Redbox
Grünschnabel
Dabei seit: 07.10.2006
Beiträge: 1
|
|
Salut,
Ech woll hei mol probéieren, e puer Tipps ze kréien.
Mäi Problem as deen hei:
Ech sin nach Amateur, an dofir hun ech nach heiansdo Problemer fir di richteg Beliichtungszäit, resp. Blend ze fannen. Ech probéieren meng Fotoen sou ze maachen, dass se, waat d'Faarwen ugeet, plus/minus daat remgin, wat ech gesin. Leider as et sou, dass, wann d'Natur net méi genuch Liicht gët, ech da muss de Blëtz vu ménger Kamera opklappen. Dono sin d'Fotoen allerdéngs net méi sou schéin wéi ech se gäeren hätt. Mam integréierte Blëtz ass dat wat vir am Bild as zimmlech staark beliicht, mee den Hannergrond as kaum méi ze gesin (immens donkel). (As jo normal, well de Blëtz net onendlech wäit geet...)
Bei Motiver, déi sech kaum beweegen, an ech se kann mat Stativ (an ouni Blëtz) fotographéieren as dat jo kee Problem, mee wann ech probéieren, d'Faarwen an d'Atmosphaire remzegin, z.B. bei enger Hochzäit an der Kiirch, oder dono am Restaurant, wou d'Leit sech jo beweegen, geet daat schon net mét. Da muss ech scho bal de Blëtz ugeheien, dass et keng verwackelt Fotoë gin. Mee D'Fotoë gesin dann aus wéi Sch... !
Muss ech mer dofir en externe Blëtz kaafen, a mecht deen d'Saach méi einfach?
Oder geet dat och aanescht ???
Ech wier frou wann ee mir kéint hëllefen...
|
|