Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

D'Narb

 
D'Narb
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    29.04.2007
  • Gekuckt:
    29521
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    27
  • Beliichtungszäit:
    1/1000
  • Blend:
    f/2.8
  • Brennwäit:
    60 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x604
  • Späicherplaz:
    269 KB
  • Originaldatum:
    2007:04:28 10:31:29
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 400D DIGITAL
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Makro
2. Kategorie: Natur »» Blummen
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=17680]
Kommentar vum Fotograf:
vun enger Rhododendron-Bléi.
Surf-republican 29.04.2007 - 22:06
also dei...dei foto...also wierklech...nee lo mol eierlech...dei foto...daat kanns du dach...awer...awer...awer...
dei ass den Hammer...ech fannen dei sou schein! sou schein knackeg scharf op dem weiblechen vum bild fir et erfier ze hiewen...an dann dei untertäneg männlech pollenstengelen do...sou gekremmt an onscharf...meega!!

just eppes hätt ech enner emstänn ze bemängelen...den cadrage...riets ass mer en bessen zevill eidel plaatz...-1 punkt
mee wei gesoot...wonnerschein foto!!
yoshi 29.04.2007 - 22:43
immens foto dat doten smile flott deiften(on)schärft. faarwen sin o an der reih smile
dei eenzeg kleng kritik dei ech lo mol ofgin ass den cadrage, den sujet flitt an der geigend rem. geif ennen en steck ofschneiden, an wann meiglech daat ganz bild ganz bessi no riets, also dass d'bild mei riets am cadrage lait, awa nemmen e bessen, et ass nämlech gudd dass riets mei plaaz ass wei lenks awer et e bessi zevill. gudd geschafft smile
spako 29.04.2007 - 22:54
wiirklech super! mir gefaellt de cadrage gudd sou wei en ass .. flott Spill mat der Schaerft! mol eng "aaner" Blumme Foto!
Paukl 29.04.2007 - 22:56
Mega flotten Makro Kann mech denen aanern just uschleissen...hun hei naischt ze mekkeren.
Olivier 29.04.2007 - 23:02
Genial!
paikea 30.04.2007 - 02:12
excellent.
10/10.
galileo 30.04.2007 - 07:46
Merci villmols @ alleguer - iwwer esou eng Reaktioun freet een sech closed_eye
ChLo 30.04.2007 - 09:50
Ganz schéin Photo, och d'Rumm passt hei gudd.
amBesch 30.04.2007 - 10:07
Ka mech denen aneren nëmmen uschléissen: 1A!
galileo 30.04.2007 - 18:58
oha - fir Topfoto firgeschlo....Merci....majo da sin ech mol gespaant wat de Rescht dozou mengt !
galileo 02.05.2007 - 08:26
Mmmh leider keng offiziell Topfoto.......sécherlech affaire de goût.
JADE 30.04.2007 - 20:30
wanns du mir sees waat den Titel bedeit ...
dann soen ech dir och waat ech vun der Foto haalen ... tongue
Surf-republican 30.04.2007 - 20:46
Eng Narb ass deen Weiblechen deel vun enger Planz...dei den Pollen empfängt an dorauser dann d'fruucht fir eng speider nei Planz ze maachen
JADE 30.04.2007 - 20:48
lol ... ech kann awer nach e puer Saachen bäiléieren ...
hmmmmm ... an wou an mengem Gehier hun ech meng Bio dann vertesselt ???... unhappy))))

MERCIIIIIIII ...
Surf-republican 30.04.2007 - 21:01
lol ech hun mech och missen unstrengenclosed_eye daat ass vun 7ieme...an ech sin op 3ieme...ass na net sou laang hier wei bei dir...vun dohier bass de entschellegt :p
JADE 30.04.2007 - 21:03
"... ass na net sou laang hier wei bei dir..." ... unhappy(( ...
wéi dann??? ...
ech sin dach (eréicht) den 23.6. op d'Welt komm !! ... oder wéi rechens du?
Surf-republican 30.04.2007 - 21:20
ehm...moment...lo gin ech emmer mei duercherneen! lo pass op waats de sees...eiers de weider fiers...well soss gett et nemmen schlemmer!
JADE 30.04.2007 - 21:24
??? wéi ???

ma kuck ... ass ganz einfach ... du bass vum Mee-Mount ... an ech vum Juni ... also bass du méi aal wéi ech ... noutgedrongen ! ... ass awer nët schlëmm ... smile))
Surf-republican 30.04.2007 - 21:36
ahsou?? weieen joer bass du dann gebuer?
JADE 30.04.2007 - 21:39
pfffffffffffffffffffffffffffffff ... majo am Juni!!! ... closed_eye))
galileo 01.05.2007 - 01:03
Do ass e kuerz mol fort.....an da gët ënnert engem senger Foto vläissech gechatt tongue

Merci @Surf-Republican fir déi detailléiert Erklärungen zum Titel.

An, Jade, waat häls de dann elo vun der Foto ? Däin avis géif mech trotzdem interresséieren closed_eye
JADE 02.05.2007 - 10:07
gëff mir nach e bessi Zäit ...
sin am Moment total ... out of words ...

mais ... ça va viendre ... ech hoffen ...
OK-Photography 30.04.2007 - 23:57
boah!scheenial arbescht mat der deiftenschärft!an super bannengielbeige farwtoun do dran...zimlech speziell mee passt supergutt!
gefellt mer wierklech immes gudd!!
galileo 01.05.2007 - 01:03
Merci !
Jean-Jos 01.05.2007 - 00:39
herrlech!
galileo 01.05.2007 - 01:04
Freet mech, wa se gefällt.
svenia 09.05.2007 - 23:04
Eng wierklech immens zart Wierkung... smile ganz douce... wonnerschéin...

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
2 Benotzer an 610 Gäscht online