Metti_Spaghetti
Grünschnabel
Dabei seit: 16.03.2006
Beiträge: 6
Herkunft: ähm... dei fro fannen ech lo zevill onverständlech an mengen net dat et hei den moment ass dorobber eng biologesch korrekt äntwert ze gin!
|
|
hun hei mol alles eng keier iwwerflunn an meschen mech lo mol och einfach ongefrot an :-)
D'5 geng ech net als mettel uschreiwen... well mettel dat kleng sou no just genügend, dat sollt et jo net sin... einfach dat null null ass an alles wat erop geht nemmen besser ass: sou an dem stil
0 -> einfach null
1 -> sou just acceptabel, et sin mei grave Fehler dran
2 -> satisfaisant, et ass een graven Fehler dran
3 -> gudd mee et gin na vill Detailer ze änneren dei steieren
4 -> gudd mee et gin na e puer Detailer ze änneren dei steieren
5 -> gudd mee do steiert eppes bestemmtes
6 -> ganz gudd Foto et sin zwar e puer Detailer dei mer net gefaalen mee dei steieren net souvill
7 -> ganz gudd Foto et ass zwar een Detail den mer net gefällt mee den steiert net souvill
8 -> saugudd Foto et ass zwar en Detail den mer net sou richteg gefällt mee en steiert net!
9 -> baal perfekt... mee et fehlt iergendeppes... dat gewessent eppes
10 -> perfekt... do stemmt alles!
Mengen wann d'bewertung net alles vun 5 erof geif als schlecht gesin dann wieren d'Bewertungen och mei reell... ech mengen och dat en text den mei laang ass wei en wuert hellefen geng dem user den choix mei einfach ze man (wei ech douewen probeiert hun ze demonstreieren :-) ) vlait ass et jo meiglech (oueni sech en been auszerappen) dat den text geng sou optauchen wnan een mam cursor geng iwwert d'note fueren... oder keng ahnung op enger separater sait... nuje mengen do get et vill meiglechkeeten :-)
Mengen t'geif och hellefen wann d'Bewärtung mei grouss opgemat geng gin... dann gengen dleit mierken wei wertvoll dat ass wat se do grad man ... keng ahnung
hoffen dat kann iergendwei hellefen :-)
__________________
Just smile and wave...
|
|