Alko unregistriert
|
|
Well mer een stativ kaafen an geiff soen dass ech mer den 055XPROB vun Manfrotto kaafen waert. Elo sin ech mir just nach onsecher weieen kugelkapp ech mer kaafen soll!?
Prais soll sou em dei 100 Euro laien, sou dass folgend Modeller fir mech interessant geschengt hun:
1. Manfrotto 488RC2
2. FLM CB 32fb
Den 32fb huet och eng frictioun-funktioun, wou ech mech froen wei wichteg oder netzlesch dei ass?
Ass main eicht Stativ daat ech mer kaafen an hun och nach keng erfahrungen mat stativer maachen kennen, geiff mech doweinst fier all kommentar an rotschlei freen, och obt stativ selwer bezunn!
Merci
|
|
09.07.2009 22:27 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Wat wëlls de dropsetzen an fir wéieng Zort vu Fotografie wëlls de dat Ganzt gebrauchen?
__________________ www.gloda.net
|
|
09.07.2009 23:19 |
|
|
Alko unregistriert
|
|
Ma fotografie as een relativ neien hobby vun mir an vun dohir wees ech nach net sou richteg wouhinner daat ganzt nach feiaren waert! :-)
hun den moment nemmen een 18-125mm anhoffen dass nach galich een tele an een makro dobai kennt! Mee waert den moment haapschächlesch landschafsopnahmen mam stativ maachen.
Also fier et mei kuerz ze faasen, et soll e besschen sou een allzweck apparat gin! :-)
|
|
10.07.2009 09:22 |
|
|
McQueen unregistriert
|
|
Metteg:
Ech hun och en Manfrotto 055X....ech wees net waat. Ass eng gudd wiehl.
allerdengs hun ech mier en 322 RC2 Kapp fier drop kaaf. (Daat ass deen mam Greff) an sin ganz zefridden domader. Ass einfach bequem an cool mat dem Greff. Muss net andauernd eppes lassdréinen an dann erem zou....asw....
Ech wees allerdengs elo net mei genau wat den Greff kascht huet...
Steve
|
|
10.07.2009 11:18 |
|
|
Alko unregistriert
|
|
Ma war elo kucken an kascht op amazon 101 Euro, lait also an mengem budget! Huet deen dann och eng drehbare Bodenplatte, well well vill Panoramen maachen?
Mengen deen doten bezeihen ech mol mat an meng auswahllescht!
Merci
|
|
10.07.2009 11:39 |
|
|
McQueen unregistriert
|
|
Zitat: |
Original von Alko
Huet deen dann och eng drehbare Bodenplatte, well well vill Panoramen maachen?
Mengen deen doten bezeihen ech mol mat an meng auswahllescht!
Merci |
Nee daat leider net
Mach daat
Gär geschitt
Steve
|
|
10.07.2009 12:48 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Vir Panorama'en ze maachen géif ech Kugelkäpp evitéieren. Wann d'Kamera ze schwéier get bewegt sech d'Gelenk liicht fu Foto zu Foto an déng Biller sin net méi richteg ausgeriicht. Bei Kugelkäpp wous de d'Plack net eenzel dréinen kanns as Panorama souwisou bal onméiglech, well soubal een den Kapp dréinen déi zwou aner Achsen och bewegt gin.
__________________ www.gloda.net
|
|
10.07.2009 21:31 |
|
|
Alko unregistriert
|
|
@gloda:
Jo, doweinst ass mer dei greibar bodenplatte wichteg! Mee sin mer mettlerweil secher dass et een kugelkapp soll gin, freet sech just nach weieen. Mee wei zb baim manfrotto 488rc2 get et eng panorama verriigelung sou dass en camera selwer net mei beweegen muss, mengen domat misst daat awer klappen fier panoramen ze maachen?
|
|
10.07.2009 22:20 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Jo. Denk just drun dass d'Panorama'en meeschtens vertikal gemaach gin an den Kugelkapp dann och nach säitlech belaascht get. Vill méi wéi eng Asteiger-DSLR mat Kitobjektiv kanns de op déi Manéier net sëcher fest halen.
__________________ www.gloda.net
|
|
10.07.2009 23:36 |
|
|
Alko unregistriert
|
|
Hmm, also dann geiff et den moment op allefall mol nach duer goen, hun eng eos1000 mat engem sigma 18-125mm. Mee well an zukunft awer nach nowues kreien! :-)
Sou elo hueste mech ganz aus mengem Konzept brued! :-( Mengen dann muss ech meng entscheedung hinsichtlech engem kugelkapp awer nachemol iwerdenken! Soen der trotzdeem merci fir deng hellef! :-)
|
|
10.07.2009 23:46 |
|
|
Hiko unregistriert
|
|
Den 488RC2 packt 8 kg... dann dierfst de wuel net su seier un d'Grenzen kommen waat d'Gewiicht ugeet. Ech hun en selwer an ech sin absolut begeeschtert! An meng 30D as net graad en Leichtgewicht, schon guernet an Verbindung mam 17-55 2.8...
Dieser Beitrag wurde 2 mal editiert, zum letzten Mal von Hiko am 11.07.2009 15:19.
|
|
11.07.2009 15:17 |
|
|
Alko unregistriert
|
|
Daat ass mol rem eng aussoh, dei fir mech a richtung kaafentscheedung ganz hellefraich ass! :-)
Ma ech mengen am endeffeckt waert ech mer och den 488rc2 kaafen! Waat mech just nach steiert ass, dass een keng frictiounsfunktioun huet, woubi ech och net richteg wees wei wichteg dei ass? Hues du erfahrungen mat panorama opnahmen mam 488 gemaach?
|
|
11.07.2009 15:58 |
|
|
Hiko unregistriert
|
|
Mat Frictiounsfunktioun mengs de jo secher verschidden Astellungen vum Widderstand vum Kugelkapp, oder? Ech wees och lo net wei wichteg daat wierklech as. Ech kann mer viirstellen, dat soueng Funktioun, bei engem schweieren Boitier mat schweierem Objektiv, praktesch kann sin. Mee wanns de beim 488RC2 mei Widderstand beim Verstellen wells hun, dreins de eben d'Schrauw ganz liicht bei.
Panoramaerfahrung hun ech lo net direkt, mee ech kann mer viirstellen, dat daat keen Problem dierft sin. Et huet een jo wi schon gesoot eng extra Feststellschrauw, nemmen viir Panoramafotoen, mat präziser Wenkelskala. Viir ganz normal Panoramaen gesinn ech wierklech keen Problem!
En weideren Plus vum 488RC2 as, dat en schein kompakt, an awer trotzdem richteg stabil (8 kg) as. En hëllt net su vill Plaaz weg an en weit net su vill wi en richtegen Panoramakapp mat 3-4 Verstellschrauwen...
|
|
11.07.2009 16:22 |
|
|
Alko unregistriert
|
|
Soen der een decken Merci Hilko, daat huet mir wirklesch weidergehollef!
Jo genau, mat frictioun ass den widderstand gemengt! Wannste sees dass een baim 488 durcht nemmen liicht leisen vun der blokeiarung deen "selweschten" effekt erzielen kann muss dei jo net onbedengt sin!
|
|
11.07.2009 17:03 |
|
|
Hiko unregistriert
|
|
Ma et as gärgeschitt! Et hëlleft een jo emmer gär!
Beim 488RC2 as op alle Fall sou, dass een mat verschiddenen Positiounen vun der Schrauw, verschidden Widderstänn huet. Op daat lo voll an ganz der Frictiounsfunktioun vun aaneren Käpp entsprecht kann ech der net 100 %eg soen. Ech selwer vermessen di Funktioun lo net wierklech.
Mat festdreinen vun der Schrauw as jo eigentlech ganz einfach. Waat een se mi fest beidreint, waat den Widderstand mi heich get, bis een wann een bei engem gewessen Punkt ugkënnt naischt mi beweegen kann.
Wanns de bei den Fototrade op Hollerech gees kanns de en kucken, upaaken an probeieren. Si missten een am Buttek stoen hun. Do fenns de och nach vill aaner Alternativen.
|
|
11.07.2009 18:23 |
|
|
Alko unregistriert
|
|
Ok, nachemol een decken merci!
Hmm, hun et net sou mat letzebuergeschen geschäfter well ech emmer rem gesin dass den prais bai eisen daitschen noperen emmer een gudd steck mei belleg ass (an do bezeihen ech Amazon mol nach net mat an) an berodung mechstens (natiirlesch gin et och ausnahmen) och wesentlesch besser ass!
|
|
11.07.2009 18:52 |
|
|
Alko unregistriert
|
|
Omeiomei, dass een mat mei leit schwaetzt dass verwirrung mei grouss get! :-)
Majo muss daat onbedengt maachen, hun nach puer projeen welles sou dass ech dann op dain angebot zereckkommen waert! Merci
|
|
12.07.2009 10:23 |
|
|
Geko
Jungspund
Dabei seit: 17.11.2008
Beiträge: 17
|
|
Ech hun genee déi Kombinatioun, déi's du uschwätz, also Manfrotto 055XPRO mam 488RC2-Kapp a sin domat extrem zefridden. Ech benotzen d'Stativ meeschtens mat ménger Canon 40D mam EF-S 17-55 f2,8, wat jo schon nët liicht ass. E richtig schwéieren Tele hun ech awer leider nët.
Eng sonner Friktions-Astellung vermëssen ech zwar nët, mee et muss e schon oppassen, an d'Feststellschrauw nët ze séier lassdréienen, ouni d'Objektiv unzehalen.
Den eenzigen Nodeel ass fir méch d'Gewiicht vun dem ganzen. Fir kuurz Asätz ass dat kee Problem, me wann ech et géif méi dacks op laang Trëppeltiir mathuelen, misst ech mir eppes anischt kafen...
|
|
13.07.2009 16:38 |
|
|
Shantideva unregistriert
|
|
Manfrotto 468MGRC2 (hydrostatesch mat Friktiounsastellung am Magnesium) - den hällt méi aus wéi mein aalen 410 (geared head - hällt max. 5 kg aus). Do kann een een Gewiicht vun 10 kg ouni Problem drun hänken an en léist sech am Nu an ABSOLUT ALL Richtung dréinen an huet baal keen Gewiicht. Ech war schon immens zefridden mat dem 410, awer mat dem 468MGRC2 hun ech VILL méi Bewegungsfreiheet an et kann een och all Objektiv domat benotzen (d'5D wéit mat dem 70-200 2.8 just 3,2 kg). Et huet een also an Punkto Stabilitéit nach eng enorm Marge.
Et get awer net DEEN perfekten Kapp. Do hues du am beschten du gehs bei den LeCuit an kucks dir se un. Heen huet se baal alleguerten do, an dann kanns du decidéieren waat dir am beschten leit. Du muss just oppassen dass den Kapp genug Gewiicht aushalen kann.
Ech hoffen ech konnt heimat och een hëllefreichen Päfferkär beileen. :-)
|
|
13.07.2009 21:54 |
|
|
|