D'Beschreiwung war:
Photogen.lu huet an Zesummenaarbecht mam Centre de Formation Sociale Jean-Baptiste Rock asbl am Kader vun der Campagne 45plus (
http://www.45plus.lu) dëse Fotosconcours organiséiert.
Am Thema geet et dodrëm, dass verschidden Altersgeneratiounen och gutt kënnen zesummenschaffen, zesummeliewen an eppes erreechen. Ierch ass vill Fräiheet gelooß wéi Dier daat interpretéiert an ëmsetzen wëllt.
Et ginn zwou Ofstëmmungen gemaach:
- 1x ginn d'Gewënner vun engem Jury bestëmmt den äus 7 Professionellen besteet
- 1x ginn d'Gewënner vun den ugemelltenen Memberen op photogen.lu bestëmmt
Et ginn fir dës zwou Ofstëmmungen folgend Präisser ze gewannen:
Jurypräis:
1. Präis: En Apple Macbook 13"
2. Präis: Eng Adobe Photoshop Lizenz
3. Präis: Eng extern Festplack vun 1TB (1000 GB)

(D'Ofbildungen si just Beispiller, déi richteg Gewënner kënnen heifun ofwäichen)
Öffentleche Präis
1. Deelhuelen un engem Stage (workshop) vu 6 Deeg bei engem professionelle Fotograf am Kader vun den "Rencontres d'Arles", an är Foto gëtt op déi éischt Säit vum Kalenner 2009 gedruckt.
Eiert ee mattmaache kann muss ee sech umellen op Photogen.lu, waat ee maache kann op folgendem Link: [
GRATIS UMELLEN]
Weider
Informatiounen inkl. Reegelen sinn an folgenden PDF-Dateien nozeliesen: [
Franséisch]
[
Letzebuergesch]