Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Heritage

 
Heritage
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    13.11.2006
  • Gekuckt:
    22037
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    22
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    426x640
  • Späicherplaz:
    141 KB
  • Originaldatum:
    gëschter
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker  
Extras:
HDR

Fir anzesetzen: [pg_img=11913]
Kommentar vum Fotograf:
Op dem Knolles séng ( http://www.photogen.lu/index.php?page=view_photo&id=11912&old_new_page=1 ) muss ech dann och nach eng dropgin. Mam Knolles séngem alen Obkektiv geknipst - merci fir d'Sigma :)
spako 13.11.2006 - 19:54
Wow immens! ech si kee Fan vu Kierchefotoen aawer dei heiten gefaellt mir immens gudd! gesait baal aus wei een airbrush. Wei hues du dei Fuerwen hikritt? einfach immens!
Rabicop 13.11.2006 - 20:00
wow!

gesait aus wi an engem computerspill, absoulut schein dee brongen toun vum plafong an di eenzel fensteren uewen di ee blood liicht ralossen.

super
yannhellers 13.11.2006 - 20:01
neicht auszesetzen smile ganz gudd
TheGuitarist 13.11.2006 - 20:09
Genial, einfach nemmen schéin !
Ochiniwa 13.11.2006 - 20:19
Dei ass super, bessen mei grouss wär se nach besser.
OK-Photography 13.11.2006 - 20:24
den glanz!meng as schon baal nik mei mat Knolles senger ze ferglaichen...heen hott se joh och direkt aus der bekks op den site gesaat...cool waat hossde un deser geännert?gesait op allefall scheenial aus!
gloda 13.11.2006 - 21:32
Manipulatiounsméisseg as net vill dru geännert. Et as den HDR deen eng ausgeglachen Beliichtung offréiert. Den Rescht sin di üblech Basics.
OK-Photography 13.11.2006 - 21:43
hehe...hun daat mol bei Wikipedia agetipt...seet ma dan lo och mei...as defnitiv gudd gin!closed_eye
rom 14.11.2006 - 12:46
Ech och smile
rom 14.11.2006 - 12:47
Mee deen HDR, get daat am PS gemat oder direkt um Apparat agestallt?

Zur Foto: impressionnant!
kanufla 13.11.2006 - 21:11
Tiptop!Schein Foto!mech stéiert just den schiert op dem roudem teppesch an den traapen!Mee sos flott flott!smile
depunkt 13.11.2006 - 22:17
ah geil foto do dei gothesch kierch mat kreuzrippengewoelbe an denen vierrungsquadrater coolbigsmile haat haut konschtgeschicht pruefung an haat dat ze leiern oballefall eng tiptop foto
Knolles 13.11.2006 - 22:38
/removed/
gloda 14.11.2006 - 09:11
Knolles, déi war uwen am Schaumstoffdeckel vun der Huss dran smile Mam PC as scho richteg, awer den PC kann och net vill domat ufänken wann een net am viraus weess wat ee mam Fotoapparat mecht. Ech hat genau dat do Resultat am Kapp wi ech se geholl hun. An dat as bei mir bei wäitem net ëmmer de Fall bigsmile
Knolles 14.11.2006 - 12:33
/removed/
gloda 14.11.2006 - 14:15
Dat weess ech.
Nicon07 14.11.2006 - 13:26
Ah, elo muss ech dem Knolles awer mol eng Lektioun............. Also: Een ToneMapping as, wann .............. ehem ........ wi soll ech dat elo soën? ................ wann ee sou eng schéi Foto aus dem Knolles séngem Deckel ...... also dee vu séngem Objektiv ......... zaubert. De Gloda huet dat gudd gemaach, vill besser wi mir deemols mat Sierck, fënns du net, Armand?
ChLo 14.11.2006 - 08:04
Super Photo. Wow...
Wéi wär ett als Top-Photo?
Naturknipser 14.11.2006 - 11:49
leider e bessen zevill gemappt a mengen Aan... gesait net méi natiirlech aus - mee dat ass affaire de goût...
gloda 14.11.2006 - 14:17
Dat as ganz richteg. Mee wanns de bis emol do wars wiers de sëcher mat mer averstanen dass d'Foto sou méi no un d'Realitéit kënnt wéi eng "normal" Opnahm. Also, wanns de emol op Canterbury kënns, mell dech, da gi mer dohin smile
annemie 15.11.2006 - 17:51
woohoo...
special... very special effect....I like it ;D
ehm...schléits de mech doud wann ech der soen dass ech fannen dass et bessen eppes comic-arteges huet?? *dumdidum* Mee ech fannen se genial!!!
gloda 15.11.2006 - 18:09
Nee nee, du hues Rescht, dat as een vun den Effekter vum HDR.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 458 Gäscht online