Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

verschidden awer d'selwescht

 
verschidden awer d'selwescht
Lizenz ënnert daer d'Foto steet:
Fräie Gebrauch op der Wikipedia, ënnert der Conditioun datt den Numm vum Auteur ugi g�tt.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    30.12.2006
  • Gekuckt:
    18140
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    6
  • Beliichtungszäit:
    1/60
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    55 mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    722x480
  • Späicherplaz:
    87 KB
  • Originaldatum:
    2006:12:23 20:41:48
  • Fotoapparat:
    NIKON D50
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Expressioun  
Extras:
ein bissel Photoshop

Fir anzesetzen: [pg_img=13240]
Kommentar vum Fotograf:
Also fir d'eicht well ech mol soen, dass ech nodems ech meng Nikon kritt hun, se ausprobeiert hun an nach net mat dem Buch do ferdeg war, also d'Beschreiwung an d'Funktiounen. Daat heiten war den zweeten Daag. Ech hun et einfach ausprobeiert, d'as awer lo keen Schnappschuss!

Waat ech domat well symboliseieren as mer henno zwar reicht richteg bewosst gin. An zwar as et sou d'Neelläck sin all d'selwescht an der Form just all verschidden Farwen wei een mirkt. Et as sou eng Art "All d'selwescht all verschidden" oder och emgedreint ;)


D'as lo warscheinlech net den Gout vun jidderengem, mais et soll einfach eppes ausmaachen!

Hoffen dir verstidd mech awer.

An wel lo mol wessen wat dir vun der Foto haalt. Zumols fir mein eichten Versuch.
ApplEric 31.12.2006 - 12:12
Ech hun d'Gefill wei wann se no lenks kippe giff. Ansonsten ass d'foto relativ flott, scho leng vun de faarwen. Och wann ech fannen datt een einfachen buedem ouni tapis nach besser gewierscht wirr. Also einfach en weisst blaat op de schreifdesch, a schon hudd een e weissen ennergrond.
Soss hun ech eigentlech net vill ze soen, wei: Ech waarden op weider Fotoen matt denger neier D50.
LaaChkiChelChen 31.12.2006 - 12:20
Hehe, jo stemmt se kippt och no lenks. Daat as well ech keng Meigelegkeet haat fir den Fotoaparat opzesetzen. Haat denmols nach keen Stativ an meng Kummer as kleng, an do hunch missen jo improviseieren. Och daat mat dem Hannergrond, also den "weissen Tappis" daat war eigentlech een Buedduch smile

Hun einfach naicht fonnt, waat ech keint drenner maachen. Haat nemmen oranges oder soss eppes. Haat et mat enger schwarzer Jupe probeiert mais daat hut d'Foto eben donkel an och net mei sou schein gemaach. Wei gesoot Improvisatioun smile

Mais wert dat lo och änneren, an kuken sou Leindicher oder soss eppes ze fannen fir wann ech nees eng Keier sou eppes an der Art fotographeieren. Mais merci fir dein Kommentar smile
klengtfierkel 31.12.2006 - 12:14
d'faarwen si ganz flott (; ...
mee ech hätt den neelack su gedréint d'ass een keng schrëft erkenne man
den groen hannergrond mëscht d'saach bessi "traureg" .. fannen ech ..
an dat duuch .. doriwwer kan en diskutéiren tongue
d'schéngt ma och wi wan d'neelacksdeppcher net riit ginge leihen .. oder dfoto kromm ass tongue ... an ech perséinlech hätt uewen net su vill plaatz tescht dem giellen zipie an dem hannergrond geloos .. mee do mescht jiddren wi e well smile
mee d'wor jo just e versuuch .. den 2. get besser tongue da wess de jo och schon wi's de dech besser uléhe kanns bigsmile
LaaChkiChelChen 31.12.2006 - 12:23
Merci smile

Et war eigentlech een weisst Buedduch smile Du hues Recht dass d'Neelläck net riicht leien, wei gesoot as bessen schweier do ouni roueg Ennerlaach ze schaffen. Mais d'nächste Keier passen ech dorop och besser op, an hun lo lo och een Stativ dann geet daat och besser.
Minaa 31.12.2006 - 16:11
Mir ass grad och nach eppes opgefall waat ech der nach net gesoot hun closed_eye
'T wier vläit besser geweest wanns de den Neellack mat der Schreft no ennen gedréint häss, éischtens mol géing de Bléck dann net dofunn ugezunn gin an zweetens ass d'Schreft fir deng "All Verschidden mee trotzdem d'selwescht"-Iddie jo souwisou net ausschlaggebend (an drettens ass et Schleichwerbung ;D).

De Rescht wees de smile
LaaChkiChelChen 31.12.2006 - 16:39
Jo daat mat der Schreft do hueste recht, ech wollt se schon wegpatchen mais den Problem as dass do och nach eng aaner schreft as, also as just eng Seit wou guer keng Schreft drop as, dann hässte dei aaner Seit gesin closed_eye Bon wär warscheinlech lo net dramatesch gewies wann een dei aaner seit gesin hätt, well do mengen ech keen Manhatten drop steet. Mais daat mat der Schleichwerbung hunch zwar lo iwwerhaapt net beduecht.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
2 Benotzer an 485 Gäscht online