galileo
Eroberer
Dabei seit: 12.01.2007
Beiträge: 59
|
|
Naturfotografie - Ausstellung |
|
Ech wollt heimat op eng Ausstellung opmierksam machen, déi zu Gonneréng am Eurohotel ass.
Vernissage ass den 22/03/2013 um 19h00.
Mir wiere natierlech frou, deen een oder aneren vun Iech do kënnen ze begéinen !
Klick hei fir de passende Flyer ze gesin
Georges a Paul
alias "jorsch" & "galileo" hei op PG
|
|
10.03.2013 16:41 |
|
|
mischii
Jungspund
Dabei seit: 04.06.2010
Beiträge: 21
|
|
RE: Naturfotografie - Ausstellung |
|
merci fir d'Invitatioun, ech hun den Datum notéiert
|
|
14.03.2013 12:20 |
|
|
Jeanny
Grünschnabel
Dabei seit: 26.06.2008
Beiträge: 7
|
|
Hallo jorsch, ma da ginn ech äre Fotoen laanscht kucken. hu mir äre Flyer op den Desktop gesat:-)
Op de Vernissage kann ech leider net kommen, den Hardea an ech sinn mat Fotoen a Biller um " Konscht als Hobby zu Itzig", do ass och den 22 e Vernissage vun der Gemeng organiséiert, an den 23 a 24 kann en do laanscht kucke kommen, " Centre Culturel et Sportif zu Itzig vun 14-18 Auer
|
|
16.03.2013 07:55 |
|
|
icylady
Grünschnabel
Dabei seit: 05.02.2012
Beiträge: 6
|
|
Georges an Paul
Dir hutt eng ganz flott Ausstellung do op d'Been gestallt.
Et gesait een datt Dir mat Härz an Séil Naturfotograf sidd an et huet Freed gemacht är Opnahmen ze kucken an desen an deen Detail ze bestaunen.
Eng ganz Rei vun Foto'en brengen eng wonnerbar Stemmung riwer an ech kann mir virstellen wéi flottt, wéi Dir schons soot, et war déi Opnahmen erauszesichen an opzehänken.
Ech wënschen Iech datt nach vill Leit kucken ginn an Gefaalen drun fannen.
|
|
22.03.2013 22:59 |
|
|
galileo
Eroberer
Dabei seit: 12.01.2007
Beiträge: 59
Themenstarter
|
|
Mir si frou, e puer "PG"-ler op eisem Vernissage konnten ze begéinen a kennen ze léieren.
Villmols Merci fir d'Kommen - och un déi, déi "inkognito" eventuell do waren !
Natierlech duerf och elo nach den een oder aneren dohinner kucke goën, d'Fotoën hänken jo nach eng ganz Zäit laang do.
|
|
23.03.2013 09:46 |
|
|
galileo
Eroberer
Dabei seit: 12.01.2007
Beiträge: 59
Themenstarter
|
|
Zitat: |
Original von JADE
kann een zu all Moment kommen oder gin ët do Ausstellungsöffnungszäiten ?
dir sidd bis Oktober do? ass daat richteg? |
D'Fotoën hänken am Restaurant vum Hotel an och an engem separaten Sall; vu que datt et en Hotel ass, kann een am Prinzip ëmmer do eran.
Am Beschten ass et awer fir d'Fotoën ze kucken, wa keng Léit am Restaurant sin.
Den Accès an de separaten Sall ass esou eng Saach - wann do grad iergendeng geschlossen Veranstaltung ass kann een natierlech nët do ran. Soss ass deen awer am Prinzip accessibel.
Do misst een dann am Beschten am Hotel selwër kuerz nofroën, op d'Ausstellung ganz accessibel ass de Moment wou e wëllt kucke goën.
D'Fotoën hänken am Prinzip bis den Oktober - dat ass laang, an et ka sin datt déi eng oder aner verkaaft an trotzdem direkt matgeholl gëtt. Dat decidéiert den Hotel sëlwer.
|
|
23.03.2013 17:59 |
|
|
|