Poly
Mitglied
Dabei seit: 07.09.2008
Beiträge: 37
|
|
ech muss mech futti laachen, ech hunn eng weider Foto refuséiert kritt aus der Serie, mat der Begrënnung:
Deng Foto Relax ass leider net ugeholl ginn. Hei sinn d'Riichtlinnen déi leider net gepasst hunn:
Se sollt en iwwerluechtenen Bildopbau hunn Méiglech Ursaachen oder Verbesserungsvirschléi:
Et sollt ee sech Gedanken maachen wéi den Opbau vum Bild sollt sinn.
D'Motiv ass vläicht matzen an d'Mëtt gesat ginn wat net gutt ass fir de Bildopbau
D'Foto däerf net zevill Richtung Aktfoto goen Méiglech Ursaachen oder Verbesserungsvirschléi:
Mir hunn hei streng Restriktiounen wat Aktfotoen ugeet respektiv Fotoen déi zevill an déi Richtung ginn, vu dass mer och vill ganz jonk Fotografen um Site hunn. Merci fir d'Verständnis dass dës Foto aus dëse Grënn leider net kann ugeholl ginn.
déi ass op engem ëffentlechen fest am Fond-de-Gras gemaach ginn, wou honnerte Leit waren!!!!!!, an hei gëtt se refuséiert!!!!!!, dat schléit awer nun dem Faas de buedem aus, wat hu mer dann hei fir verklemmten Administratoren :-)))))
dat doen geet elo op facebook op de site vum bodypainting!!!!
http://www.flickr.com/photos/polywe/6217.../in/photostream
|
|
09.10.2011 23:49 |
|
|
xaph32 unregistriert
|
|
vlait sollte mer e site fir erwuessener opmaan...
|
|
10.10.2011 09:08 |
|
|
_MiAmI_
Foren As
Dabei seit: 21.01.2010
Beiträge: 77
|
|
@Poly. Verstin deng Obreejung nach ze gud.
Meng LowKey vum Reck kruut ech am Ufank
och refüseiert, hun se dun bessen beschnidden
dun war et ok, wees net, vleit geet daat elo net bei
denger Foto... Vir de Recht verstin ech deng Reaktioun
mee et huet net vill Wert sech obzereejen
Röselen de Kapp och ganz oft hei, an trotzdem...
|
|
10.10.2011 09:26 |
|
|
_MiAmI_
Foren As
Dabei seit: 21.01.2010
Beiträge: 77
|
|
@Darkroom: gin da do absolut recht!! Dei Jonk
hun GANZ aaner Meiglechkeeten un Saachen ze kommen
ewei elo hei!! An di Zait aus dem Mettelalter as och
schons laang eriwer
|
|
10.10.2011 09:32 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Wann dir wëllt dass all Foto ugeholl gëtt, dann lued är Fotoen op flickr rop oder op facebook. Mir hunn eis Prinzipien an Linnen deenen mer trei sinn a bleiwen.
Nëmmen well et aner Säite ginn op deenen ee sech u plakege Leit saat kucke kann, heescht dat nach laang net dass mir eis dem mussen upassen.
__________________ 404 - Not found
|
|
10.10.2011 11:43 |
|
|
_MiAmI_
Foren As
Dabei seit: 21.01.2010
Beiträge: 77
|
|
@ Poly, dann setzt deng Foto emol hei an den Forum wann daat geet, geing mech elo wk intereseiren, weivil Haut een elo bei denger Foto gesait !?
|
|
10.10.2011 11:59 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
En huet se verlinkt a sengem éischte Post! Wéi flott ze gesinn dass Leit och nach hier Meenung hei schreiwe wa se mol net alles ganz durchkucken/liesen.
__________________ 404 - Not found
|
|
10.10.2011 12:00 |
|
|
Poly
Mitglied
Dabei seit: 07.09.2008
Beiträge: 37
Themenstarter
|
|
wéi de Johny schreift huet heen se verlinkt, merci, dat heen dat wierklech gemaach huet :-)
sinn nawell gespaant op deng Meenung
|
|
10.10.2011 16:38 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Zitat: |
Original von Poly
wéi de Johny schreift huet heen se verlinkt, merci, dat heen dat wierklech gemaach huet :-) |
wéinstens kënne mer nach witzeg sinn
__________________ 404 - Not found
|
|
10.10.2011 16:46 |
|
|
Poly
Mitglied
Dabei seit: 07.09.2008
Beiträge: 37
Themenstarter
|
|
du hues de recht wann ech wiisst wat een ënnert plakeg versteet, dat ass no emol bodypainting, an do ass nix plakeg, sos wier et bestëmmt net ëffentlech am Fond-de-Gras um Steampunk e ganzen Mëtten ze mat dem Lynn Schockmel an engem workshop ze kucken gewiescht
an de Fotoen waren och ëffentlech direkt niewent der Hall war , wou Stänn waren, dat war schliisslech e Familljendag, an keng Erotikmesse
na ja wat elo leit oft do hannendrun sichen ginn, do kann e wierklech nëmmen de Kapp rëselen, an se bedaueren, zemol och nach Déifferdanger Gemeng den Organisateur war, a ganz vill Leit do waren, a keen eppes dobäi fonnt huet !
|
|
10.10.2011 16:55 |
|
|
xaph32 unregistriert
|
|
johny, den refus ass komplett lächerlëch, do hun ech op pg schon aaner saachen gesin. hei ass just sturheet ass soss naischt
ech appréciéiren jo normalerweis är arbëcht hei, me wann een dolaanscht schéisst muss een och d'gréisst hun et zouzegin
|
|
10.10.2011 19:28 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Du schwätz mir vu "Gréisst", mat sou Kommentarer wéi s du hei schreifs? Also w.e.g. ...
Ech hun nach all Kéier zouginn wann hei eng Foto gepost ginn ass déi Limit war, wou ee kann driwwer diskutéieren ob elo sou just oder sou just net.
__________________ 404 - Not found
|
|
10.10.2011 20:47 |
|
|
_MiAmI_
Foren As
Dabei seit: 21.01.2010
Beiträge: 77
|
|
Original von Johny
En huet se verlinkt a sengem éischte Post! Wéi flott ze gesinn dass Leit och nach hier Meenung hei schreiwe wa se mol net alles ganz durchkucken/liesen.
TOP, Merci Admin dasste mech drop ugewissen hues! Merci vir dei Remarque !!!
An jo, dass net ze vill, virwaat deen Refus dann !
|
|
10.10.2011 21:08 |
|
|
xaph32 unregistriert
|
|
main kommentar ass ok, ënnerstell mer naischt
ech hun meng menung zwar ferme gesot me ouni domm ze gin, me wees de wat ech hun d'nues voll hei, wéi sou vill aaner an der vergaangenheet
ech läschen och lo alles, a basta
|
|
10.10.2011 21:09 |
|
|
_MiAmI_
Foren As
Dabei seit: 21.01.2010
Beiträge: 77
|
|
verstin ech absolut, bei sou "hiwerhieflech" Remarquen.
|
|
10.10.2011 21:10 |
|
|
m-otiv
Doppel-As
Dabei seit: 01.12.2009
Beiträge: 130
|
|
Wann mir schon derbai sin
:
Aus menger Erfahrung: Titten ok, Arsch (souguer eng Arschbaak) ass hei guer net Wëllkomm
Wiesou Titten ok? Haat mech mol amuséiert e bessi no Nippelen ze sichen, an ouni vill ze sichen hunn Ech der op mannst 5 hei Fond....souguer een ganz éroteschen Décolté vum Master Johny himself
An hei meng "AKT" Foto: http://www.flickr.com/photos/vitovox/565...157625810137066 (77 favs op Flickr) die net ugeholl gouf...
Vue dass "sex sells", wäll den Sex factor d'Kompositoun an d'Phototeschnik am grouf gehait, keinnt eng Staark érotesch Foto, egaal wéi schlecht se ass, locker WochenFoto ginn, wäll "sex sells"!
Ech mengen wann PG daat géif tolleréieren, dann wären all är Méih (landschaften, Makro, HDR etc...) fir d'Kaatz...
Metlerweil stellen Ech fest, dass hei eng Staark Landschafts Kommunotéit entstaan ass...wiesou och emmer....
Soit....Chef ass Chef, Max ass Max ...
Just mein Pefferkäer, respektéieren de Johny an seng supper Aarbecht (an Ausdauer, wëll vill Suen mecht hien hei net matt eis, nëmmen Stress)
Post är Fotoen einfach op www.photoshoot.lu .. Och dem Johny sein neien Bebé, matt méi locker "Prinzipien"
Dieser Beitrag wurde 3 mal editiert, zum letzten Mal von m-otiv am 10.10.2011 21:37.
|
|
10.10.2011 21:24 |
|
|
gunman
Mitglied
Dabei seit: 07.11.2006
Beiträge: 39
|
|
Mein Pefferkär:
Ech sin 59 Joer aal an hun mir déi 2 Photoen em déi et hei geet (Bodypaint an Sex sells) ugekuckt, an ech muss leider och soen : do fannen ech awer elo guer neischt an och wierklech guer neischt Ustéisseges drun!
Ech verstinn och net wiesou déi net ugeholl goufen ? Et kann een och méi helleg sin wéi den Popst.
Ech sin ganz dermatt d'accord, dass Photoen déi en pornographeschen Touch hun op desem Site neischt ze sichen hun, mais éi 2 doo, bei allem Respekt, déi kennten jo esouguer nach an der Kathedral hänken !
|
|
10.10.2011 22:27 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
@_miami_: Wann een sech schonn äussert zu engem thema, ass dat allermanst ze erwaarden dass een och alles néideges dozou gelies huet, du muss net direkt esou reagéieren. Do hues du e Feeler gemaach obwuels de deck gemeckert hues, e Feeler den s de misst agesinn.
@xaph: Net just däi Kommentar hei, mä och schonn virun e puer Deeg (och am Forum), war iwwerflësseg, an huet zu naischt anerem gefouert wéi negativem.
@m-otiv: Dass de al (richteg al) Fotoen fënns déi haut net méi ganz de Regelen entspriechen, dem stëmmen ech zou, mee mer hu virun e puer Méint decidéiert do e gutt Stéck méi streng ze sinn (ech mengen ech hat der dat och nach do erklärt?). An leider hues de och selwer et musse spieren, obwuel deng fotoen ëmmer eng top Qualitéit opweises hunn.
__________________ 404 - Not found
|
|
10.10.2011 22:39 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Iwwregens: Jo ech hunn e gutt Stéck méi frech geäntwert hei wéi ee soss gewinnt ass, mä d'Erklärung ass ganz einfach: Et sinn ëmmer déi nämmlecht déi eppes auszesetzen hunn, an d'Art a Weis wéi se et maachen ass an deene meeschte Fäll alles anescht wéi sérieux an anstänneg. En anert Beispill ass ee user den eng Serie refuséiert krut virum Weekend, den huet sech bei mir gemellt, huet kloer gesot dass en net wirklech averstan ass mee e wéilt vu mir puer Wuert méi zur Entscheedung héieren. Den Här huet selwer gesot (nodeems ech him Merci sot dass en esou fäin bliwwe wier) dass et vir hien selbstverständlech ass dass en do net ufängt Virwërf ze maachen oder en Toun op ze léeën den net ubruecht ass, well hien weess: Esou wéi een an de Bësch era rifft, esou schaalt et zréck. A wann een dann anerer huet denen all Zort vu Respekt feelt (Well obwuel muench Leit et mol heiansdo erëm soen, dir hutt keng Ahnung wéivill Zäit an Nerven bei dem ganze Projet vu mir drop ginn), dann kann ech leider och net vill géigesäitege Respekt opweises hunn. An jo dat ass eng mënschlech Reaktioun, eng perséinlech vu mir. Mä wen soll och soss iwwerhaapt vill betraff sinn...
__________________ 404 - Not found
|
|
10.10.2011 23:04 |
|
|
|