hei kann ee fläit einfach emol 't faarw méi intressant man. rustikales mat flache faarwe passt einfach net d.h. méi kontrast. leider kippt se och, dat schreiwene ch net gäer, mee hei fannen ech dass et mech awer pickt
Jo mee dass se kippt war schweier net ze kippen well geseiss ech war op 18 mm an direkt vir war och nach en poto an konnt ech mech net mei zreck stellen! war keng einfach situatioun en plus stung se nach an engem tunnel
Hm also sou gesin ... hues du alles gemach wats de konns machen ... du kruus d'Loc einfach net ganz drop ... mee wei wär et gewiescht wanns de verschidden Deller vun der Loc geholl häss ... z.b. vun ennen Rop op d'Kabine ... oder een Close-Up, also ganz no drun gin an ejenteen Element huelen den intressant wirkt ...
An esou Situatioune kann een nach ëmmer ee Panorama probéieren, dofir brauch een net onbedingt ee Stativ dobäi ze hun. Ech hätt hei entweder dräi Héichkant- oder 2X2 Landschaftformatfotoe gemaach an déi um Computer zu enger zesumme gesaat. Villäicht kanns du dat jo mol probéieren. Et as keng Garantie, datt et funktionnéiert, mais wann een et net mécht, da kann een och net wëssen, ob et net awer villäicht geklappt hätt. Well interessant as di Lok schon.