MarcGerard
Kaiser
Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395
|
|
ech hat firu langer, langer zäit engkéier ee projet am forum gestart.fannen de link zum post leider net méi, mee et gett zäit en ze widderhuelen well en as nawell gudd ukomm ..
esou funtionéiert et:
ech hun eng foto. déi schécken ech un een deen sech hei am post umellt weider.
dëse user verschafft 't foto dann. am léiwsten nemmen eng eenzeg sach. z.b.: faarwcorrektur, oder nemmen ee luuchtepoto ewechretuschéieren a.s.w.
dann schéckt en 't bild erem weider. wat méi leit matmache wat besser.
deemno wäert ech mat enger foto ufänken déi méiglechst reih as, d.h. ouni rumm, ouni näischt, einfach just out-of-the-box, onverschafft.
beispill: bei der leschte kéier as aus däer heite foto (klick) dat heie génialt bild gin (klick) (läit de copyright nach emmer bei mäer? mengen net
elo hud der gesin em wat et geet, a jiddereen deen déi lecht kéier matgemach huet kennt bestemmt erem op de gout. mäer hun déi lescht kéier hei am forum eng lescht gemach fir dass jidderee weess wee firt éischt dru kennt
natiirlech MUSS déi éischt foto net vu mäer kommen
wann iergendeen eng ge'eegent foto huet: nemmen heihinn domat!!
WICHTEG: w.e.g. 't versiounen net hei am forum weisen! et as ee méi coolen effekt wann déi éischt foto dann fir jidderee ganz zum schluss gewisse gett.. ech lueden 't foto dann och an 't gallerie (mam link op dese post an den nimm vun den eenzele user natiirlech
)
EDIT:
sou, an hei dann 't lëscht vun deene leit déi matman! (DU kanns dech nach emmer umelle falls de dat nach net gemach hues!! ;D)
MarcGerard
Mano
big-basti
CHAREL
BlackPanther
toto
nickel
Neckel
Johny
Spako
yoshi
__________________
Dieser Beitrag wurde 5 mal editiert, zum letzten Mal von MarcGerard am 12.12.2007 19:04.
|
|
10.12.2007 23:18 |
|
|
Mano
Doppel-As
Dabei seit: 07.01.2006
Beiträge: 111
Herkunft: Bettembourg
|
|
uo dat fannen ech jo mol eng cool iddi
hat dat dei leschten keier ent sou richteg matkritt, leider,
mee dat resultat ass genial
__________________ Have a look at: Mano's Photography
|
|
11.12.2007 14:13 |
|
|
big-basti
Eroberer
Dabei seit: 18.08.2007
Beiträge: 67
Herkunft: Rolléngergronn
|
|
oah klengt genial
also wannch alles verstaan hun : foto mecht den tuer bis se "perfekt" ass, du schecks eng foto, jiddreen bearbescht eps , an d'foto kennt rem bei dech un !?
hehe ass bestemmt cool daat =P
mfg,
Sebastian
|
|
11.12.2007 15:56 |
|
|
CHAREL
Routinier
Dabei seit: 27.05.2006
Beiträge: 277
|
|
cool
ma giff dan mat maan
hänkt just derfun oof wini daat ganzt dan elo start, mee sin opjiddenfall mol net weg an der vakanz
do hädd ech dan warscheinlech och zeit
|
|
11.12.2007 16:55 |
|
|
BlackPanther
Administrator
Dabei seit: 23.04.2006
Beiträge: 502
Herkunft: Kiischpelt
|
|
hey!haat zwa lo eischter un -den mat der Zigarette- geduet...den och zimlch lustösch war!!
desen hunch na nik begeint gehaat...
as awa sou odersou eng intressant affähr!!
brauchen ma just na een den dSTARTFOTO scheisst! ;p
__________________ No Risk, No Fun! No Brain, No Brakes...
|
|
11.12.2007 17:48 |
|
|
toto
Tripel-As
Dabei seit: 23.09.2007
Beiträge: 200
|
|
oh cool idee. et kann een machen wat een well mat der foto ?
|
|
11.12.2007 20:49 |
|
|
nikel
Foren As
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 73
|
|
cool Idee seu à nlech hunn ech an engem forum gesinn just dass de do eng ganz fotorei kruus an jidereen huet missen en bid dran oder drunmaachen.. war dono och en coolt resultat
|
|
12.12.2007 10:51 |
|
|
MarcGerard
Kaiser
Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395
Themenstarter
|
|
|
12.12.2007 13:15 |
|
|
Neckel
Routinier
Dabei seit: 08.06.2006
Beiträge: 396
|
|
Oi man gär mat, mee muss just wessen weini ech drun sin
Neckel
|
|
12.12.2007 18:05 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Daat ass jo scho bal wei dei al GFX-Contests ...
Ech sinn dobäi!
__________________ 404 - Not found
|
|
12.12.2007 18:06 |
|
|
spako
Tripel-As
Dabei seit: 14.06.2006
Beiträge: 226
|
|
ech och, seet de Geck :-)
|
|
12.12.2007 18:17 |
|
|
yoshi
Tripel-As
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 232
Herkunft: Echternach
|
|
ech sin dobai
|
|
12.12.2007 18:29 |
|
|
MarcGerard
Kaiser
Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395
Themenstarter
|
|
Du wies dann 't nummer 10! et geet lass
dat éischt bild gesäit keen. et gett eréicht ganz zum schluss mat dem endresultat gewisen. elo gin ech 't foto un 't mano weider fir dass hatt déi éisct beaarbechtunge mech
ech wenche jidderengem vill spass heimat !!
(et kënnen sech nach emmer leit umellen!
__________________
|
|
12.12.2007 19:16 |
|
|
toto
Tripel-As
Dabei seit: 23.09.2007
Beiträge: 200
|
|
das ech elo alles verstaan hun ech kreinen foto fum BlackPanther per email irgendwann ?
|
|
12.12.2007 20:21 |
|
|
toto
Tripel-As
Dabei seit: 23.09.2007
Beiträge: 200
|
|
sin schon gespaant wat fir eing foto dat ass
|
|
12.12.2007 20:54 |
|
|
luxplorer unregistriert
|
|
Salut!
Ech si fläit spéit drun, mee kann ech nach matman?
Ech wollt och froen ob ech nach kann eng eege Photo aschécken, oder ob et ze spéit as
Merci
Luxplorer
|
|
12.12.2007 20:58 |
|
|
toto
Tripel-As
Dabei seit: 23.09.2007
Beiträge: 200
|
|
ech meingen net mei. sou weit ech wees ass et schon lass gang
|
|
12.12.2007 21:01 |
|
|
MarcGerard
Kaiser
Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395
Themenstarter
|
|
nee, ech hun et nach net fortgeschéckt.. fir éierlech ze sin: ech sichen nach no enger foto
kanns mer se schécken! schécken der méng mail iwwer pm!
__________________
|
|
12.12.2007 21:09 |
|
|
luxplorer unregistriert
|
|
Schued! Da giff ech mech awer trotzdem gäeren umellen.
---
Äh, ups
Elo woar ech ze lues oder du ze séier
Merci fir PM ...
|
|
12.12.2007 21:09 |
|
|
|