pol9000 unregistriert
|
|
Internal Server Error bai Membersich |
|
Wann ech bai Memberen gin do bai Sichen gin an ech Tippen relativ seier een längeren numm an, dann 'stierzt' PG of. Wann ech nei lueden well kreien ech dann den error 500 ugewiss. Daat dauert dann ca 2-3 minuten da geet alles rem...
ech wees net ob daat just vir meng session ass oder ob dei ganz php engine ofstierzt, wa jo dann wier daat wuel eng secherheetslück... (dann lösch een desen thread besser)
|
|
19.03.2010 16:15 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Also egal wéi séier ech en Nick tippen, ech kréien näischt esou. Ass et bei egal wéiengem Nick?
Eng Sécherheetslück huet näischt mam "Ofstierzen" ze dinn
__________________ 404 - Not found
|
|
19.03.2010 16:39 |
|
|
n0kle
Foren As
Dabei seit: 25.09.2008
Beiträge: 83
|
|
hun daat des öfteren och, mais hun dleschtes mol gekuckt ob den site wierklech oofgekackt as oder ob ech nemmen "gespaart" gin, an iwert en gratis online proxy war se nach ze areeschen :/
an et kennt mir fier, wei wann et just de fall wier, wann den site enkeier mei laang brauch fier ze lueden an een awer schon tippt ier en ferdeg gelueden huet :S
|
|
19.03.2010 16:43 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Ok wann dat mam Lueden / Tippen sou ass, dann kann et hei guer net opkommen well d' Leitung ze schnell ass (Hänken op der Schaff jo am selwechte LAN wéi de Server d.h. 100mbits Ubannung drun)... Muss ech mol doheem testen dann.
__________________ 404 - Not found
|
|
19.03.2010 16:44 |
|
|
pol9000 unregistriert
|
|
wann een mat engem simplen skript keint de server dauerhaft crashen wier et schon eng secherheetslück... (wann een och net un daten kennt)
also et passeiert bai all usernumm
meng verbing ass wuel och ze lues sou daat ech net no all buchstaw teschenergebnisser ugewiss kreien, dann drecken ech enter an da geschidd naischt mei.
Wann ech dann neilueden well kreien ech nach ee popup message "The request failed"
vlaischt ass et jo nemmen bai mir...
|
|
19.03.2010 16:51 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Nee OK an der Rei, kucken an den nächsten Deeg eppes ze maachen wat dat kann verhënneren.
PHP oder Apache brécht of well nach requests lafen un de selwechte Browser / IP etc, huet awer keen Effekt op déi aner Benotzer oder allgemeng d' Schnellegkeet vum Server. Dat ass zwar dann eng Schwaachstell, mee huet näischt mat der Sécherheet ze dinn, well bei Sécherheet muss jo ëmmer iergendeppes geschützt ginn, soss huet et nix mat Sécherheet ze dinn.
__________________ 404 - Not found
|
|
19.03.2010 16:59 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Ech hu lo grad eppes geännert, mee mengen net dass dat lo souvill Ënnerscheed mécht. Selwer testen geet net well meng Leitung awer relativ séier ass, ech kréien de Feeler ni. Ech probéieren den Owend oder de Weekend nach eppes anescht aus dann.
__________________ 404 - Not found
|
|
19.03.2010 20:33 |
|
|
n0kle
Foren As
Dabei seit: 25.09.2008
Beiträge: 83
|
|
nope, tut mich leid
.... kruut de fehler erem repdouzeiert... mais, bon meng kentnisser am programeiren sin net sou grous, mais as et net esou, dass wann "d'ufro und datebank" einfach ze extrem as, een vum site gespaart get?
Also et as dach sou, dass ob der seit wou een no engem member sicht, een refresh existeiert?! keint een deen eischten refresh net einfach an dLuut setzen oder een algorithmus (yeah
een wuert waat ech an der info vierliesung verhaalen hun
) machen, welchen fierteischt kuckt, ob dseit zu 100% gelueden as, ann dann dsich-feld reicht frei get?
|
|
20.03.2010 02:02 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Den internal server error gëtt NET vun der Datenbank produzéiert, an ausserdem wären déi Ufroen jo dann méi an méi séier hannerdeneen bei enger séirer Leitung, d.h. ech misst de Feeler definitiv selwer hikréien
Dat ergëtt also leider guer kee Sënn
Wann bei all Tippen gecheckt gëtt ob fäerdeg ass mat Lueden, an dann réischt rem frai ginn, bass de genervt wanns de wëlls 5 Bustawen antippen an no dem éischten (wou am meeschte Resultater geflu kommen), an dann muss de mol 5sekonne waarde bis de weidertippe kanns.
Wat ech wëlles hun ze maachen ass eng Art "Queue", d.h. all ufro gëtt dodrann gemaach, an déi nächst gëtt réischt gemaach wann déi virdrun fäerdeg ass. Dat ass ähnlech wéi däi Virschlag, mee just méi technesch an manner nervend fir d' Leit beim tippen
__________________ 404 - Not found
|
|
20.03.2010 14:25 |
|
|
pol9000 unregistriert
|
|
Ech weess jo net wei dai code ausgesait an ob daat eng grouss ännerung wier, mee eng 'normal' sich, wou reischt gesicht get nodeems een op 'search' klickt oder enter dreckt geif de problem wuel leisen...
hu mer grad den html an js ugekuckt, ass wuel bessen komplizeiert als leisung... (form element abauen an js änneren)
edit, besser iddi: ech kenne mech nach mat js net immens aus mee een Timer deen dUfro em 0.5 sekonnen verzögert an dann nemmen nofreet wann naischt weider agetippt gouf, geif de problem opallefall minimeieren...
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von pol9000 am 20.03.2010 16:10.
|
|
20.03.2010 15:59 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Wann ech schonn liesen dass de mengs dat mam Button wir komplizéiert, dann weess ech direkt dass de selwer net vill vu JS kenns, respektiv nach net genuch. Well e Button anzebauen den réischt d'Sich start wir absolut net komplizéiert, e Form Element wir och mol net néideg (an dann nach...). Dat wär just eng eenzeg Zeil HTML Code bäisetzen an dem d'Sich gestart gëtt per JS. Allerdings ass eng Live Sich ëmmer méi flott an userfriendly.
Fazit: Ech huele gäer Virschléi un, mee iwwerloosst den techneschen Deel w.e.g. mir
Ech hu jo scho beschriwwen wéi ech et wärt léisen. Wann de Problem duerno nach besteet, dann ëmginn ech en eben mat engem extra Start Button.
__________________ 404 - Not found
|
|
20.03.2010 16:46 |
|
|
pol9000 unregistriert
|
|
hu mech nii wierklech mat js beschäfteg... nemmen html php an css...
|
|
20.03.2010 19:08 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
OK. Ech erklären der et och ganz gäer wéi et géif goen:
D'Funktioun am Javascript fir d' Sich ze starten, déi sech och automatesch Donnéeën siche geet aus den input Felder steet jo schonn. Mat Button bräicht ech just e Button bäizesetzen mat onclick="userSearch();" drann, an natirlech den onkeyup event beim input feld raushuelen. Dann wär et eng Sich mat Button als Start.
__________________ 404 - Not found
|
|
21.03.2010 00:33 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Genee, léiwer e problem léisen wéi en ëmgoen
__________________ 404 - Not found
|
|
21.03.2010 13:03 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Ech hun d' Queue mol agebaut. Kënnt Der mol kuerz testen ob de Feeler nach optrëtt?
__________________ 404 - Not found
|
|
21.03.2010 23:31 |
|
|
pol9000 unregistriert
|
|
also ech kann de Feeler emmer nach genausou provokeieren...
|
|
22.03.2010 11:25 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Solls de Firefox gebrauchen, maach selwer 2 refreshen op der Säit well dee lued d'.js Dateien net emmer nei.
__________________ 404 - Not found
|
|
22.03.2010 11:30 |
|
|
mmphotos
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden
|
|
Bei mier huet et lo geklappt. Puermol
__________________ "Wenn Dein Bild schlecht ist, warst Du nicht nah genug dran" (Robert Capa)
|
|
22.03.2010 12:01 |
|
|
pol9000 unregistriert
|
|
Also ech kann en souwuel am firefox wei am Safari weider provozeieren...
(ech wees net op et u menger Verbindung lait, mee et passeiert lo manner dachs, meng verbindung ass awer normalerweis moies emmer mei seier...)
|
|
22.03.2010 13:03 |
|
|
|