ech schleissen mech dem Kleent un! ech fannen och keng Wierder fir ze beschreiwen waat mer sou besonnesch heirunner gefaellt! Ob alle Fall gudd gemaach...ech haett vlait just e gaaaanz e bessi mei Plaaz iwwert dem Kapp geloss
Ech verschtin den Titel am Rapport zur Foto net, wat awer unsëch net weider schlëmm ass .
Ob den 1. Blëck haat ech dei nämmlecht Gedanken wei d'Kleent an d'spako. Noo wéiderem Analyséieren sprëcht mech d'Foto awer netmei graad esou un. Ech fannen d'Foto en bëssen ze simplistësch, ech hätt mer zum Beispill gewënscht dass een och d'Konturen vun den Knéien an/oder den Been erkennt.
D'Pose vum Personnage erschengt esou, wei een se do gesäit, relativ onlogesch. Hällt den Personnage eppes an senger rietser Hand oder weieng Beweegung erkennt een do? Esou "schwierft" den Aarm einfach an der Loft ouni richteg Referenz. D'Onschärft am Gesiicht war jo sëcherlech express, wat mer ansëch och gefällt. En bëssen mei Fräiraum iwwert dem Kapp, wei d'spako well geschriwwen huet, hätt sech secherlech och nach positiv ausgewierkt.
B&W ergëtt eng immens flott Stëmmung hei, dei natiirlech och nach duerch dei flott Luchtspilleréi accentuéiert gëtt.