Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Miauuu

 
Miauuu
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    23.09.2006
  • Gekuckt:
    23154
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    7
  • Beliichtungszäit:
    1/320
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    154 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    943x1000
  • Späicherplaz:
    916 KB
  • Originaldatum:
    2006:09:23 12:59:18
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 20D
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Déieren »» Hausdéieren  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=10332]
Kommentar vum Fotograf:
Dem Nopper seng Katz,wollt einfach Model stoen!
Ochiniwa 23.09.2006 - 21:38
WOW dei gesäit ganz beis aus!

Deen Rouden Molly häss de kennen eweg loosen...denn Cadrage sinn ech met net secher op en adequat ass. Mee eppes ass secher , de gudden Moment erwescht smile

Gefällt mer ganz gudd
Mulanski 24.09.2006 - 09:38
Sauuuuu Flott.... wierklech super!! 6/10
JADE 24.09.2006 - 10:08
Gefällt mir ganz gutt deen heiten Mizzen-Portrait .... smile)
!!!!! méi grouss klicken .... well dann ass se direkt nach vill méi schaarf!!!!

An elo zu den Detailler :

+ schéinen, agressiven Ausdrock vun daer Mizzy
+ deen klengen Kaatzen-Medaillon ass genau richteg gedréint gewiecht, an en passt hei natierlech gutt an d'Thema eran well d'Kaatz an deen Medaillon sech e bësschen gläichen (z.B. d'Oueren déi stin, d'Form vum Kapp)
+ déi verschidden Faarwtupferen, déi een am ganzen Bild erëmfënnt ...
....... rouden Collier-rosa Zong-rosa Oueren
....... gro/sëlwer/gringen Medaillon-gro/gring Aan-een Deel vum Hannergrond
....... wäiss/gold/orange Fell-een Deel vum Hannergrond
....... deen méi faarwegen Hannergrond, sträicht déi méi neutral Faarwen
....... vun der Kaatz gutt erfier
+ déi natierlech Sonnenbeliichtung ronderëm den Kapp vun der Kaatz

- den Numm ënnen lénks, misst nët sin
- déi ganz hell (wäiss) Sträif lénks uewen laanscht d'Bild as een onglécklechen Bléckfang, mee du kanns se hei och schlecht "oofschneiden"
- déi Asymétrie déi an der Schnautz entsteet, doduerch dass een just een Zannt uewen gesäit ... mee daat wier fir den Perfektionismus ze erréchen ... closed_eye))

Alles in allem:
fir mech eng ganz flott an gelongen Kaatzen-Schnappschoss(?)-Opnahm

P.S. :
@ Mulanski: "sauuuuuuuu flott .... wierklech super !!! ... = 6/10" ?!!?
du bass villäicht Proff/Schoulmeeschter?? .... smile))
well oft sin déi dach esou "knéckeg"! ... gëtt halt emol ëmmer esou gesoot .... closed_eye)))))
Mikey-blue-eyes 25.09.2006 - 19:30
Respekt "Miss Jade", hut iech erem schèin an Tastatur geheeit.
Wat en Kommentar!!!
Also besser kann keen dat do esou Akribech op Blad brengen wie Dir
Whouauuu (Note 9)
Merci merci merci fir comments an Bewärtung smile))
JADE 25.09.2006 - 23:52
It's my pleasure ... closed_eye .... and thx to you , Mikey

"Akribech" ... daat ass genau déi Richtung wou ech ënner aanerem och gaeren gaangen wier ... professionnell gesin ... like "Miss Marple" ... mee een bësschen méi jonk an méi "modern" ... closed_eye)
Sylvia 24.09.2006 - 19:39
lolll Jade ... wei nennt een dein P.S. ....touché coulé surprised)

Nodeem d'Jade schon Foto sou schein analizeiert huet gett et net mei vill ze soen..ech ginn mein Moschtert awa och nach of... dei hell Flecken hun mech zwa guer net vum Sujet ofgelenkt, mein Bleck gung direkt op dei Zockerschnuff surprised) mais am fotoperfektionischten Senn hueste secha rescht.
Den Holly-Molly steiert zwa wirklech..en zersteiert den Charm vun der Foto, wanns de onbedengt dein Logo wells drophun, mach eng Rumm ronderem an schreiw do drobber.
Den cadrage hätt ech uwen e bessi gekierzt mais dat ass Affaire de gout :o)

Un sech fannen ech deng Foto superleiw an dein Timing perfect !
BlueAkane 30.09.2006 - 13:52
Super Portrait, schein fuarwen

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 503 Gäscht online