D'Beschreiwung war:Bei desem Contest geet et allgemeng em d'Stad Lëtzebuerg. Looßt ärer Fantasie fräie Laf, fir déi verschiddenst Vu'en vun der Stad ze fannen.
All User kann eng Foto eroplueden.
Bei desem ass awer elo eppes spezielles anescht wéi bei allen Contests déi mer bis elo organiséiert hun. An zwar hu mer dës Kéier e Sponsor, soudass déi éischt 3 Plazen e Gewënn kréien. Hei handelt et sech em en Bong fir bei eurobureau eng Späicherkaart ze kréien.
Déi 1. Plaz kritt eng 4GB Späicherkaart
Déi 2. Plaz kritt eng 2GB Späicherkaart
an déi 3. Plaz kritt eng 1GB Späicherkaart
E Bong kritt dir, well ee jo kann CF oder SD oder nach eng aner Zort hun, an dir kritt dann déi passend bei eurobureau.
