sin nemmen nach schwaarz Lächer, woubäi dem Amadio seng Aaen ganz zou ze schengen sin. Dem Nathalie säin Laachen gesäit ob der Foto net éierlech aus an derbäi kennt och nach deen zevill hellen Rack, deen zwar schon een zentralen Bléckpunkt sollt sin, mee net graad esou krass.

Ech perséinlech fannen dass den Haaptpersonnagen hier Téinung sech ze vill un hier Emgéigend unpasst (oder emgedréint), woumadd ech haaptsächlech d'Gesiicht- an d'Kierpertéinung mengen.

Vielleicht ass et och hei: Weniger ist mehr.

Ech hun mir den Räscht vun den Fotoën natiirlech ugekuckt an mussen soen: iwwerwältegend. Wiirklech immens. Ech wär stolz esou Fotoën kéinten vun menger Hochzäit kennen fiirzewéisen. Ech mengen du hues däin Déngscht zu 99,9% erfëllt (Perfektionnismus nervt).
gloda 09.07.2007 - 23:31
Merci Mojoo, mat déngem Kommentar kann ech eppes ufänken. Wann ech an zwou Wochen vum Camp erëm sin beschäftegen ech mech nach emol mat der Foto. Mol kucken ob ech nach méi draus eraus kréien.
D'Perspektiv kann ech leider net méi änneren, wéi ech d'Gelegenheet gesin hun hun ech mech direkt den laangen Wee op den Buedem geheit (den Paltong as an der Botz.)
Johny 10.07.2007 - 12:00
Also ech haat jo geschriwwen am MSN dass des mer mega gutt geif gefalen. Waat mer elo am groussen awer vill mei opfällt ass den helle Schäin rondrem sie zwee, den jo och schonn ugesprach ginn ass, daat stéiert mech elo awer.

Wei de Mojoo awer soot, Téinung an d'Vignettéirung passen awer immens gutt.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 393 Gäscht online