krautheim
Jungspund
Dabei seit: 11.03.2007
Beiträge: 22
|
|
Eng Mouse déi net klickt |
|
Hallo,
ech war an der läscht öfters genervt vum klicken vu menger Mouse zumols wann ech am Photoshop geschafft hun. Och mäin Matbewunner war mat der Zäit genervt wann ech an der Stuff gephotoshoped hun an hien nierwendrun wollt a Rou liesen oder soss eppes machen. Dorops hin hun ech mech op d´Sich gema no enger Mouse bei där een d´Klicken net esou fill héiert a war iwwerrascht dat esou eppes net esou einfach ze fannen as. Et get eng bekannt Mark déi esou eng hierstellt, dess huet awer schlecht Kritike kritt well se d´halschend vun der Zäit net ordentlech funktionnéiert. Dun hun ech an den USA eng Firma fonnt, déi sech op esou eng geräuschlos Mouse spezialiséiert huet (quietmouse.com). Ech schaffen elo säit e puer Deeg domat a sin déck zefridden. Den éischte Moment as et ongewinnt mee et spiert een ganz gudd un de Fangeren wéini een d´Tast gedréckt huet. Präis ongeféier 25 €.
Villäicht as jo den een oder aneren, deen och genervt as vum Klick klick klickklick...
|
|