LaaChkiChelChen
Mitglied
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 45
Herkunft: Warken
|
|
dann froen ech mol no bei menger boom op sie eppes an der boite fonnt huet
merci
|
|
18.07.2008 20:15 |
|
|
arwa
Routinier
Dabei seit: 16.03.2008
Beiträge: 252
|
|
Zitat: |
Original von Mojoo
Den (online) Topvisionshop huet, souwäit ech wees, näicht mat den Topvisiongeschäfter ze din dei hei am Land sin/waren.
|
Daat stëmmt nët, sie hun, bzw. haat e schon domadder ze dinn.
ëch hun e puer Artikelen bei hinnen online bestallt, hun dann ëmmer ugekreizt, dës Artikelen an der Belle Et.... an hierem Geschäft ofzehuelen an déen Moment och ze bezuelen an daat huet ëmmer geklappt !
Am Geschäft waren d'Saachen souvill mei deier an éemol huet souguer en Här schweier reklameiert,wëll mein Blëtz ronn 45 Euro mei bëlleg war, wei déen sëlweschten, déen hien déen Moment am Geschäft kaaft huet
ëch geif , wei schon beschriwwen , den Konsumenteschutz - direkt - aschalten !!
Dat heite huet lo neicht mat Topvision ze dinn, mais mat online-kaafen.
Ech vir mein Déel, an nach eng Parti Kollegen, bestellen an den USA, zB. bei B&H , oder Adorama, vir lo keng Reklamm hei ze maachen !
Hu mir virgeschter Owend en Objektiv bestallt a wann do geschriwwe stéet, ët wier op Lager, dann as ët daat och !!!
Wann DHL haut geif - schaffen, dann wier ët haut nach bei mir heihéem, et as nämlech , laut - tracking... dengens - ënnerwée vu Köln op Lux. !
Dobei hun ëch och nach mind. 250 - 300.- Euro gespuert
, daat awer jhust, weinst dem Kurs vum Dollar !
|
|
19.07.2008 09:08 |
|
|
spako
Tripel-As
Dabei seit: 14.06.2006
Beiträge: 226
Themenstarter
|
|
ech sin scho laang am gaangen hin an hir ze iwwerlee fir mer een neien fotoapparat ze kaafen, an onverstaenneg wei ech sin weilt ech mer naweel eng 5 D oder eben dee neie Model dovunner zouleen (wann deen dann am September entlesch sollt kommen)
wei ass et da mat den Taxen wann een eppes aus den US komme leist? ech hu bis elo nach nie eppes dropbezuelt wann ech mer dvden aus den US komme geloos hun, sou ee Fotoapparat ass jo do aawer schon rem ee steckche mei deier...
|
|
19.07.2008 09:33 |
|
|
arwa
Routinier
Dabei seit: 16.03.2008
Beiträge: 252
|
|
1. en Fotoapparat geif ëch mir nie an den USA kaafen, as preislëch etc... nët sou intressant, nëmmen Objektiver a waat dozou geheiert !!
weinst den Taxen,
als Beispill:
en EF 16-35 2.8L II virgeschter bei B&H = 1.400.- Dollar (incl. Transport)
rechen daat, den Moment sou ëm
1.400 / 1,55 (hängt vum Dollarkurs of) = 903.- Euro
dei bezuelst du bei hinnen direkt mat VISA (aanescht géet ët mengen ëch nët)
dann rechens du narmol sou ëm; 903 x 1.23 = 1.110.- Euro
dh. wann DHL liwwert, bezills du dem Chauffeur dei ronn 210 Euro !
daat sinn Lëtzebuerger Taxen + daat, wat den Liwwerant fir den dédouanement asw...fréet
a gudd as. dh. alles offiziell verzollt asw. en plus international Garantie, also, vun dohier.
a propos 5D
dei kanns du den Moment ganz gënschteg entweder nei awer och gebraucht kaafen.
souweit ëch heieren hun (all Mënsch heiert den Moment awer diesbezüglech äppes aanescht
) wann eng nei 5D rauskënnt, dann as dei e gudde Krack mei deier !!!!
ëch si scho frouh, wann ëch meng - aal - 5D beherrschen
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von arwa am 19.07.2008 10:00.
|
|
19.07.2008 09:57 |
|
|
spako
Tripel-As
Dabei seit: 14.06.2006
Beiträge: 226
Themenstarter
|
|
jo ech hun och schon vill Saachen "heieren" an ech wees net waat ech machen soll.. de Shantideva huet och eng 5D an hie kritt lo scho keng ersatzdeeler mei fir drop, waat ech net sou immens fannen.. natierlech ass d'5D am moment ennert 200'euro ze kreien do kann dei nei op kee Fall mathaalen, aanerersaits herno hun ech mer d'5D kaaf an dann kennt dei nei eraus, selwescht praisklass a besser...da baissen ech mech an den Henner ;-)
|
|
19.07.2008 10:53 |
|
|
arwa
Routinier
Dabei seit: 16.03.2008
Beiträge: 252
|
|
Zitat: |
Original von spako
jo ech hun och schon vill Saachen "heieren" an ech wees net waat ech machen soll.. de Shantideva huet och eng 5D an hie kritt lo scho keng ersatzdeeler mei fir drop, waat ech net sou immens fannen.. natierlech ass d'5D am moment ennert 200'euro ze kreien do kann dei nei op kee Fall mathaalen, aanerersaits herno hun ech mer d'5D kaaf an dann kennt dei nei eraus, selwescht praisklass a besser...da baissen ech mech an den Henner ;-) |
keng - Ersatzdéeler - mei, a wei wier daat da meiglech,
eng Kamera, dei nach ëmmer produzeiert an och verkaaft gët, pas possible !!
do weist ëch awer gären, bei wei engem Händler hien sou eng Äntwert krut ??
gudd erhalen 5D'ën gin de Moment ëm dei 1.300.- gehandelt !! ëch iwwerléeën, mir nach eng 2.te ze kaafen.
Wat den Nofolger betrëfft, da scheiden sich die Geister, wat do alles soll/muss aanescht sinn, daat éenzegt, wat mir u menger féhlt, daat sin 2 Fotoën mei an der Sekonn,(fir Sportfotoën) an den Autofokus ë besselchen geännert, daat as awer och schon alles !!
d'5D as a bleiwt eng SuperKamera, daat séet all - eierlechen- Mënsch dir, déen eng huet !!
den Nofolger wärt ëm dei 2.700.- Euro kaschten, wärs dë mol gesinn !!
an - ëmmer op daat bescht/neist zë waarden, daat kann an d'Aë goën.
Ech kennen éen, déen waart schon iwwer 30 Joer op dei - richteg Fra - an as nach ëmmer célibataire an wärt daat och bleiwen
|
|
19.07.2008 11:22 |
|
|
spako
Tripel-As
Dabei seit: 14.06.2006
Beiträge: 226
Themenstarter
|
|
Also ech sin hin an hiergerass an ech wees net waat ech maache soll.. et schwetzt jo och fir sech dat een seelen eng 5D als Occasioun ugebueden kritt (ech schwetzen net vun ebay well do well ech keng kaafen) ech denken dat dei meescht dermat zefridde sin... ech si mer och bewosst dat wann ech eng 5D hun ech scho mei wei gudd bedingt waert sin, et ass schliesslesch "nemmen" een Hobby an daat ass mat ee Grond fierwaat ech sou laang iwwerleen.. ech well net iwwert d'Ziil erausscheissen... ech denken fir dei Zort Fotoe wou ech (am Moment) maachen sin ech mat der 5Dmei wei gudd ausgeruesst ... Merci op alle Fall och fir dee Link deens de mer gescheckt hues! :-)
|
|
19.07.2008 12:58 |
|
|
arwa
Routinier
Dabei seit: 16.03.2008
Beiträge: 252
|
|
Zitat: |
Original von spako
Also ech sin hin an hiergerass an ech wees net waat ech maache soll.. et schwetzt jo och fir sech dat een seelen eng 5D als Occasioun ugebueden kritt (ech schwetzen net vun ebay well do well ech keng kaafen) ech denken dat dei meescht dermat zefridde sin... ech si mer och bewosst dat wann ech eng 5D hun ech scho mei wei gudd bedingt waert sin, et ass schliesslesch "nemmen" een Hobby an daat ass mat ee Grond fierwaat ech sou laang iwwerleen.. ech well net iwwert d'Ziil erausscheissen... ech denken fir dei Zort Fotoe wou ech (am Moment) maachen sin ech mat der 5Dmei wei gudd ausgeruesst ... Merci op alle Fall och fir dee Link deens de mer gescheckt hues! :-) |
hun der geschter nach zwou an engem aaneren Forum gesinn, knapp 1 Joer aal, ëm dei 1.300.- , sie waren - direkt fort !!!
|
|
19.07.2008 13:13 |
|
|
Shantideva unregistriert
|
|
Et ass am Moment ganz schwéier fir verschidden Sachen ze kréien. Ech hun een Rass an mengem Batteriegreff an do wollt ech mir een neien kaafen awer ech hun gesoot kritt dass déi am Moment net liwerbar wieren, wéi ganz vill aaner Sachen och fir d'5D. Anscheinend soll daat eppes mam Nofolger vun der 5D ze din hun. Et ass och net schlemm well ech mat dem klengen Rass och liewen kann.
Ech gief awer vieleicht elo keng 5D kaafen an léiwer warden bis am September. Et ass jo och sou dass du (Spako) dein 10-20 mm net do drop machen kanns. Deen ass fir Crop Sensor. Also brauchs du nach een Weitwenkel. Spuer léiwer déi Suen déis du elo fir eng 5D giefs ausgin fir een gudd Weitwenkel Objectif fir Vollformat. D'5D ass zwar nach emmer eng Wahnsinnscamera, awer et ass jo och net méi weit bis September, an du mess jo souwiesou wonnerbar Fotoen, och mat der 350D. ;-) Vieleicht ass dann den Nofolger do, an wann net, dann kanns du dir nach emmer eng 5D kaafen...
|
|
19.07.2008 15:52 |
|
|
arwa
Routinier
Dabei seit: 16.03.2008
Beiträge: 252
|
|
also, ën Weitwënkel fir - Vollformat - , wann ëch richteg verstinn ?!
|
|
19.07.2008 23:27 |
|
|
arwa
Routinier
Dabei seit: 16.03.2008
Beiträge: 252
|
|
ëch hat daat schon verstaanen
du hues recht, wann hat sëch nët sëcher as, soll ët op den Nofolger waarden an , wei's du scho gesoot hues, an - gudd Optiken - investeieren !!
(zB. en 16-35 II ) wat hernoter och nach op FF passt !
mais , loosse mer rëm zum eigentlëchen Thema zreckkommen, an zawar - Topvision -,
ëch fir mein Déel si gespaant, wei daat ausgéet !
|
|
20.07.2008 08:53 |
|
|
Focus
Dabei seit: 14.11.2005
Beiträge: 60
|
|
Hey Spako. Färten das déi Suen kans vergiessen. Wann déi Saach bei Kurateur leit dan kréit vertéischt mol den Papa Staat seng Suen, Employéen an eventuel Fourniseuren an Clieen. Ech hun héieren vun onmoossesch gewaltesch Scholt, Banken hun den Krunn zou gemach.
Virun 20 Joer hun ech am Starfoto Belle Etoile) geschaft. Den deemolegen Ad huet richteg Goss gemach mat den Geschäfter, an besonnesch daat an der BE.
Géif der roden eng Plainte ze machen fir Bedruch.
|
|
26.07.2008 08:51 |
|
|
spako
Tripel-As
Dabei seit: 14.06.2006
Beiträge: 226
Themenstarter
|
|
Tjo ech hun alt emmer super chance :-/
ech hun elo mol bei d'Cetrel ugeruff fir meng Suen iwwert dee Wee eremzekreien aawer daat ass och elo schon bessi laang hier dat ech bestallt haat...
Also wann een an de Fall kennt wei ech; eppes bestallt waat sofort lieferbar war et dann aawer net ass an et well ee net waarden: op d'Cetrel uruffen dann huelen dei d'Suen zreck.. net wei ech 6 Meint waarden :-)
Et kann ee nach emmer hoffen, vlait klappt et jo awer...
|
|
26.07.2008 09:14 |
|
|
CHAREL
Routinier
Dabei seit: 27.05.2006
Beiträge: 277
|
|
hei hun elo net alles duerchtgelies me hun och en problem mat topvision an mat suen remkreien.
ech hat mer do fierun 2 meint en 40d boitier bestallt, et stoung derbei längere lieferzeit.
no engem mount hun ech hinen dun mol eng e-mail gescheckt wei et dan elo dermadder wier, doropshin krut ech geentwert se giffen deen artikel guernetmei liwerenech solt meng bestellung storneieren wat ech dun och gemach hun. dorobber kruut ech dun awer och keng entwert dun hun ech namol eng mail gescheckt wei et dan elo as an ech weilt meng suen rem, do krut ech geentwert se gifn dat kucken elo fierun enger woch also bal 2 meint no der bestellung an 1 mount no der storneierung hun ech dan nachmol eng mail gescheckt ech het gehrn meng suen rem an krut alt rem nemen geentwert se giffen daat un buchhaltung weidergin, , iwert telefon as wei spako schon soht keen ze errechen.
an emmerhin sin daat ganzt awer 900 euro dei elo 2 meint net op mengem kono warn also dei zensen hun ech och schon dorobber verluer, dat ass zwa jo elo net d'welt me awer.
kinnt een mer do weiderhellefen wat ech kan maachen?
|
|
26.07.2008 12:46 |
|
|
yoshi
Tripel-As
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 232
Herkunft: Echternach
|
|
schreiw eng email wous de daat ganzt na eng keier erklärs wei hei, an dann schreiws de dobai dass se sollen seier maan oder du gengs dain affenkot (oder wei een daat schreiwt ^^) aschalten.
|
|
26.07.2008 13:42 |
|
|
CHAREL
Routinier
Dabei seit: 27.05.2006
Beiträge: 277
|
|
jo dat hat ech och mol fier ze maan schreiwen daaat dan, das se an enger woch dei soln iwerweisen oder sou, merci
|
|
26.07.2008 14:24 |
|
|
mmphotos
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden
|
|
Ech mengen effektiv dass do eng liicht dohung bessen mei helleft.
__________________ "Wenn Dein Bild schlecht ist, warst Du nicht nah genug dran" (Robert Capa)
|
|
26.07.2008 14:24 |
|
|
CHAREL
Routinier
Dabei seit: 27.05.2006
Beiträge: 277
|
|
jo okay ech wenden mech dan mol un cetrel , hofn ma mol das daat eps gett
|
|
27.07.2008 09:58 |
|
|
|