spako
Tripel-As
Dabei seit: 14.06.2006
Beiträge: 226
|
|
Hallo...
also ech sin geschwenn ganz ratlos waat ech maache soll... ech hun mer am Februar iwwert internet bei Topvision.lu ee Manfrotto190ProbX stativ bestallt daat als sofort lieferbar ugi war... no 2 wochen hat ech nach emmer keng Nooricht dat et ennerwee wier do hun ech nogefroot.. ech gouf vertreischt, an 2 weider Wochen duerno kruut ech gesoot et wier en rupture de stock... ech hun du meng commande storneiert, mee ech haat jo scho gudd domm bezuelt, a waarde lo schon sait dem Abrell ob meng Suen!
Vu que dat et jo kee Butteck mei gett wou ech keint higoen an keen den Telefon ophierwt, sin ech op email ugewisen an do geet dei affaire gaaanz lues.. ech froe mech mettlerweil op ech meng Suen iwwerhaapt eemol waert eremgesin .. huet nach een sou eng Erfahrung mat hinne gemaach? a waat bleift mir als Optioun? (natierlech sin ech (nach) net am Konsumenteschutz member :-( )
|
|
18.07.2008 09:59 |
|
|
|
Vince
Jungspund
Dabei seit: 05.01.2006
Beiträge: 14
|
|
Hmm sie haten an der Belle-Etoile wéi sie zugemeet huen en Schëld stoen dass sie elo just nach een Shop ierengwou op der Musel hätten. Anscheinend kann een op jiddefall mol dohinner kucken fueren (hat een mir mol eng Kéier gesoot, mengen ech
). Mengen souwiesou dass hiren Onlineshop iwert d'Preiseland geréiert gët. Member beim ULC ze sin as net vun Muttwell, huen do schon méi wéi eemol intervenéiert an wann sie bis drun sin dann fluppt et
Vill Glëck mat dengen Suen.
Claude
|
|
18.07.2008 10:40 |
|
|
|
spako
Tripel-As
Dabei seit: 14.06.2006
Beiträge: 226
Themenstarter
|
|
Merci Vince... daat waertdann zu Wuermer sin do ass mengen ech hieren Setz hei zu LEtzebuerg .. ech fueren dann vlait deser Deeg eemol do laanscht :-/ jeje... souvill zum kneckeg sin ... ech haett och besser gehaat 5 euro mei ze bezuelen dann haett ech dee misere elo net ;-)
|
|
18.07.2008 10:45 |
|
|
|
jegas
Eroberer
Dabei seit: 15.04.2008
Beiträge: 54
Herkunft: aus dem wonnerschéinen lëtzebuerger Land
|
|
Salut
Wormeldange-Haut ass d'Adresse, déi genee misst op hierem Internetsite stoen.
Ech hat selwer am März en néien Fotoapparat samt Objektiver bei hinnen am Geschäft bestallt, wéi ech Mëtt Mai nogefrot hun soten se zu mier wéinst den Ëmbauarbechter wär liwwerstop an dun wéi se d'Schëld wéinst Räumungsverkaaf do stoen hat sin ech séier an main Auto d'Kopie vum Liwwerschain matt dem Nowéis dat ech eng Zomm ubezuelt hätt sichen gaang an bannen 5 Minuten war alles iwwert d'Bühn, krutt meng Euroen direkt erëm an déi ganz Bestellung ass anulléiert gin. Den selwechten Mëtten sin ech dun main Fotosgeschir duer kaafen gaangen wou ech eigentlech ursprünglech wollt goen an konnt den Apparat schon mol direkt matt heem huelen, ech hun dun zwar an aneren Modell kaaf wéi ursprünglech mais ech hun elo.
|
|
18.07.2008 11:00 |
|
|
|
spako
Tripel-As
Dabei seit: 14.06.2006
Beiträge: 226
Themenstarter
|
|
ech hu reischt matkritt dat dee Butteck zougeif maache wei et schon ze speid waar... en plus ass bei mir jo alles iwwert email gaangen waat jo och net sou immens ass.. also ech kaafe sou saache lo just nach am "net"-virtuelle Butteck.. daat heiten ass mer zevill des gudden... op alle Fall sin ech frouh dat ech mer naischt nach mei deieres do kaaft hun...
|
|
18.07.2008 11:04 |
|
|
|
jegas
Eroberer
Dabei seit: 15.04.2008
Beiträge: 54
Herkunft: aus dem wonnerschéinen lëtzebuerger Land
|
|
Dat ass z.B. e gudde Grond firwat ech aus Prinzip nie eppes am Internet bestellen.
Am normalen Geschäft kann een sech d'Wuer déi een kritt virdrun ukucken, serieux Geschäftsléit weisen engem déi och ouni Opfuederung.
Duer wou ech hi gin ass den Successeur vun sengem Expatron an deen kennen ech wëll ech zur Analogerzait vill Diasfilmer do kaaf an entweckelen gelooss hat.
|
|
18.07.2008 11:11 |
|
|
|
STARCLIPPER
Grünschnabel
Dabei seit: 12.11.2005
Beiträge: 5
|
|
Oh jo ech och haat am Oktober 2007 en Gurt fiir mein 300mm bestallt hun en nach haut nett.Hun mir én vun Dubei mattbruecht.Ett gett kén Geschäft mei hei zu Letzebuerg vun Topvision.Daat lescht war an der Belle Etoile an daat as och elo zou.Mir hun nach én Geschäft an der Staadt beim Mirgain.
Jerry
|
|
26.08.2008 19:52 |
|
|
|
Neckel
Routinier
Dabei seit: 08.06.2006
Beiträge: 396
|
|
Krass ! Haat dat ganzt mol net matkritt, an hätt mer nach baal bei hinnen eppes bestallt
Well zwar dann emmerhin net wessen weivill Leit lo nach emmer am gaangen senn fir hier Suen rem ze kreien, well wärten der io wuel mei wei 800 sen, wei si an der Reportage sooten ...
(sin dann mol frou dass ech meng Kamera firun der ganzer geschicht bestallt haat
)
|
|
26.08.2008 21:52 |
|
|
| |
|
Mochel
Jungspund
Dabei seit: 22.11.2007
Beiträge: 11
|
|
Sali,
haat mer mat engem Kolleg eng SAN Disk Extreme IV ( 2.GB ) Compact Flasch Kaart iwer hieren Internet-Site bestallt. Dei zwou Kaarten waeren och direkt Liferbar an eng huet nemmen 12 Euro kascht. Mir hun dun direkt zou geschloen.
No 4 Wochen haaten mir keng Antwert. Mir vir d'eischt an Geschäft ugruff an no gefroot waat se do geif kaschten an op se de do hätten. Am Geschäft huet se mengen ech 50 Euro kascht an se hätten de nach genuch do.
Dun hun mir op der Telefonsnummer probeiert unzeriwwen dei am Internet ugin as. No ongefeier 3 Deeg sen mer endlech erheiert ginan et huet eng Madame opgeufen. Dei wor ganz frendlech an huet ons weider gehollef. Mir hun hier gesoot an hirem geschäft geifen en der nach genuch leien. Sie huet alles an D'Rei gesaat an mir sen ons zwou Kaarten vir den Preis vun 12 Euro an Geschäft sichen gaang.
Mee wann ech elo eierlech sen. bestellen ech do naischt mei.
|
|
18.07.2008 11:35 |
|
|
|
spako
Tripel-As
Dabei seit: 14.06.2006
Beiträge: 226
Themenstarter
|
|
tjo dann haas du mei chance wei ech mam telefoneieren.. bei mir huet nach nie een opgehuewen ausser de repondeur.. souwuel an letzebuerg wei an daitschland.. wann ech faerdeg sin hun ech och nach fi 100 euro verbindungen ze bezuelen ;-)eieiei
|
|
18.07.2008 11:44 |
|
|
|
Mochel
Jungspund
Dabei seit: 22.11.2007
Beiträge: 11
|
|
vir elo net ze leien, mir waerten an deenen 3 Deeg mindestens 100x probeiert hun.
|
|
18.07.2008 11:53 |
|
|
|
Focus
Dabei seit: 14.11.2005
Beiträge: 60
|
|
Hey Spako. Färten das déi Suen kans vergiessen. Wann déi Saach bei Kurateur leit dan kréit vertéischt mol den Papa Staat seng Suen, Employéen an eventuel Fourniseuren an Clieen. Ech hun héieren vun onmoossesch gewaltesch Scholt, Banken hun den Krunn zou gemach.
Virun 20 Joer hun ech am Starfoto Belle Etoile) geschaft. Den deemolegen Ad huet richteg Goss gemach mat den Geschäfter, an besonnesch daat an der BE.
Géif der roden eng Plainte ze machen fir Bedruch.
|
|
26.07.2008 08:51 |
|
|
|
spako
Tripel-As
Dabei seit: 14.06.2006
Beiträge: 226
Themenstarter
|
|
Tjo ech hun alt emmer super chance :-/
ech hun elo mol bei d'Cetrel ugeruff fir meng Suen iwwert dee Wee eremzekreien aawer daat ass och elo schon bessi laang hier dat ech bestallt haat...
Also wann een an de Fall kennt wei ech; eppes bestallt waat sofort lieferbar war et dann aawer net ass an et well ee net waarden: op d'Cetrel uruffen dann huelen dei d'Suen zreck.. net wei ech 6 Meint waarden :-)
Et kann ee nach emmer hoffen, vlait klappt et jo awer...
|
|
26.07.2008 09:14 |
|
|
|
CHAREL
Routinier
Dabei seit: 27.05.2006
Beiträge: 277
|
|
hei hun elo net alles duerchtgelies me hun och en problem mat topvision an mat suen remkreien.
ech hat mer do fierun 2 meint en 40d boitier bestallt, et stoung derbei längere lieferzeit.
no engem mount hun ech hinen dun mol eng e-mail gescheckt wei et dan elo dermadder wier, doropshin krut ech geentwert se giffen deen artikel guernetmei liwerenech solt meng bestellung storneieren wat ech dun och gemach hun. dorobber kruut ech dun awer och keng entwert dun hun ech namol eng mail gescheckt wei et dan elo as an ech weilt meng suen rem, do krut ech geentwert se gifn dat kucken elo fierun enger woch also bal 2 meint no der bestellung an 1 mount no der storneierung hun ech dan nachmol eng mail gescheckt ech het gehrn meng suen rem an krut alt rem nemen geentwert se giffen daat un buchhaltung weidergin, , iwert telefon as wei spako schon soht keen ze errechen.
an emmerhin sin daat ganzt awer 900 euro dei elo 2 meint net op mengem kono warn also dei zensen hun ech och schon dorobber verluer, dat ass zwa jo elo net d'welt me awer.
kinnt een mer do weiderhellefen wat ech kan maachen?
|
|
26.07.2008 12:46 |
|
|
|
Joma
Grünschnabel
Dabei seit: 30.09.2006
Beiträge: 8
|
|
Ech mengen,du kans awer ruich dem Konsumenteschutz no rotschlei froen
|
|
05.11.2008 22:26 |
|
|
LaaChkiChelChen
Mitglied
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 45
Herkunft: Warken
|
|
OHJEEEE TOPVISION!!!!!!
Sin sou roosen op dei sry Dr****firma!
Ech gesin ech sin net dat eenzegt hei waat problemer mat dem Jickeclub haat!
Ech hun firun mei wei 6 wochen op hierem site eng Nikon P50 bestallt se war an der promotioun (auslaafmodel) an well ech keng visa an sou hun hun ech per vorkasse bezuelt. Meng bestellung as ugeholl gin, krut eng bestätegungsmail an hun direkt dono nach bezuelt!
Ech hun gewaart an gewaart an gewaart! et as naicht komm... waat mer well komesch firkomm wa, war dass wei ech d'bestellung gemaach haat beemol puer minuten dono wei ech se nach eng keier kuken wollt goen, net mei do war!
Bein hun hinnen dunn an deitschland ugeruf, fir d'eicht koum dass se momentan net am betrieb wären (war mettesstonn), an dono hunch dauernd probeiert an dunn as den répondeur drop gaangen dass sie am kundengespräch wären. Hun mech sou verarscht gefillt... well ech hinnen dunn och eng email geschriwwen haat wei daat dann mat menger bestellung wär.. koum dun och kurz drop eng äntwert dass den artikel ausverkaaf wär an och net mei noliwwerbar. an dass ech meng bestellung soll storneieren. TRÈS BIEN!
Hun hinnen dunn eng mei fresch email geschriwwen (wou ech meng wieder nach immens gewielt haat fir awer nach menschlech ze bleiwen. Hun hinnen gesoot dass daat eng "unverschämtheit" wär dass ech den artikel bestallt hätt an och direkt bezuelt hätt an keen vun denen am stand wär mer eng mail ze schecken dass ech den artikel nie geif kreien! Hun sou bessen à la wann ech gewosst hà tt dass den artikel ausverkaaf wär hà tt ech bei enger aanerer firma bestallt, geschwaat. an hätt en dann well eier gehaat an och eichter kennen gebrauchen!! an wei sie sech daat firstelllen geifen dass ech eben bestellen an se mer naicht soen! ech geif och naicht mei bei hierer firma bestellen mat dem arbeschtssystem den sie do hun.
Hun dono direkt d'bestellung storneiert an lo no 2 wochen krut ech dann mol eng email zreck sie hätten se storneiert weins der email vum XX.XX.XXXX an mat dem saatz nach "Ihr Guthaben wird Ihnen innerhalb der gesetzlichen Fristen erstattet." .... bein sin lo mol gespaant, bis lo as nach nix ukomm an ech hun se lo bei ebay fir 30 euro manner kritt.
NIE MEI TOPVISION
PS: wosst net dass den buttik an der BE zougemaach gin wär?!
|
|
18.07.2008 14:26 |
|
|
spako
Tripel-As
Dabei seit: 14.06.2006
Beiträge: 226
Themenstarter
|
|
majo dei email mat der Rückerstattung kruut ech am Abrell a bis elo hun ech nach naischt ob mengem Konto gesin alaafen.. also vill Spaass och un dech!
|
|
18.07.2008 14:51 |
|
|
|
jegas
Eroberer
Dabei seit: 15.04.2008
Beiträge: 54
Herkunft: aus dem wonnerschéinen lëtzebuerger Land
|
|
Da fuer mol einfach matt dem Ausdrock vun deem Mail béi sie op Wormeldange-Haut, ruff awer virdrun un op een do ass.
|
|
18.07.2008 14:59 |
|
|
|
spako
Tripel-As
Dabei seit: 14.06.2006
Beiträge: 226
Themenstarter
|
|
ech geif jo gaere kucken op een do ass aawer et hierwt emmer nemmen de Repondeur op ..
ech denken ech muss einfach esou mol laanscht fueren
|
|
18.07.2008 15:02 |
|
|
|
|
|