Fir Portfolio zwecker kann een déi Fotoen benotzen. Wann een aaneren mer se hei "klaut" an anzouesch aanescht publizéiert, verstéisst deen géint d'Auteursrechter.
Also am Gedrecks vun de Leit hätt ech déi Foto wuel net hikritt, waar schon firun den Wellebrecher, an ouni Badge kennt een do net eran, do sin soss esou kräfteg Leit deien engem de Fanger weisen
Jo effektiv, daat éischt Lidd waar baal ganz am Daischteren. Do haaten schon verschidden Fotografen den Bletz ugemeet an goufen verwarnt, déi méi anständeg Fotografen hun gefroot mee kruuten et net erlaabt
Ech haat mol keen Bletz derbai, et ass antscheinent een vum wort aus dem Pit geflunn Den Hausfotograf dirf mat Bletz, mee ech wees net ob daat bei groussen Bühnen vill brengt...
Ech mengen nom eischten Lidd wou den Spotlight uwaar, ass et tiptop gaang. D'Office huelen ech och keen Bletz. Wann dann ass et fir d'Leit ze knipsen.
Hei waar d'Eva schon extreem geblend vum Spot, wann dann och nach Bletzer derbaikommen sin se nach méi geblend an gedd och séier ganz waarm dann.
Ech hun mer och eng kéier soen geloss dass daat kéint Stéierungen an d'Analag brengen. Dofir huelen ech just an den ganz selensten Fäll een Bletz fir Concerten.
En plus haat ech meng 2 Akkuen engem Kolleg geleint an haat also keen Saaft fir de Bletz
Ob een rausgeflunn ass wees ech net, hun just gesin dass mol 1 verwarnt gin ass. Och also Hausfotograf huelen ech baal nie Bletz et sief dann et ass an enger Haal wou wierklech miserabel Luuchtconditiounen sin.
also, ech war och kuken, ech war zwar och vier mee net esou wéit vier
also ech war extra dohin vier juli ze gesinn an ech sin frou dass ech se gesin hun.
lo zur foto: ech fannen se as gudd gin, hat as gudd getraff!