Poly
Mitglied
Dabei seit: 07.09.2008
Beiträge: 37
|
|
saluti! ech hunn emol eng eng fro
wier wat kann én noet emol e boeschen en aneren "toun" uschlon wann eng foto refuséert get aplatz wéi an der schoul "zereck" op deitsch"zurück" monchmol mat engem commentaire wou keng méiglechkét huet sech se "verennerewen", ka jo verstoen dat vill fotoen erakommen déi noet hei hi gehéeren(sujet a quality asw) mé ech mengen dass all déi leit déi sech "méi" ginn fotoen eropzeluden e recht hunn dass se och gewisse ginn(natirlech mat ausnahm vu wirklech krassen saachen ) denke mer dat én noet oemmer topfotoen huet mé woell ech trotzdem woessen wat ze verbesseren as respektiv kritiken drifer kritt dchliesslich as jo jo e site fir amateuren oder?
néischt fir ongudd léiw administratoren, an nach e schéinen owend.
Poly
|
|
26.10.2008 18:42 |
|
|
Poly
Mitglied
Dabei seit: 07.09.2008
Beiträge: 37
Themenstarter
|
|
Pardon awer héi emol e beispill opféeren noet dat der mengt ech wirklich "kriddelich" hei dé leschte commentaire vun enger refuséerter foto
Se ass net schaarf, d'Qualiteit ass immens schlecht (typesch eben dofir dass se mam Handy gemaach ass), an einfach eppes an d'Mëtt vum Bild setzen an knipsen, ka jidfereen, do stiechten net vill Emsetz-gedanken derhannert.
wat qualiteit ugét sinn ech dakor mé déi commentaire moss jo awer net gerad esou sinn, oder as dat de jury?
|
|
26.10.2008 19:14 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Poly, kanns de eng Kéier séier duerch däin Text goen an Punkt an Komma dransetzen. Ech hun Krämpes ze verstoen wat s de soen wëlls.
__________________ www.gloda.net
|
|
26.10.2008 21:33 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Den Toun interpretéiers du selwer drann, duerch vill Erfahrung hu mer jo schonn oft gesinn dass vill Leit vill Saache falsch opgeholl hun well sie selwer en Toun an en Text eraninterpretéiert hun.
"Sech d'Méi maachen eng Foto eroplueden" -> do stëcht dach keng Méi derhannert. Et ass eng Saach vun zwou Minutten.
Ech hun am Kommentar do Fakten opgezielt, ouni iwwerhaapt iergendeng Art Toun wëllen dranzebréngen. Qualitéit war mies, schaarf war se net, an de Sujet war matzen an der Mëtt vum Bild. Ech fänke sécher net u matt schreiwen "w.e.g. léiwen Benotzer, probéier nächste Kéier de Bildopbäu ze änneren, da gëtt deng Foto och 100% ugeholl" asw...
__________________ 404 - Not found
|
|
26.10.2008 21:45 |
|
|
BlackPanther
Administrator
Dabei seit: 23.04.2006
Beiträge: 502
Herkunft: Kiischpelt
|
|
Zitat: |
schonn oft gesinn dass vill Leit vill Saache falsch opgeholl hun well sie selwer en Toun an en Text eraninterpretéiert hun.
|
hun zwar lo nik sou oft refuseiertfotoproblemer, mee daat mam Toun dran interpreteiren kennen ech och fum normalen kommentar hier schreiwen!ech kukn och oft sou genau wei meiglech ze schreiwen waat mech un enger Foto steiert...an wann daat eben as dass se -einfach geknipst- ausgesait soen ech daat och sou...den TOUN fehlt awa an wann een daat perseinlech helt huet en mengermeenung VERGIES em waat et op desem Site geet: dMeenung zu enger Foto gesoot ze kreien! (an NET Foto wei um Myspace ze weisen fir se ze weisen...
)
kann zimlech genau novollzeien wou den Johny den problem mam -Raninterpreteiren- gesait...
(@Gloda: hun extra och EEN Komma fir dech mat agebaut...;p)
__________________ No Risk, No Fun! No Brain, No Brakes...
|
|
27.10.2008 00:04 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Zitat: |
Original von BlackPanthermee daat mam Toun dran interpreteiren kennen ech och fum normalen kommentar hier schreiwen! |
Eben, ech hun et och allgemeng gemengt
__________________ 404 - Not found
|
|
27.10.2008 00:16 |
|
|
Poly
Mitglied
Dabei seit: 07.09.2008
Beiträge: 37
Themenstarter
|
|
ech mengen ech hu jo kloer geschriwen, dass wann qualitaet schlecht has(dat net oemmer einfach as ze jücheren nodem se gezipt as well an dem heien fall as se am original gudd) oder de sujet net an der rei as (der woest jo wat ech mengen...) as dat jo ok, mé dass eben dat den administrator jons sé refuséert önnert annerem das de "bildopbau" asw schlecht wir, wat iweregens och bei villen de fall as bei den dénen déi akzeptéiert guefen, da brauch e se jo gur noet méi eropzeluden fir eng kritik ze kréien vun denen leit déi um site se kucken,
eng foto get jo net nömmen vun engem enzelen joechéert mé vun der allgemenghét wou ménungen oft wéit aus ser né ginn,
schued wollt eben och weisen dat én mat engem handy och "foto" maachen kann(wat ech jo ech am mengen comment geschriwen hun), wat mech iwerejens op der photokina op d'idi bruet huet, wat de fotograf udo karp an engem forum demonstréert huet an esou gur e fotosbuch erausbruet huet.....och verpixelt wat hén awer als" konscht" geséit.. wuar eben eng idi fu mir wert déi nexte kéer dann eroem 08 fotoen eroplueden
|
|
27.10.2008 14:04 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Mir aktivéire Fotoën wou mer gesinn dass dee jeenechen sech em entweder d'Idee, oder den techneschen Deel, gedanke gemaach huet. Du hues e Meedchen geknipst wat eng Glace giess huet, d'Qualitéit gëss de jo amfong selwer zou dass se schlecht war, an fototechnesch gesinn hues du et just an d'Mëtt gesat an geknipst. Genee dat wëlle mer vermeiden, well do, wéi ech geschriwwen hun, stiechen keng Emsatz-gedanken derhannert
An à propos Gudio Karp: Deen Här kann Fotoë maachen, egal matt wéiengem Apparat, mee dat heescht nach laang net dass jidfereen dat fäerdeg bréngt.
Op Photogen geet et haaptsächlech fir de Leit am technesche Beräich ze hëllefen, ech kann och net dofir dass et hei zu Letzebuerg soss net vill gëtt an dem Beräich, mee an eisem Fall ass et ganz normal dass mer dann och vill dodrop kucken.
__________________ 404 - Not found
|
|
27.10.2008 14:12 |
|
|
Baba
Eroberer
Dabei seit: 03.10.2008
Beiträge: 54
Herkunft: Woiver
|
|
Salut
@Poly ech verstinn waat's du mengs. Ech hat och meng "éischt Foto" déi ech elei eropgelueden hun refuséiert krit. Ech wor och e bessi rosen doriwer, am Ufank. Duerno hun ech awer begraff datt et net nëmmen drop ukënnt fier d'Foto eropzelueden, mee et kënnt och dorp un a wwei eng Katégorie du d'Foto setz an och wat fier en Commentaire du selwer derbäi schreifs. Ech well och fill an muss och nach ganz vill léieren an der Fotografie an ech kann verstoen datt net all Foto ugeholl get. Wanns du de leit weisen wells wats du fotograféiert hues ouni dat se rfuséiert get, dann kanns du ob FotoCommunity goen, ech mengen daat machen der fill esou.
Leider stëmmt et och dat et net eng Zort Internet-Fotoschoul gët, wou een sech kann umellen (och géint eng Umeldegebühr) an wou een dann seng Foto kann eroplueden a wou dann Professioneller dier rotschlei ginn fier et besser ze maachen. Wär jo villäicht emol eng Idee
Trotzdem weierhinn nach vill Spass. Ech wert objiddferfall es hun.
m.b.G.
Baba
P.S.: Sorry fier déi vill Schreiffeeler
__________________
|
|
12.11.2008 19:12 |
|
|
Poly
Mitglied
Dabei seit: 07.09.2008
Beiträge: 37
Themenstarter
|
|
ok, ech mengen ech hunn bei biller gesinn déi refuséert guefen, dat effektiv der dobeiwaren, wou en nodréichlech gesinn huet dat se noet zur "quality" vum site béidroen, a wou am ufang erféert war, dat se refuséert guefen an der ménong dat se gelongen wiren, hunn an der zwoeschenzéit geléert besser ze kucken ihr ech se eoplueden
, anererseits gesinn ech positif dat se esou genau gekuckt ginn ihr se op de site kommen , néischt fir ongudd, veuillez excuser meng letzebuerger schreiwfehler.
|
|
13.11.2008 21:25 |
|
|
BlackPanther
Administrator
Dabei seit: 23.04.2006
Beiträge: 502
Herkunft: Kiischpelt
|
|
Zitat: |
anererseits gesinn ech positif dat se esou genau gekuckt ginn ihr se op de site kommen
|
hmmm...njah...also wann ech eierlech sen...an kukn waat dei läscht puer Deesch sou ALLES online komm as....wees zu fillem einfa NAISCHT mei ze soen an well net an engem Steckl NEGATIV KRITIK schreiwen....
mee...vlait lait et joh o un mir who knows...^^
__________________ No Risk, No Fun! No Brain, No Brakes...
|
|
13.11.2008 21:58 |
|
|
Poly
Mitglied
Dabei seit: 07.09.2008
Beiträge: 37
Themenstarter
|
|
si frou dass ech e boeschen zu dem forum béigedroen hunn, hu gefuart ech fir dén enzegen, mé dat wéist dat et schwéer fellt eng negativ kritik ze schreiwen, da léiwer néischt schreiwen, an nömmer positiver ofginn, obwuel dat jo net den zweck vun der sach as
|
|
14.11.2008 19:16 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Zitat: |
Original von Polyobwuel dat jo net den zweck vun der sach as
|
Déi wéinegst verdroën wirklech negativ Kritik an dofir kënnt dat dann sou zustan :/
__________________ 404 - Not found
|
|
14.11.2008 20:57 |
|
|
Baba
Eroberer
Dabei seit: 03.10.2008
Beiträge: 54
Herkunft: Woiver
|
|
Zitat: |
Original von Johny
Zitat: |
Original von Polyobwuel dat jo net den zweck vun der sach as
|
Déi wéinegst verdroën wirklech negativ Kritik an dofir kënnt dat dann sou zustan :/ |
Och eng negativ Kritik kann Konstruktiv sinn
Wann een eppes un engem Bild net gudd gemeet huet, dann soll een och kënnen akzeptéieren dat ee User dropp hiweist mat enger negativer Kritik. Dorauser kann een jo nëmmen léieren.
Eng einfach negativ Kritik fannen ech perséinlech och blöd, wann een just seet "déin Bild ass net gudd". Eng "Konstruktiv" Kritik ass emmer gudd, ann kann an mengen Aan (baal) nie Negativ sinn.
Sou empfannen ech emol.
Mee jiddereen muss dat mat sech ausmaaachen.
__________________
|
|
14.11.2008 22:59 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Amfong haat ech matt negativ hei, eng konstruktiv gemengt, well amfong sees de jo do dass eppes an der Foto net gutt ass, also ass se am negative Sënn gemengt, matt konstruktivem Inhalt
__________________ 404 - Not found
|
|
14.11.2008 23:01 |
|
|
Metalbambi
Administrator
Dabei seit: 16.04.2008
Beiträge: 393
Herkunft: Feelen
|
|
Et mellt een sech jo awer enner anerem hei un vier sech ze verbesseren, an daat geet nemmen wan een gesoot kritt waat een verbesseren muss, also konstruktiver Kritik. Wan een dan net domadder emgoen kann ass een ob der falscher Plaatz.
Daef een awer och net vergiessen daat jiddereen mol en schlechten Dag huet an mei aggressiv schreift wei et am Fong neideg wier, an daat et emmer nemmen Wieder sin, dei nach zimmlech vill Freiraum vier Interpretatioun vum Lieser loossen, net alles waat een negativ oder aggressiv obhellt muss och sou geschriwwen gi sin.
A wann een dan bei engem miekt daat en neicht verdreit, dan get et nach emmer den imaginaeren 'Ofgehakt'-Button. (daatwier mol eppes vier an den Update
)
__________________ Anti-Signature
|
|
14.11.2008 23:13 |
|
|
Schlimpitz
Tripel-As
Dabei seit: 30.05.2006
Beiträge: 221
|
|
naja hänkt dovunner oof wei een daat geseit
et gin leit dei mam handy besser fotoen machen wei munch anner mat engem equipment vun 10 000 eur.
Et ass eng utopie fir ze gleewen dass alleng d'material dofir verantwortlech ass dass een gut fotoen mecht.
Natierlech setzt daat en enormen know how firaus. an meeschtens fotografeiren dei leit ,dei deen know how hun, och net mam handy
|
|
29.12.2008 10:10 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Et ass einfach: Ass eng Foto schaarf an vun net vill ze schlechter Qualitéit, ass et egal ob se mam Handy gemaach ass oder net (op alle Fall lo am Sënn vun hei aktivéiert ginn). Just leider sinn déi meescht domat immens onschaarf, oder räuschen ganz vill. Mee och wéi de Schlimpitz soot, déi déi wirklech bessen know-how hun, an richteg Hobbyfotografen sinn, huelen net den Handy fir Fotoen ze maachen
__________________ 404 - Not found
|
|
29.12.2008 10:14 |
|
|
suraki
Doppel-As
Dabei seit: 25.11.2007
Beiträge: 149
|
|
moien Johny du schreiws:
@Et ass einfach: Ass eng Foto schaarf an vun net vill ze schlechter Qualitéit, ass et egal ob se mam Handy gemaach ass oder net (op alle Fall lo am Sënn vun hei aktivéiert ginn)
As d'Kritik und d'Foto oder d'Konditioun fir dat se aktiweiert get dann emmer d'Schärft, d'golde Mett, den richtege Kontrast (PS auto), an, an .. ?
Ech denken elo just als én Beispill un d'LOMO, dem Apparat seng schlecht Optik, seng falsch belichten an onscharf Negativen hun sech zu engem Kult entweckelt , den esou gur haut nach vun dausenden sérieuxen Photographen (fleicht nemmen nierwebei oder einfach nemmen nemmen *g* ) praktizeiert get.
A genau dat huet fir mech seng Berechtegung, eppes ze weisen wat vun Anieb un, net der bréder Mass muss gefalen.Vun denen engen als onscharf an netsehenswürdeg an de Pabeierkuerf gehéit, get vun aneren als déi grouss Konscht hochgepriesen"
Jugeiere " mir " wat Konscht as !? Wén sét op eppes a wat gut as, ech kann et no ville Joeren nach emmer net, du ??
Haut jiddefalls gesin ech zb Lomografie mat aneren Aen an dat bezit sech ob villes hei.
edit: domadder well ech net soen dat net zenseiert soll gin , ech wéilt et net machen.
......ob alefall net alleng. ((-:
Dieser Beitrag wurde 3 mal editiert, zum letzten Mal von suraki am 24.01.2009 16:23.
|
|
24.01.2009 15:43 |
|
|
|