babba
Grünschnabel
Dabei seit: 22.09.2006
Beiträge: 8
|
|
Salut alleguer,
ech sin nei hei um forum an wollt emol eppes froen.
Ech sin am gaangen iwwert en neit system nozedenken an do hat ech geduet an canon system ze investeiren. Am moment hun ech nach eng analog Nikon F80 mee dat waert sech hoffentlech glaich anneren. :-)
Do hätt ech eng fro, well ech bei dpreview um forum schon dachs berichter gelies hun wou d'leit se driwwer opgereecht hun dass hit nei kaaften objektiver hun missten kalibreiert gin, dass qualiteitskontroll bei canon en bessen ze wenschen iwwreg leisst.
Do wollt ech ierch froen ob schons een vun aerch mol problemer domatter hat?
Huet Canon en service hei zu letzebuerg wou een seng kamera an objektiver kinnt droen an wou huet een am beschten sain geschiir ze kafen, fir den fall geholl et kritt een emol en objektiv wat net besonnesch schuarf as, kann een dat dann emtauschen?
Merci am viraus an gudd luucht alleguerten
babba :-)
|
|
22.05.2007 18:06 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Canon huet sou en Zentrum op der Cloche d'Or, direkt nierwt dem Fastfood Restaurant. Ech weess awer net obs de kanns als Konsument direkt eppes do ofgin oder ob dat just hier Bureau'en sin. Warscheinlech misst de iwwert den Händler fueren.
Wanns de wëlls gudden Service Après vente hun kaf däin Apparat an engem Fotogeschäft, net am Cactus an och net an engem Butték wou all méiglechen Multimedia verkeeft. Déi Geschäfter hun Personal ouni Know-How an et kann laang daueren bis de eppes erëmgesäis wat emol ageschéckt gouf. Dat selwecht gelt natierlech fir Online Shops, wou s de d'Saachen allerdéngs oft méi präiswärt kriss.
__________________ www.gloda.net
|
|
23.05.2007 02:10 |
|
|
Alphonse_M
Mitglied
Dabei seit: 11.02.2007
Beiträge: 31
|
|
Ech kann der deemnächst Bescheed soen. Main neit Objektiv wat ech virun zwou Wochen kaaft hun, en 50mm f1.4, gouf geschter moien agescheckt well den AF sain Geescht opginn huet.
|
|
23.05.2007 10:26 |
|
|
Kwitchibo
Dabei seit: 23.06.2006
Beiträge: 441
Herkunft: Eng PERSON WOU MA IMMENS VILL BEDEIT!!!
|
|
ohh ma dann bonne chance...
|
|
23.05.2007 12:45 |
|
|
CANON
Doppel-As
Dabei seit: 07.01.2006
Beiträge: 145
Herkunft: Rëmeleng
|
|
Salut
Also neeee, leider nett, CANON Lez.ass nemmen vier Photocopy machinnen do, ech hunn schon's 3X probieert eppes do ze machen , mee sie soen dass mier vun Holland vier 1 an Belg geliwwert gin an vun der Belg kennt alles ap Lezeburg bei Photographen....zu Breissel ass enn Härr de wadelaar zoustännch vir Proffien
Hoffen gehollef ze hunn
CANON
PS also mier kreien iwwer holland get an Belg geliwwert an belge liewwert bei Geschäfter hei am Land....
__________________
Deen e Schreif Feeler Frënd kann e behalen
|
|
23.05.2007 13:41 |
|
|
babba
Grünschnabel
Dabei seit: 22.09.2006
Beiträge: 8
Themenstarter
|
|
Gudden metteg alleguerten!
Ech soen ierch alleguerten Villmols Merci fir aer baitreeg, dir konnt mer wiirklech virunhellefen!
Dann gin ech emol an en richtegt fachgeschäft luussen! :-)
Bis dann
babba
|
|
24.05.2007 16:36 |
|
|
Knolles unregistriert
|
|
hei am Land gët ët daat nët,
du muss, bei dein Fotohändler des Vertrauens (wei së do iwwer soën ) an déen këmmert sëch drëm.
An Deitschland, do hun sie (Canon ) hieren Service zu Willich (bei Köln ) , do gët alles repareiert, justeiert asw........... do kann éen och laanscht fueren an sein Material ofginn etc..............
|
|
24.05.2007 18:49 |
|
|
CANON
Doppel-As
Dabei seit: 07.01.2006
Beiträge: 145
Herkunft: Rëmeleng
|
|
Wann een durch Belch firrt , brauch een bal 2 Stoonen....an et ass gut ze fuhren , hunn et schon's en puurmol gemach, du gess dein Material off , an sie schekken der et mat der Post erem Heem...
Denn vierdeel ass deen , dass de kans matt engem Techniker schwetzen an dein Problem och dem Weisen...
__________________
Deen e Schreif Feeler Frënd kann e behalen
|
|
26.05.2007 16:52 |
|
|
kola
Jungspund
Dabei seit: 20.11.2005
Beiträge: 21
|
|
Ech haat virun zwou Wochen mein an dem alma sein Tele 70-300 IS weinst dem berühmten Schärfteproblem an Deitschland bei hir Vertragswerkstatt op Willich agescheckt fir ze reparéiren.
Innerhalb vun 6 Deeg nom Fortschecken stoung den DHL-Männchen mam Pack bei mir op der Hausdiir. Déi zwee Objektiver waren gefleckt an funktionnéieren elo einwandfrei !
Daat nennen ech ´service rapide´
Hei d´Adress :
Canon Deutschland GmbH
CCI Service Center Willich
Siemensring 90-92
D-47877 Willich
Mat der ´Eingangsbestätigung´ kritt een eng Auftragsnummer mat der een op hirem Site permament kann verfolegen wou den Apparat grad drun ass !
|
|
09.07.2007 22:10 |
|
|
|