jekyll
Jungspund
Dabei seit: 03.07.2011
Beiträge: 21
Herkunft: Mamer
|
|
Wien huet Problemer mat enger D600? |
|
Moien léif Frënn,
ech wollt dësen Thread ausschliisslech u Besëtzer vun enger D600 adresséieren.
Ech wollt mer eventuell des Kamera zouleen, a si du duerch déi vill negativ Kommentaren a verschiddene Foren veronséchert gi.
Dofir wollt ech mol Erfahrungen aus "éischter Hand" nosichen: wie vun iech huet eng D600, a wat kéint en eventuell iwwert déi ominéis Stëbs an oder Uelegproblemer um Sensor berichten?
Villmools Merci fir är Hëllef.
Jerry
|
|
22.01.2013 09:55 |
|
|
Miau
Mitglied
Dabei seit: 21.01.2009
Beiträge: 25
|
|
|
22.01.2013 11:05 |
|
|
jekyll
Jungspund
Dabei seit: 03.07.2011
Beiträge: 21
Herkunft: Mamer
Themenstarter
|
|
RE: Wien huet Problemer mat enger D600? |
|
Merci Miau, mee genau daat wollt ech jo vermeiden...
Ech wollt vun onsen Photogen Spezien eng 1. Hand Impressioun hun, an net rem an engem vun den villen Foren ronderemstocheren.
|
|
22.01.2013 12:15 |
|
|
Miau
Mitglied
Dabei seit: 21.01.2009
Beiträge: 25
|
|
RE: Wien huet Problemer mat enger D600? |
|
soss kann ech net helefen, schaffen nëmmen mat Sony an ouni Stëbs :-)
|
|
22.01.2013 20:01 |
|
|
p-foto unregistriert
|
|
RE: Wien huet Problemer mat enger D600? |
|
Salut jekyll,
Also ech hun meng D600 sait Enn November, an ech hun bis elo keng Problemer mam Stebs oder Uelegflecken. Ech hun puer Tester mat engem Wäissen Hannergrond bei Blenn 22 gemaach, an hun näischt enddeckt. Ech hun och irgtendwou gelies dass nëmmen verschidden Serien dovun betraff wiiren !
Fir mech perséinlech eng Top Kamera
bj Patrick
|
|
23.01.2013 00:55 |
|
|
jekyll
Jungspund
Dabei seit: 03.07.2011
Beiträge: 21
Herkunft: Mamer
Themenstarter
|
|
RE: Wien huet Problemer mat enger D600? |
|
Zitat: |
Original von p-foto
Salut jekyll,
Also ech hun meng D600 sait Enn November, an ech hun bis elo keng Problemer mam Stebs oder Uelegflecken. Ech hun puer Tester mat engem Wäissen Hannergrond bei Blenn 22 gemaach, an hun näischt enddeckt. Ech hun och irgtendwou gelies dass nëmmen verschidden Serien dovun betraff wiiren !
Fir mech perséinlech eng Top Kamera
bj Patrick |
Merci Patrick, dat berouegt mech e bessi. Wann een duerch d'Forumen surft kéint ee mengen alles wier schlecht waat mat der D600 zesummenhänkt.
Wou hues du deng da kaaft, an waat hues de geblecht? Ech fueren de Samschdeg mol bei CK laanscht...
|
|
24.01.2013 09:37 |
|
|
p-foto unregistriert
|
|
RE: Wien huet Problemer mat enger D600? |
|
Also ech kruut meng als Cadeau iwwer Amazon kaaft ! Den Präis war dun ongeféier bei 1600€
|
|
25.01.2013 00:29 |
|
|
Myk
Jungspund
Dabei seit: 07.05.2010
Beiträge: 11
|
|
Hallo ,
en bekannten hat D600, an den hat genee wei ech mat de D800 problemer no +- 7.000 Opnahmen kritt ... dono as se fort gescheckt gin, an 4.000 Fotos dono nees den selweschten Problem ...
Et as net all Model wou den Problem huet, du kanns chance hun an deng 1A lefft perfekt ....
Ech selwer hun mech do leider vun Nikon getrennt an sin op Canon riewer gewieselt.
cheers,
Mike
|
|
02.02.2013 18:10 |
|
|
gi87 unregistriert
|
|
dat wor io eng Radikal Entscheedung, hoffentlech heuste elo mei Glëck bei Canon, obwuel een do net verschount ass mat Objektiver dei Front oder Backfokus Problemer hun..
|
|
03.02.2013 01:06 |
|
|
Hiko unregistriert
|
|
Vun sou Problemer bas de bei kenger Marque verschount. Ech muss soen dass ech mat munchen Canon Objekitver mat roudem Reng vill Problemer hat, mee ech sin lo mat mengem Equipement, bis op den 16-35, eigentlech ganz zefridden. Mat engem Boitier hat ech nach keen Problem, ausser dass meng 5D no puer Wochen op een Hoer eng Schrauw verluer haat. An diversen Fotosgeschäfter hun ech awer grad su gudd vun schlechten Erfahrungen bei Nikon heieren, an dat och mat richteg deierem Geschier. Menger Meenung no huet een Chance oder net, egal weieen Produkt een keeft.
Zu der D600 kann ech naischt soen. Ech well just soen dass een sech net soll vun Internetforen verreckt maachen loossen. Dei Lait bei deenen den Fotoapparat fonktionneiert schreiwen naischt dohin. Di negativ Erfahrungen am Geigesaatz faalen natierlech emmer mei op. Daat get jo och gesoot an deem Forum vun Dpreview. Di Leit mat den Uelegproblemer haten denken ech Pech en Boitier aus enger Serie erwescht ze hun dei fehlerhaft war. Wann ech su um Internet liesen, gin et awer och vill Leit di ganz zefridden dermat sin. An ech sin mer secher dass et där mei gin.
Mee mat engem Marquenwiessel bas de net vun Problemer befreit.
|
|
03.02.2013 14:10 |
|
|
gi87 unregistriert
|
|
Esh wees dat, hat do genuch Problemer mat ganz Deieren Optiken am 5-Stellegen Bereich mat roudem Rank, mee elo asset och nach just bei mir den 16-35 L II den net richteg well um 1Dx, awa um 5D mkIII an 1Dmk4 klappdet awa.. Mol kuken
|
|
03.02.2013 15:36 |
|
|
Hiko unregistriert
|
|
Mam 16-35 hun ech usech 2 Problemer. Engersaits den Autofokus, mee deen kann ech astellen an daat klappt einegermoossen. Do as bei der 5D MIII ganz praktesch dass ech Tele an Waitwenkel kann astellen. Daat waat mech awer mei steiert as dass bei 16mm d'Optik net 100% zentreiert as. D.h. bei mengem as dei lenks Bildsait net su immens. Bon am klengen fällt et net vill op, mee awer. Agescheckt gouf et schon 2 mol, mee et as ni eppes erfollegt.
Ech fannen et fragwürdeg dass bei der Qualiteitskontroll vun Geschier waat sou vill Suen kascht, sou grouss Toleranzen zougelooss gin.
|
|
03.02.2013 15:51 |
|
|
gi87 unregistriert
|
|
Dat hat Esh bis dato nach net, do am Beschten zum CPS schecken an eng Zentreierung ufroen vun den Lensen, an Eichten Joer asset Gratis normalerweis beim CPS.
Esh hadet probeiert iwert de Microajustement an ouni Erfolleg um 1Dx, beim 5D mkiii passdet.
Dat mat da Endcontrolle ass soueng sach, Du heus bei all Komponet op Camera, Objektiv oder Telekonverter gewessen Ferdegungstoleranzen, an do asset schweier ze kontroleieren wat gud a schlecht ass... Dofir ass den CPS-Service do vir dei Sachen nozebesseren... Kloer als Client heut een keen Verständnis wann een Eppes keeft an et ass e Konstruktiounsfehler drun..
Esh wor objidafall mam sprong op den 1Dx iwer 2 Meint amgangen mat Canon dass alles dun gepasst heut, wat vill Nerven a Gedolt kaacht heut..
|
|
05.02.2013 09:08 |
|
|
Hiko unregistriert
|
|
Jo daat as kloer, dass bei sou villen verschiddenen Komponenten dei openeen passen mussen, d'Fertigungstoleranzen schweier ze kontrolleieren sin. Et geet engem just op d'Nerven, wann een bei all zweetem Objektiv waat een keeft Problemer huet. Daat mecht dann iergentwann keen Spaass mei.
Ech muss et dann einfach nach eng Keier probeieren mam aschecken. Vlaicht erfollegt jo dann eppes.
|
|
05.02.2013 11:16 |
|
|
|