Laurent76
Tripel-As
Dabei seit: 22.01.2010
Beiträge: 162
Herkunft: Erpeldange
|
|
Zitat: |
Original von Metalbambi
Den Punkt mat der Beliichtungs- an Distanzmoossung mëscht Sënn, mee an eisem Alter misst een et awer nach sou roueg gehal kréien dat et och ouni geet...
@ VeloBen: Ech hunn zwar en VR am Body, mee deen ass vreckt, an hunn nach ni, awer wierklech ni, eng verwackelt Foto beim Sport gehat. (Hat ech schon geschriwwen)
Zur Beliichtungszäit: An der Coque ass et ëmmer hell genuch vir schon bei 800ISO an f/2.8 1/200s ze kréien, oft geet souguer eng 1/250s. An den meeschten Halen wou ech bis lo Fotoen gemaach hunn ass et ähnlech hell geweecht. (Mäin Favorit: alen Tramschapp um Lampertsbierg!!!) |
Ech haalen dir daat alles fir gutt!
Just, ech kennen dein Apparat elo net, mee Chance ass ganz grouß daß een "Einsteigermodel" vun weem och emmer bei ISO 800 Grenz zweschend Beis an Gutt esou gutt wei ereecht huet....! Wanns du bis 1600 kanns goen ass daat eng fein Saach.
Waat fir een Apparat den Themenstarter huet ass mir onkloer.
Ech geif deng Idee dofir och ennerstetzen daß hien emol soll Fotoen eroblueden fir daß een geseit wou den Problem ass (deen evtl just nemmen un der Schrott Automatik leit) anplaatz daß mir eis hei den Mond fusseleg diskuteieren an emol net wessen waat genau sein Problem ass. Een gutt Glas ass emmer nemmen esou performant wei deen deen Parameteren astellt resp wei Automatik...
__________________ Laurent
|
|
10.02.2011 11:01 |
|
|
Metalbambi
Administrator
Dabei seit: 16.04.2008
Beiträge: 393
Herkunft: Feelen
|
|
Eng Foto wier effektiv och net schlecht, läit nämlech menger Meenung no un Astellungen an un der Lëns.
@ VeloBen: 300mm ass jo och schon eng aner Geschicht wéi en 70-200, déi sinn méi schwéier, méi laang an d'Motiv ass méi wäit wech. Géif souwisou mol soen dat en gudden, liichtstäerken 300er den Budget e bëssen sprengen wärt.
__________________ Anti-Signature
|
|
10.02.2011 18:01 |
|
|
VeloBen
Doppel-As
Dabei seit: 26.09.2010
Beiträge: 140
|
|
@ambu0754 : The stage is yours !
Oder sin deng Biller esou onscharf an verwackelt daat se emmer opp photogen refuséiert gin ?
@metalbambi. Ech hun den Nikor 70-200 2,8 Vollformatobjektif. Emgerechent opp mein DX Sensor get daat een 105-300mm.
|
|
10.02.2011 19:30 |
|
|
benem
Jungspund
Dabei seit: 09.02.2006
Beiträge: 14
|
|
Generell géif ech rooden fir am Sport ëmmer mat der gréisstméiglecher Blend, an mat Zaiten vun min. 1/400el, 1/500el ze schaffen, na besser 1/800 oder 1/1000el, ausser wann et wierklech net anescht geet an d'Luucht et net zouléisst. Léiwer e bëssen mat den ISO rop, an dofir awer den Sujet sou gudd wéi méiglech agefruer. Dat henkt natirlech och vun der Sportart oof, et gin och Sportarten wou et méi "lues" rofgeet, do kann een et dann och mat méi laangen Zaiten probéieren. Mee dann och ëmmer mat der Fauschtregel 1 gedeelt duerch d'Brennwait fir d'Fotoën net ze verwackelen, bei 200mm wieren dat dann min. 1/200el, besser na bessen méi kuerz, zumols fir Crop-Kameras.
IS brëngt der bei Sportfotoën naischt wells de souwisou Verschlosszaiten wiels déi kuerz genuch sin dass et net verwackelt, wanns de net grad Parkinson hues
Fir Handball géif ech dir ganz kloer zu engem 85er f/1.8 rooden. Ech wees net op et dee bei Nikon gett an zu wéiengem Prais, eventuell och mol no engem gebrauchten kucken. Bei Canon as deen op allen Fall extrem gudd fir de Prais an ideal fir an eisen daischteren Haalen
Soss fir dobaussen an an hellen Haalen een 70-200mm f/2.8, oder falls de méi Brennwait wëlls, een 100-300mm, mee deen as dann och normalerweis net sou liichtstark wéi een 2.8. An ëmmer drop kucken, dass d'Objektiv een USM (Ultraschallmotor) huet, fir dass en méiglechst schnell an präzis fokusséieren kann.
|
|
15.02.2011 22:50 |
|
|
VeloBen
Doppel-As
Dabei seit: 26.09.2010
Beiträge: 140
|
|
Kuck mol an den Annoncen den pfoto verkeeft sein 70-200 2.8 zu engem fairen Praiss.
|
|
17.02.2011 19:24 |
|
|
|