Also Klex...eng flot Foto ,wans de an Kneien gagen wärs, an dech op dem Kannt seng heicht gewicht wärs.....ok du ses elo keng zeit mee daat mist en reflex sinn an et geet .....
Een richteg gudden .... SCHNAPPSCHOSSSSSSS (!!@ Canon ... ) ...) ..... war daat dooten ...
Sin elo nach méi komplexéiert ... an fillen mech nach vill méi onwëssend, wann schon esou kleng Spunten d'Camera ze benotzen wëssen ...
... boff ... ët war villäicht och just eng futtis Cam déi säin Papp him gin huet fir ze spillen ..... nee, war ët nët? ..... bass du sëcher? ...... bon OK ..... dann muss ech eben kucken, dass ech mech schnellstens (in)forméieren ... ;-(( ...
kommen mir schon esou richteg Camanalphabet vir ... (
Effektiv huët de Canon recht. Et misst een di Szen do kënnen aus der Héicht vum Kand gesin. Mais dee Reflex, fir "aus den Huppen ze schéissen" kritt ee, wann ee selwer kleng Kanner hat oder huët, a Portraitën vun hinne mécht. Heibei hun ech d'Gefill, wéi wann séch den Aspekt: "Kuckt, wat sin ech schon ee grousse Jong" an de Géigendeel verkéieren, well de Bouf esou vun uëwen erof fotograféiert gin as. Des Remarque as awer elo kee Wertuurteel, well deng Photo u séch as immens, an di 2 Momenter, déi's du agefaang huës, resuméieren alles dat, wat dee Klenge gemaach huët. Lo misst ee just nach kënne gesi, wat hië fotograféiert huët.
Ech wollt mech net huppen well ech da waméiglech nemmi opkomm wär... no 2 deeg permanent vu stand zu stand wanderen, mam rucksaack dabäi :-S nee, mee gin där an dem Canon natierlech rescht, hätt mech sollen huppen.
Merci
Waat mier hei opfällt, ass dass hien duerch de Sucher kuckt, an nët wéi Kanner meeschtens hannen op den Dislpay... daat heescht hien schéngt schon mat DSRL gewinnt ze sin
Flott erwëscht Lex!
Ganz witzeg effektiv, och an emgekeierter Reihenfolge wier se interessant, fir d'Eischt deen Apparat ukucken an dann probeieren, sou wei Kanner daat eben machen...