Maggele
Kaiser
Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395
|
|
wat wier wa mer nemmen nach ee joer hätten. oder manner, a mäer wéissten et! wat géiffe mer man?
hei as een typ deen eng flott iddi huet. wat denkt der doriwwer?
http://youtube.com/watch?v=-UB-r5CvwRc
__________________
|
|
08.02.2007 22:19 |
|
|
-Laurent- unregistriert
|
|
hmm verkeefs de mer deng 2cv ech machen an engem joer den fuehrerschein an du stierfs perfekt !
|
|
08.02.2007 22:31 |
|
|
coolpix unregistriert
|
|
Zitat: |
Original von -Laurent-
hmm verkeefs de mer deng 2cv ech machen an engem joer den fuehrerschein an du stierfs perfekt ! |
wells de en dann domadder iwwerrennen?
|
|
08.02.2007 22:34 |
|
|
-Laurent- unregistriert
|
|
noe mee ech machen een lach an sein drockfesthaalzipsdings dann faellt en roof an alles geseit aus wei een accident
hmm bah ok eis zich fueren net schnell genuch
|
|
08.02.2007 22:36 |
|
|
Masterpii
Doppel-As
Dabei seit: 29.11.2005
Beiträge: 139
Herkunft: Hunsdorf
|
|
Also ech geng do zwar ganz aaner saachen maachen!!! Wier zwar bestemmt en coolt gefill, mee geng awer net zousoen, ech geng ma dann mol alseicht mein groussen Draam erfellen!!!!
__________________ Es gibt 2 Arten von Freunden. Die einen sind käuflich, die andern sind unbezahlbar!!!
|
|
08.02.2007 22:37 |
|
|
-Laurent- unregistriert
|
|
den ass?
ech giff mol relax een doener iessen goen ...
|
|
08.02.2007 22:39 |
|
|
annemie unregistriert
|
|
@Laurent: du mes d'doesch futti? *skandaliséiert*
@masterpii: klengt intressant.....
@Maggele: ehm...wann da stierws de jo just theoretesch ;-)) *zumgléck*, fir de rescht eng intressant fro...
|
|
08.02.2007 22:51 |
|
|
Olivier
Haudegen
Dabei seit: 03.11.2005
Beiträge: 511
Herkunft: Letzebuerg
|
|
Wou ech fierun puer joer am internat an der belge war.. do hun mer gedealt... haiansdo mat playboy'en, haiansdo mat FHM'en... jojo... ey... jungs... do war ech na jonk...
Echhun mer dann mol eng FHM mei genau ugeguckt... do dran war en specialze fannen, dei dir 40 saachen weisst, deis du onbedengt an dengem liewen maan muss... huelen mer en beispill:
Mat engem düsenjet fleihen, velo duerch eng salzminn, haitauchen... an an an... alles steet dodran... praisser, wou... alles...
Dei saiten, hun ech schon sait 5 joer, an gucken mer dei emmer rem un... an soen mer... wann ech eng keier suen genuch hun... muss ech daat mol maan...
Ec hun mr eng keier alles duerchgerechent... zesummen get et 100.000 euro fier dei 40 adventures duerchzezeihen... mee, gleewt mer... dei suen geing ech sougäeren ausgin, well ech well net testen wei laang ech lierwen, an alles reicht zum schluss maan...
Ech fannen et gudd datt een sech sou saachen erlaabt... mee et soll een net bis zum schuss waarden... geneisst äert liewen...
|
|
08.02.2007 22:55 |
|
|
Mojoo unregistriert
|
|
Ech fannen dei zwou Saachen hun, menger Meenung noo, guer näicht mateneen ze din. Train Surfing ass fir mech absoluten Quatsch. Ech verschtin jo dass dei Léit et maachen fir hieren "Kick" ze sichen, se sin sech warscheinlech och all am Kloëren dass dat waat se maachen lierwensgeféierlech ass, mee dann fehlt et menger Meenung noo awer un Intelligenz. Et gin och aaner Méiglechkeeten Spaaß ze hun an den richtegen Kick ze fannen.
Well, wann ech mir dann, weis du, Marc, d'Froo stellen, waat ech giff maachen wann ech nemmen nach 1 Joër ze lierwen hätt, hätt ech eng kloër Äntfert parat: Firwaat dat Joër net nach voll ausnotzen an dat allerbäscht drauss maachen, amplaatz mäin Lierwen ze riskéieren an muer vielleicht schon doud ze sin duerch sou total Domeeten wei ob engem Zuch ze surfen. Do kann ech nemmen den Kapp reselen.
@Olivier: Wann deng Lierwenszieler, oder loosen mer mol soen, Saachen deis de onbedengt maachen wells "mat engem Düsenjet fléien" oder "mam Velo duerch eng Salzminn" fueren sin... dann dees du mer awer wiirklech leed! Well waat brengt dir dat, lo mol eierlech?? Guer näicht! Du hues weder dir nach engem aaneren gehollef, just onnéideg Zäit verplempert. Oder wat wells de domadder ereechen wanns de mam Velo duerch eng Salzminn fierts?! An waat nach vill mei schlemm ass, dass genau dei "Zieler" och nach aus enger FHM, also enger banaler Zeitung, sin! Sich dach noo dengem eegenen Wee, an gräiff net ob sou blöd "Tipps" aus enger Zeitung zereck!
|
|
08.02.2007 23:01 |
|
|
coolpix unregistriert
|
|
|
08.02.2007 23:09 |
|
|
Mojoo unregistriert
|
|
Zitat: |
Original von coolpix
An Mojoo, et ginn saachen dei duerchaus Spaas maachen an keen bestemmtenen Sënn mussen hunn
|
Do gin ech der vollkommen Recht.
All Mënsch huet aaner Fiirstellungen vun "Spaaß", mee bei verschiddenen Saachen kann ech einfach nemmen den Kapp reselen wann ech dat héieren.
|
|
08.02.2007 23:10 |
|
|
Mojoo unregistriert
|
|
1. Kloër maachen ech wat ech well, huet een den Geigendeel behaapt?
2. Eng Weltrees brengt engem mei wei mam Velo duerch eng Salzminn ze fueren, well een während enger Rees onheemlech vill Wëssen ergatteren kann.
3. Wou hun ech dervun geschwaat dass FHM eng pornografesch Zeitung soll sin ???
|
|
08.02.2007 23:32 |
|
|
sanitel
Doppel-As
Dabei seit: 17.06.2006
Beiträge: 120
Herkunft: schuller
|
|
waat mech wonnert, et huet nach keen eppes zum themenstart genau gesoot
ech fannen deen video ...wow, respekti, also....mir stoungen d'aan grouss op
Wann ech wéisst, genau nach een joer kennen ze liewen...giff ech mol folgendes maachen
-mam velo queesch duerch europa fueren
-mir d'hoer wuesse lossen
-enger hand voll lait merci soen fir dat lierwen waat ech haat, genausou wéi och menger famill an och photogen (och wann et mech heiansdo nerve kascht huet ;D )
wéider fällt mir net allzevill an....mengen, daat war daat waat ech emol MISST maachen éier ech stierw giff
ahjo...:
-alles drunn setzen, Aerosmith emol enner 12 aan schwetzen ze kennen, an hinnen léiwend gär soen, dassen sie mat hieren 37 joer Muséckgeschicht, an moonschen songs, mer shcon puermol aus depressiounen gehollef hun (sou blöd an naiv et och kléngt) een Stéckchen an mengem Lierwen bedeelegt woren
http://www.youtube.com/watch?v=sj5WDEVCEnk
Kukkt ierscht den Text och mol un...d.h., ween et interesséiert :
http://www.lyriczz.com/lyriczz.php?songid=1274
Jo...an den daach firun mengem doud ging ech wuel nach, vielaischt, eng Bréck eroofsprangen (natierlech esou, dass ech keen aaneren verletzen giff dobai! )
Edit: nach vergiess, waat mir graad rem am kapp kloer gin as:
zwee menschen wuel waisen waat deen Jong, deen se zenter iwwer 6 joeren nerven,,,schloen'' (soufern daat uet ubruet as) mol waisen, waat deen ,,fetten Bigfood'' kann, an net emmer, sou maachen als wann ech naischt giff héieren
Dieser Beitrag wurde 2 mal editiert, zum letzten Mal von sanitel am 08.02.2007 23:46.
|
|
08.02.2007 23:36 |
|
|
annemie unregistriert
|
|
Hmm Olli...ech fannen daat zua eierlech gesoot och bedenklech. Ok... di eng oder aaner sou saach kann jo na derbai sinn...wanns de den Kikk wels...mee direkt 40 sou saachen dei "onbedengt" musse sin... *hmmm*
zu der Zeitung: "banal" heescht jo net pornographesch...!! Dovunner oofgesinn ginn ech dem Mojoo recht. Ech fannen net dass een soll daat maachen waat engem perséinlech wichteg as, net waat iergendsu en medien-zuuts mengt dass in waer an waat dann o na nawell suen kascht...
mee bon...ech sin jo do rem aanescht
ech sinn zua am allgemengen gaga an gekkesch, mee bei sou saachen mengen ech denken ech dann awer net einfa just drun e bessen adrynalin ze kreien mee denken dann bessen mei wait... boff....
eng direkt entwert hun ech nach emmer net
fannen d'fro dofir vill ze intressant *g*
|
|
08.02.2007 23:39 |
|
|
Olivier
Haudegen
Dabei seit: 03.11.2005
Beiträge: 511
Herkunft: Letzebuerg
|
|
Aie... ass zwar witzeg... wann een hai sou schreiwt... dann mecht een sech emer mei bewosst waat mer um lierwen hai hun...
Mojoo: Ech megen et ass am beschten jidderengem selwer iwerloos an et sollt een et am beschten fier sech selwer behaalen
Annemie: Jo... ech gesin soulues selwer dat ech do besse gaga geschriww... mee... ganz eierlech... ech hun mer net vill gedanken gemaa wou ech daat geschriww hun... ech sin emmer sou: grouss d'maul oprappen, dann reicht iwerleen... krkr...
Mojoo: Ech gin der recht... iergentwei... hun ze schnell geschriww ouni ze iwerleen^^
|
|
08.02.2007 23:41 |
|
|
annemie unregistriert
|
|
@Olli : *g* emerhin grouss schness AN epps derhannert ;-)
hmm...Ma-aaarc: firwaa stells du eigentlech just d'fro an schreiws net selwer eps derzou? *firwezeg* ^^
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von annemie am 08.02.2007 23:53.
|
|
08.02.2007 23:52 |
|
|
Masterpii
Doppel-As
Dabei seit: 29.11.2005
Beiträge: 139
Herkunft: Hunsdorf
|
|
@ Laurent: Mein Draam as et eng Rees duech den Nepal, Indien an Tibet ze maachen, fir Land (Länner), Kulturen, Religiounen, Liewensart,etc kennenzeleieren (inklusive fläit den Mt Everest ze besteigen) !! Dei Regioun dei faszineiert mech einfach, an den Draam/Wonsch eng Rees duech dei 3 Länner ze maachen get et lo schon seit 3 Joer! Wann dei richteg Geleegenheet sech erget, packen ech meng 7 saachen an sin fir eng Länger Zeit fort (ongefeier sou wei och grad am moment
)! Setzen jo schon seit 6 Meint an Liechtenstein, an bleiwen nach bis August hei, daat war och dei richteg Geleegenheet an hun se genotzt !!!
__________________ Es gibt 2 Arten von Freunden. Die einen sind käuflich, die andern sind unbezahlbar!!!
|
|
09.02.2007 00:49 |
|
|
-Laurent- unregistriert
|
|
herrlesch
indien ass wirklesch genial ech well och onbedengt nachenkeier dohinner ass wirklesch een draam den tibet well ech och enkeier gesin hmm naja firteischt mol selwer suen verdengen
hmm indie wonnerscheint land
war d laescht joer do einfach super...mee stark kontraster....
Hmm,naja mein liewensziel ass ett een kichelchen ze baacken den sou grous ass dadd ech dran wunnen kann
an dann knabberen ech mech vun bannen no baussen ^^
hmm jojo indien.... kalkutta hun ech am scheinsten fonnt...
|
|
09.02.2007 01:04 |
|
|
Maggele
Kaiser
Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395
Themenstarter
|
|
@annemie: well ech elo eréicht gesin hun dass esou vill geschriwwe gin as, geff mer eng chance
@sanitel: merci fir dee gudde post!
@forum:
deen trainsurfer as secher net mäi firbild, ech fannen et just immens réierend, dass deen typ dat bewosst gemach huet éiere stierft. ech verstin et a respektéieren et.
wat mech ugeet: firt éischt emol dat eventuellt mëssverständniss aus dem wee raumen: ech wäert an nächster zäit NET stierwen -also net dass ech wéisst- mee et as einfach dee video gewiecht dee mer déi iddi gin huet
wann ech nemmen nach ee joer hätt géif ech alles verkaafen an -ween hät dat vu mäer geduet- an 't vakenz gin. an zwar ganz elleng, ouni iergendeen! ee joer as net lang, mee ech géif elo keng weltreess man. ech well vu klengem un an australien an dat hun ech coh elo am kapp. FLäit géif ech mer nach eng nei kamera kafen an eventuell fotoe man. domat kann ee jo herno e buch erausbréngen an et verkafe zu gonschten vun iergend eppes léiwes
aner länner wiere fläit mexico, indien... wällkomm as alles ausser japan brr...
alles mam moto well ech angscht vum moto hun..
wann ech kéint, da géiff ech mer fläit verschidde proffen aus ménger schoulkarrière firknäppen, mee domat hun ech coh kengem gehollef.
als lescht -wann nach zäit as- wieren dann déi geféierlech sachen drun. also déi ganz bande vum bunjee iwwert de fallschierm bis hin zum basejumping ....
an ech géif fir mäi begriefnis schmäissen ech dann eng riesseg party, mäi sämtleche kierper gett gespend, well méng doudeg organer nëtze mer näischt méi.
da kommene ch bei eiser häer, an der kënnt mech all emol
__________________
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Maggele am 09.02.2007 13:49.
|
|
09.02.2007 13:48 |
|
|
|