Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Anachronism

 
Anachronism
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    31.03.2007
  • Gekuckt:
    22930
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    11
  • Beliichtungszäit:
    1/60
  • Blend:
    f/1,8
  • Brennwäit:
    50 mm
  • ISO:
    1600
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    640x426
  • Späicherplaz:
    131 KB
  • Originaldatum:
    März 2007
  • Fotoapparat:
    EOS 350D
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Männer / Jongen  
Extras:
Kostüm, Waff, e bëssi Bulli am Gesiit.

Fir anzesetzen: [pg_img=16604]
Kommentar vum Fotograf:
Dës Foto as fir en Concours 'Anachronism', den Titel an deem Concours as 'Unfair Advantage'. Den Oliver Patrick, deen just vis-à-vis vun mer wunnt, as mat mer an d'Kathedral gang. D'Rüstung an d'Waff krut ech vum Ed Bracher geléint kritt.

Tipps? Ech hun nach Zäit drun ze schaffen, an ech sin dës Kéier net grad sou limitéiert vun den Regelen.
Focus 31.03.2007 - 04:14
Foto as immens gudd gin; besonesch den Obbau deen jo net logesch as wäll den Type aus dem Bild eraus kukkt /get dem Bild eng immens dynamic.
Ech hun leider réicht zimlech spéit gesin das et sech em eng Rüstung handelt; d.h. den Metalldress kéint gratsougudd en Wollpulover sin. Flait nach méi kloer an den "Passé" setzen. Ech färten das Leit déi oofstëmmen sech net genuch Zait huelen fir rauszefannen wou genau den Anachronismus as. Bei engem Jury häs de deen Probleem net.
En Schalldämpfer op der Waff géif den Kontrast flait nach verstärken. Hat och un en Sonnebrëll geduercht mä den Oliver kukkt dofir ze gudd. Eventuel nach en Orstëtonguesel mat Kabel (?)

Fir mech TOP Bild an Super Titel.
GrAl 31.03.2007 - 08:19
Wann ech d'Foto kucken ouni den Titel an ouni däin Kommentar, gesin ech en Typ mat enger Waff, den iergendwou an engem alen Gebei mat enger fatzeger Jacket stet...

Bon, wéi den Focus schons sot, et kinnt grad esougudd en Wollpullover sin an d'Jacket kinnt grad esougudd vun iergendengem Designer sin. Trotzdem hun ech direkt un Filmer ewéi MadMax, waterworld, highlander an esou geduecht, schlecht kann d'Emsetzung vum Thema also net sin smile

Wat ech soen wëll, an do gin ech dem Focus recht, et gesäit en den Anachronismus net direkt (wat vläit och grad gudd ass)
En ipod an Ouer ass zwar eng Iddi (immens Iddi Focus) me d'Foto ass schons gemet. Ech denken net, datt dat nach machbar wir.

Dovunner mol oofgesin ass den Opbau, d'Pose, den cadrage an d'Beliichtung super!
pa 31.03.2007 - 10:29
Datt et kee Pullover, mee e Kettenhiem ass, wor mer och net direkt opgefall. Soss awer net schlecht.

Wat mech e bessen irritéiert huet, ass di Sail ganz lénks. Optesch gesin, stëcht se net genuch vun der Sail of, firun där hie steet. Ech duecht, et wir di nämlecht Sail a wor zimlech irritéiert, datt säin Aarm (de rietsen ouni Waff) sou komesch oofgeschnidden wirkt. Ech hun eng kléng Éiwegkeet gebraucht, fir ze mierken, datt dat eng aaner Sail ass, di den Aarm iwwerdéckt.
TomEwert 31.03.2007 - 22:41
ganz gudd beliichtung ... flott an szene gesat ... schein composition
Tiramisu 01.04.2007 - 14:55
/removed/
JADE 01.04.2007 - 18:30
wierklech immens Foto ... wéi wann een virun him géing stoen ... oder am Kino
ech hun zwar och eng Zäitchen iwerluecht waat den Message wier, mee well ech den Gun nët direkt erkannt hun ... duerno awer : jo, jo ... tiptop

du wëlls Verbesserungsvirschléi? ... ët schéngt mir wéi wann den Oliver méi knaschteg am Gesiit misst sin, an manner gutt "koifféiert" (fir d'Epoche duerzestellen, ech denken do nämlech och un den Film "Les visiteurs"closed_eye ... mee dofir ass ët wuel ze spéit ...

deng Idee fannen ech awer wierklech immens ... an ganz gutt fotographéiert (Beliichtung, Kompositioun, Cadrage)
gloda 01.04.2007 - 21:49
Do hues de wuel Recht, hien huet sech d'Gesiit zwar mat Bulli ageriwwen, awer net genuch, vläit kann ech um Computer nach en bëssen nohëllefen, mee do kommen ech un d'Limite vun den Regelen vum Concours.
D'Hoer hun mir amfong gudd esou fonnt.
annemie 03.04.2007 - 01:32
Puh bei deem Titel kommen Erënerungen op... cool ;D Also maer as duerch d'foto d'definitioun erem agefall...sou schlecht ka se net sin :-P
Ok, let's get serious! Ech fannen se ansech ganz gudd esou, d'Kettenhierm an den Revolver an sain Bléck an alles...wierklech gudd.
Mee iergendwei keint sai Kostüm (also di "Jakett" wu nach iwwer dem Kettenhierm as) bessen manner nei ausgesin an heen bessen mei "zerzaust" oder sou... Mee en kuckt genee richteg dran. wei's de scho sees geng bessen mei bulli net wierklech schueden. But, GlodA, well done anyway closed_eye
Focus 03.04.2007 - 10:09
Haltung vum Oliver as SOU Immens!
Focus 10.04.2007 - 10:25
Gratuléieren fir déi excellenten 6 Plaatz vun 92!!
gloda 10.04.2007 - 11:42
Hehe, merci smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 480 Gäscht online