Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Suche » Suchergebnis » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Zeige Beiträge 1 bis 20 von 77 Treffern Seiten (4): [1] 2 3 nächste » ... letzte »
Autor Beitrag
Thema: legal
RivanerJoe

Antworten: 34
Hits: 66.532
11.07.2006 08:21 Forum: Froen zu Photogen


Wanns du keen Kontrakt ennerschreiws, kanns du mat de Fotoen och man was du wëlls, resp. wat d'Gesetz erlabt.
Thema: legal
RivanerJoe

Antworten: 34
Hits: 66.532
07.07.2006 12:51 Forum: Froen zu Photogen


Dach, ech hun och schon "grouss" Bands fotograféiert. Dass d'Security mech nom 3. Lidd aus dem "Gruef" gehäit as an der Reih. Dass d'Artisten am Backstageberäich net onbedengt wëllen fotograféiert gin, as och an der Reih. Mee wat ech mat den Foto machen, as hinnen egal a muss et och sin. Ausser ech hätt ee Kontrakt mat hinnen.

An ee Stadion kënns du als Zuschauer normalerweis mat engem éierbaren Fotoapparat guer net ran. An du gess iwerall drop higewisen, dass du just mat Handien an Kompaktkameraen knipsen dierf. Do dierwen een dir domm vun der Säit kommen, wann Fotoen optauchen déis du gemat hues.
Thema: legal
RivanerJoe

Antworten: 34
Hits: 66.532
06.07.2006 13:00 Forum: Froen zu Photogen


Am Fong verstin ech net was du mengs.....
Wann's du akkreditéierten Fotograf bass, da mess du d'Fotoen jo och net fir dech, mee du schaffs am Optrag vun engem aneren.

Op ville Plazen (Knuedler) kanns du ouni Akkreditéierung Fotoen vu Musikanten machen. Dax och bei méi klenge Concert'en a Wiertschaften. Ech wéisst lo net, mat wat fir engem Recht do een dir domm kommen kéint.

Et dierf een sech och net ze schnell erschrecken loossen.

Eis d'Gesetz iwert "La protection de la vie privée" baséiert op enger europäescher Direktiv vun 1992 an as a ganz Europa zimlech identesch. Dat vun den Droit d'Auteuren as och ganz rezent (2001) a baséiert wahrscheinlech och op enger Direktiv.
Thema: legal
RivanerJoe

Antworten: 34
Hits: 66.532
05.07.2006 11:45 Forum: Froen zu Photogen


@Schlimpitz:
Déi 2 Punkten déi ech genannt missten déi meschten Onkloerheeten behiefen. Vill Leit (Bands) iwerschätzen och hir Rechter. Eng "Personne Public" as manner geschützt wéi eng Privatpersoun. A wanns du Fotoen vun enger Band mess, dann huet d'Band net automatesch ee Recht drop.
Par conter hues du Recht mat de Lifestyle Fotoen. Ech hun do och schon engem Fotograf gesot ech wéilt net fotograféiert gin an et huet mech vill Méih an eng rosen Kuck kascht, fir dass hien d'Foto rem geläscht huet.

Wichteg as awer nach dësen Punkt am allgemengen:
Du dierfs eng Foto net aus dem Kontext rappen.
Beispill: eng Foto vun engem den am Rollstull setzt an ierdengwéi dobäischreiwen, dass Alkohol am Auto geféierlech as. Do muss du den Accord vun der Persoun hun.
Thema: Adobe: Photoshop CS versus Elements
RivanerJoe

Antworten: 6
Hits: 26.548
RE: Adobe: Photoshop CS versus Elements 04.07.2006 13:21 Forum: Fotobearbëchtung


Merci, besonnesch fir den Link (@luxra76).
Sin lo ee Schrëtt weider!
Thema: Adobe: Photoshop CS versus Elements
RivanerJoe

Antworten: 6
Hits: 26.548
RE: Adobe: Photoshop CS versus Elements 03.07.2006 13:53 Forum: Fotobearbëchtung


Firwat schreift dann hei keen eppes???
As meng Fro sou domm???
Thema: legal
RivanerJoe

Antworten: 34
Hits: 66.532
03.07.2006 13:52 Forum: Froen zu Photogen


@Mogway an Madsir:
Äer Duerstellung sin net ganz richteg. Ech sin och net Jurist, mee mir hun eng Partie Gesetzer iwert d'Droit d'Auteur an "La protection de la vie privée" déi hei raspillen.
2 Punkten:

1) Juli as eng "personne public". Du kanns si also an der Öffentlechkeet fotograféieren an des Fotoen publizéieren (och fir Geld). Op hirem Privatterrain dierfs du dat net. Wanns du beim Entrée op d'Concert'splaz drop higewisen ges, dann dierfs du dat och net. Dat war um Knuedler awer net de Fall.

2) Nightlifefotoen sin um Rand vun der Illegalitéit, well
et muss emmer ze erkennen sin, dass du op enger Party bass. Ee Portrait wou een dat net erkennt, dierf net veröffentlecht gin. Dobäi gesäit d'Gesetz KENG minimal Zuel vu Persounen fir, wéi d'Fotografen et heinsdo erzielt kréien.
Jiddferen huet d'Recht, sech net fotograféieren ze loosen!! Dat hescht, dir sot dem (Nightlife) Fotograf, dass dir net wëllt fotograféiert gin. Hien muss dat respektéieren. Sot dir näischt, da sidd dir d'accord.

Ausser öffentlechen Persounen (Musiker, Politiker, all Zort Leit, déi an der Öffentlechkeet stin oder optrieden), kënnt dir och Leit bei der Ausübung vun hirem Beruf fotograféieren (wann dësen Beruf an der Öffentlechkeet ausgefouert get, wéi z.B. ee Gemengesekretär während enger Gemengerotssëtzung oder ee Peschert).
Thema: Een Objektiv aus der klass 70 - *** mm?
RivanerJoe

Antworten: 7
Hits: 28.586
RE: Een Objektiv aus der klass 70 - *** mm? 03.07.2006 13:36 Forum: Technik-Diskussiounen


Ech fannen, dass bei sou engem starken Zoom, den Stabilisator eng riesen Hëllef as. Ee Concert (Lightshow, schwacht Liicht) ouni IS, as bal net dran.
Ech hun den Canon 70-200 2.8 IS. Den as natiirlech deier, mee du wees dann emmer, dass de Fehler bei dir läit an net beim Material.
Thema: Adobe: Photoshop CS versus Elements
RivanerJoe

Antworten: 6
Hits: 26.548
Adobe: Photoshop CS versus Elements 20.06.2006 14:36 Forum: Fotobearbëchtung


Salut all,
Ech war an engem Owescours fir den Corel Paint Shop Pro X. Do hun ech geléiert, dass des Software mir net kann duer goen, hapsächlech well d'Algorithmen, déi sech hannert den Funktiounen verstoppen, ze schlecht sin (de RAW converter as dat schlëmmsten Beispill).
Lo Froen ech mech, op een Adope Photoshop Elements duer geht oder net. Huet en déi wesentlech Funktionen, wéi RAW converter, 16 Bit JPEG Verarbeschtung, Layeren a Masken an sou weider?
Oder as et awer just een Noubehollef?

Merci fir äeren Feedback.
Thema: Restore vun engem Speicher-Chip ?
RivanerJoe

Antworten: 5
Hits: 26.298
16.06.2006 13:26 Forum: Material


Mir as et emol virkomm, dass meng Späicherkart Problemer gemat huet. Ech konnt näischt méi drop liesen, weder wann d'Kart am Fotoapparat war, nach um PC.
Mee ech hun erkannt, dass eppes drop war, well just nach epuer MB Späicher fräi waren an net déi komplett 512.

Demno hun den Windows sou agestallt, dass e mir all d'Dateien uweist, och déi mat der Egenschaft "hidden" oder "System".
Dun hun ech all d'Datein gesin. Mee et waren keng Biller mat der Endung "JPG". Dofir hun ech een popeleschen Rename gemat an dunn war d'Welt rem an der Reih.
Thema: Waat erlaben sech fotographen hei alles am land?
RivanerJoe

Antworten: 15
Hits: 29.613
16.06.2006 13:16 Forum: Misc


Also, wat de Fotograf do gemat as net an der Reih. Domadd wëll ech soen, et as verbueden.
"Das Recht am eigenen Bild" as duerch eng Europäsch Direktiv, déi bei eis och schon an nationalt Recht emgewandelt gin as kloer définéiert. Dass grad engem Profi sou ee Lapsus virkënnt, as duebel schlëmm. A wann hien mengt, dat wir sou üblech, da mengt hien wuel, dass dat bei HIM üblech as.
Doriwer hinaus, as et natiirlech och nach takt-a rücksichtslos.
Thema: Fotoen op Familienfester
RivanerJoe

Antworten: 7
Hits: 25.415
RE: Fotoen op Familienfester 24.05.2006 18:25 Forum: Foto-Techniken


Merci DJ,
Gutt ze wëssen!
Thema: Fotoen op Familienfester
RivanerJoe

Antworten: 7
Hits: 25.415
RE: Fotoen op Familienfester 23.05.2006 14:54 Forum: Foto-Techniken


Hun ech nach nie probéiert DJluke, mee klengt interessant.
Wann de Group ze grous as, loossen ech de Fotoapparat raussichen wou e fokuséiert, e mescht dat meschtens gutt.
Fir eng Atmosphère ambiante ze behalen, benotzen ech de Blëtz an eng lang Belichtungszäit (1/40 -1/20 Sekonn). Oder ech stellen d'Hallefautomatik op AV bei enger Blend 2,8. Mat Blëtz réagéiert de Fotoapparat (aus Ursachen déi ech net kenne) just emgedréint wéi am Léierbuch, d'Belichtungszäit gett zimlech lang.
Doduerch kriss du eng schéin warm Stëmmung.

Wann ee wees firwat eis Canon Apparater sou réagéieren, da sot mir et.
Thema: Fotoaparat vun Analog op Digital
RivanerJoe

Antworten: 13
Hits: 29.877
23.05.2006 14:49 Forum: Material


Beim Blëtz (op vu Canon oder Metz) musst du oppassen, dass en d'Canon E-TTL Funtioun ennerstëtzt. Soss funktionnéiert en net op der EOS 350D.

Deng al Objektiver kanns du benotzen. No engem Joer mierkst du awer, dass du net zefridden bass an du käfs Neier déi fir Digitalkameraen optimiséiert sin.
Thema: Metz Mecablitz op der 350D
RivanerJoe

Antworten: 15
Hits: 28.729
23.05.2006 14:43 Forum: Material


Du kanns beim Lecuit nofroen oder eng Mail un Metz machen, déi hun ee gudden Service avant-après vente.

Wichteg:
Canon Digital Fotoapparater funktionnéieren ëmmen mat der E-TTL Funtioun. Mee nëmmen déi nei Metz Blëtzer ennerstëtzen déi (ab +-2002/03). Also as deng Fro u Metz: ennerstetzt mäi Bletz E-TTL vu Canon.

De Blëtz händesch anzestellen kanns du vergiessen. An automatesch (d.h. de Blëtz mooßt d'Belichtung selwer, net TTL), brengt och näischt).
Thema: Photogeschäft
RivanerJoe

Antworten: 21
Hits: 52.637
17.05.2006 14:29 Forum: Material


Wann dir bei ebay an friemen Länner kaft, da rufft virdrun op der Douane un, do gidd dir iwert eventuel Zollgebühren informéiert. Lount sech da meschtens net méi eppes aus HongKong kommen ze loossen. Emsou méi, wann een vu verschiddenen Buttiker héiert, dass sie just Garantien iwerhuelen fir Artikelen déi an Europa kaft gi sin an net op engem aneren Konitnent. Ech wees net op dat juristesch korrekt as, mee wee well do mam Händler streiden??

An der Beaumont's Gas beim Foto Anen get een erschreckend nüchtern a kompetent zervéiert. Dat sin keng Verkeefer mee Photografen. Déi loosse kee gutt Hoer un engem Objektiv wann et wirklech gutt as.
Thema: Help:Fotoapparat
RivanerJoe

Antworten: 55
Hits: 93.541
17.05.2006 14:21 Forum: Material


Dat hei as jo mol ee spannenden Thema.
Ech kann jiddferengem deen sech nei équipéieren wëll just un d'Häerz léen, als éischt mol epuer Zeitungen ze kafen an sech doduerch ze liesen. Um Net fënnt een och vill. Dono as ee meschtens scho vill méi gescheit.

Wann ee an der Fotografie säin Hobby gesäit, dann kënnt een schlecht lanscht eng Spiegelreflex, well se einfach méi kann a dat bessert Resultat produzéiert. An dann as ee schnell fäerdeg. Et get just 2 Marken, Canon an Nikon. An do sin d'Einstiegsmodeller fir 600-700 Euro ze kréien an déi weien mol net vill.
Thema: Raw
RivanerJoe

Antworten: 11
Hits: 30.946
17.05.2006 14:13 Forum: Fotobearbëchtung


Ech schaffen mam Corel Paint Shop Pro an dem säi RAW Converter as iwerraschend gutt. Déi mescht Funktionenn funktionnéieren och am 16 Bit Format, wat am PS komescherweis net de Fall as.
Mee insgesamt as de Paint Shop (nach) kee Photoshop...
Thema: Chemikalien
RivanerJoe

Antworten: 3
Hits: 20.775
RE: Chemikalien 18.04.2006 14:49 Forum: Material


An der Stad an der Beaumont's Gass beim Photo Anen kriss du alles inklusiv kompetent Berodung. Mee den Topvision huet déi Sachen och.
Thema: Fir mech eng ordentlech Foto me ofgelehnt
RivanerJoe

Antworten: 6
Hits: 25.073
18.04.2006 14:46 Forum: Foto Forum


Iwer Eenzelfäll ze diskutéieren as ondankbar.
Dofir soen ech hei eppes, wat och sossanzwuerg am Forum stoen kéint:
ech fannen, dass nodem eis Admin'en sech nei Regelen gin hun fir d'Fotoen ze aktzeptéieren (gekoppelt mat engem Max.vun 2 Fotoen pro Auteur pro Dag), as d'Qualitéit vun de Fotoen immens an d'Lucht gangen. Et gin de Moment wirklech bal exklusiv bemierkenswert Fotoen gepost.
Zeige Beiträge 1 bis 20 von 77 Treffern Seiten (4): [1] 2 3 nächste » ... letzte »

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH