Klot
Grünschnabel
Dabei seit: 09.11.2005
Beiträge: 5
|
|
Maja, ech sinn op der Sich no enger neier Maschinn...a wees net richteg fir wat ech mech entscheede soll. D'Marque ass kloer: Nikon soll et sinn, fir dass ech meng Objektiver weider ka benotzen, vu menger D50...Wat schlot dir sou fir? Mäi wichtegste Kritär ass Präis/Leeschtungsverhältnis. Ech wees um Internet fënnt een Tonne Reviews etc. mee ech wëll einfach mol wëssen wat am prakteschen sou am beschten ukënnt.
Ech wëll och net onbedengt en Auslaafmodell...
Wéi ass et mat der D90? Oder éischter D3... etc.
Merci fir är Virschléi
|
|
26.11.2009 22:53 |
|
|
Gaga unregistriert
|
|
hänkt natierlech fum budget oof, an wanns de dein budget kenns, an nemmen nikon a fro kennt, dann mengen ech as deng fro schon beänwert !
ech sin zefridden mat der D90, mais wann ech t'geld geng sch... dann hätt ech eng D700 oder nach mei epes deckes, mais .... ech sch... et net lol !
|
|
26.11.2009 23:03 |
|
|
deBaemm
Tripel-As
Dabei seit: 15.05.2009
Beiträge: 211
Herkunft: Holzem
|
|
gin dem gaga 100% recht an kann daat nemmen ennersträichen
__________________ - If you saw a man drowning and you could either save him or photograph the event...what kind of film would you use? -
|
|
26.11.2009 23:04 |
|
|
Metalbambi
Administrator
Dabei seit: 16.04.2008
Beiträge: 393
Herkunft: Feelen
|
|
Chreschtdag kennt mei no...
E bessen mei konkret muss de schon vleit gin, D90 an D3 ass sou wei wans de net weisst obs de leiwer en Audi A3 oder en R8 weils.
Waat wels de vun Fotoen maachen?
Weieng Preiskategorie?
Weivil Fotoen mes de?
etc.
eng ganz helefreich Seit:
http://www.dpreview.com
__________________ Anti-Signature
|
|
26.11.2009 23:06 |
|
|
pol9000 unregistriert
|
|
|
26.11.2009 23:10 |
|
|
Klot
Grünschnabel
Dabei seit: 09.11.2005
Beiträge: 5
Themenstarter
|
|
Njo...soe mir ech wëll ënner 1000€ bleiwen...Kris an sou
Hun ech meng Fro domatt selwer beäntwert
Wees een op demnächst nach eng nei Nikon an deem Präisberäich ënnerwee ass?
Ausser Coolpix natierlech hehe
|
|
26.11.2009 23:11 |
|
|
Klot
Grünschnabel
Dabei seit: 09.11.2005
Beiträge: 5
Themenstarter
|
|
En Audi A3? Audi R8...also R8 wär schon net schlecht
Mee realisteg gesinn muss et dann alt en A3 sinn...Vu Fotoen wëll ech natierlech nëmme gudder maachen...Mee maachen vill Landschaften wanns de sou duerch meng Fotoe blieders...brauch e resistente Boitier well ech mäin Apparat wierklech iwwerall dobäi hun...Fotoen man ech der vill...200 de Mount? wann dat vill ass
|
|
26.11.2009 23:16 |
|
|
deBaemm
Tripel-As
Dabei seit: 15.05.2009
Beiträge: 211
Herkunft: Holzem
|
|
Also a punkto resistenz kanns de menger erfahrung no mat der d90 wiirklech net vill falsch maachen, meng meenung: fiir den Präis en super apparat, wells de fiiru allem och schon vill anstellungen an der camera kanns maachen, a punkto Bildoptimisatioun asw.
Fiir zur Resistenz zereckzeckommen se ass mir eng keier aus dem auto (en x-trail, also schon héich) gerutsch an op den trottoir gefall...:/ hun se direkt probeiert an huet geschengt nix drun ze sin, hun se awer zur secherheet an d geschäft gedroen fiir derno ze kucken.. an effektiv keen problem! Du kanns daat dengen wiirklech iwwerall mat schleefen. An och wann se vun Nikon aus net als Sprutzfest gelt, ech hun och schon eng jett fotoen am Fisemreen oder op den Wellenbriecher op der Plage gemaach se hällt duer
__________________ - If you saw a man drowning and you could either save him or photograph the event...what kind of film would you use? -
|
|
26.11.2009 23:22 |
|
|
patrickr unregistriert
|
|
Wéi een Apparat ee sech kafe soll hänkt nët dervun of, wat fier Fotoen ee maache well. Et hänkt just dervun of, wéivill Suen ee wellt lass gin.
|
|
27.11.2009 07:19 |
|
|
BlueRic
Tripel-As
Dabei seit: 22.11.2005
Beiträge: 155
|
|
Dat as wouer an awer och net ganz.
Wat mes de mat enger D3 wann all deng Objektiver, déi belegsten waren déis de fonnt hues, nie Serienbiller mes, just en internen Blëtz wells, well der d'Fotoen domader sougutt gefaalen. Ok dat as elo vielleicht bessen iwerdriwern, mee dann as et net onbedengt interessant 4000-5000 € auszegin wanns de och schon mat engem Apparat vun 400-500 € zefridden wirs.
|
|
27.11.2009 13:35 |
|
|
Klot
Grünschnabel
Dabei seit: 09.11.2005
Beiträge: 5
Themenstarter
|
|
@ BlueRic, merci Eric fir déng Äntwert
Zur D90...ass déi net schon ze laang dobaussen a gläich nees net méi uptodate?
|
|
27.11.2009 15:16 |
|
|
BlueRic
Tripel-As
Dabei seit: 22.11.2005
Beiträge: 155
|
|
Also ech denken net, dass een den läschten Modell muss hun. Ech sin net um laafenden wat Nikon wéini erausbrengt, mee ech géing eppes kaafen wat et get, net eppes wat eréicht erauskent.
|
|
29.11.2009 23:07 |
|
|
GrAl
Foren As
Dabei seit: 20.11.2006
Beiträge: 92
|
|
Deng Marque läit fest an den Budget läit fest. Et kennt also just d'D90 a Fro.
Si ass am August 2008 erauskomm, du kanns also domadder rechnen, datt se eréischt Summer 2010 ersat get.
|
|
30.11.2009 13:55 |
|
|
|