Thema: Internetsait |
spako
Antworten: |
13 |
Hits: |
46.796 |
|
|
Oh super merci Johny! :-)))
Da kann ech jo den Owend lassleen :-))
|
|
Thema: Internetsait |
spako
Antworten: |
13 |
Hits: |
46.796 |
|
|
Zum frp hunn ech eng kleng fro (bei der datebank denken ech jo dat ech alles mam jos_ prefix laeschen dh alles) awer am ftp wees ech net... Man ech do einfa de www dossier ganz eidel oder mussen do da na fichiere bestoe bleiwen (wei de index zb?)
Waer frouh wann maer ee keint hellfen, wann ech wees wat ech alles loesche muss/ daerf am ftp da ginn ech eenz fir de recht :-)
|
|
Thema: Internetsait |
spako
Antworten: |
13 |
Hits: |
46.796 |
|
|
ok Merci fir den tipp :-) mol kucken op ech mech trauen ;-P
|
|
Thema: Internetsait |
spako
Antworten: |
13 |
Hits: |
46.796 |
|
|
Merci Marc :-)
Ech hun elo de zip fonnt :-) denken daat entsprecht och eischter menger vierstellung wei ech den site weilt hun an daat erspuert mer een redirect... lo muss ech et just nach hikreien deen aale Butteck roofzegeheien an deen neien zinstalleieren... dono ginn ech eenz, well daat ass jo da just nach gepiddels...
also falls een hei ass dee maer ka soe wei ech de Joomla ganz kann vu mengem site eroofgeheien wier ech natierlech iwwert all Hellef frouh :-)
|
|
Thema: Internetsait |
spako
Antworten: |
13 |
Hits: |
46.796 |
|
|
Merci fir dei vill Aentwerten...
ech probeieren dann elo mol wordpress aus, well egal wei muss ech nees 'leieren' och wann ech en nees am joomla geif maachen well do wees ech nemmei wei ech et gemaach hat fir dei saach un d'goen zekreien :-)
mam backup hunn ech keng chance mengen ech... ausserdem denken ech mer mettlerweil , vlait wuar et och neideg an ech kann elo nach eemol nei ufaenken an eng ganz nei Sait maachen :-) Et soll een emmer optimistesch sinn :-)
ass et da meigleg mat wordpress een redirect op meng spako.lu ze maachen? oder muss ech dofir een abo bei hinnen huelen?
a wei geet daat fir ee redirect ze maachen? ech sinn wiirklech voll raus aus daer saach.. meng sait wuar lo sou ageriicht dei lescht 5 Joer an ech wees nemmei wei ech daat gemach hun :-o
Merciiii
Vero
|
|
Thema: Internetsait |
spako
Antworten: |
13 |
Hits: |
46.796 |
|
|
Hallo...
ech wollt mol hei bei deenen Leit nofroen dei eng eegen internsait hun mat hiere Fotoen... wou hudd dir dei gemach? ech hun een hosting bei ovh, an een .lu domain numm... hun meng sait emmer mat joomla gemach. Lo hunn ech meng Sait futti gmeach well ech keng Ahnung vun datebanken hun an do eppes falsches gelaescht hun.. Et ass maer zevill ontransparent an wann ech elo nees meng sait ganz nei am Joomla misst maachen misst ech nees dee ganze Butteck vu fir leieren well ech vergiess hat wei ech et genee gemach hun deemols ;-)
elo wees ech net ob sou Saache wei wix.com eng gud alternativ sinn (och wann et deier ass) oder awer einfach de premium account bei 500px mat engem redirect op meng url...
alles mei deier wei mein 20 euro hosting d'Joer bei ovh...
falls et iergend eng gratis plattform gett dei ech keint notze mat menger url oder eng mei einfach affaire wei joomla da waer ech frouh wann ee maer keint soe wou ech soueppes keint fannen :-)
meng sait soll plaaz fir multiple gallerien an ee blog hunn..mei brauch ech net
:-)
merci fir all hellef!
|
|
Thema: mei laang beliichten |
spako
Antworten: |
4 |
Hits: |
27.514 |
|
|
wann ech mech ricghteg erenneren muss de bei der 350D beim BULB den Fanger soulaang um AUsleisser losse weis de knippse wells wat jo dann zu verwackelte Fotoe feiert.. ech hat mer deemols eng fernsteierung kaaf wou een den Ausleieser dann drun konnt blockeieren an dann mat enger Stopauer Zait konnt iwwerwaachen... huet gudd geklappt fir mech
|
|
Thema: fotocepelak.cz ?? |
spako
Antworten: |
6 |
Hits: |
34.581 |
|
|
Also ech kennen dee Site net, krut allerdings och just haut genee déi selwecht Ufro.
Ech hat och net wiirklech welles deenen eppes ze schecken.
|
|
Thema: Weis Eis Déng Hompage |
spako
Antworten: |
259 |
Hits: |
650.083 |
|
|
Deng Hompage gefaellt mer ganz gudd! fannen se einfach gehaalen an liicht ze navigeieren!:-)
|
|
Thema: lowepro slingshot an eng 5DMKII |
spako
Antworten: |
4 |
Hits: |
31.984 |
|
|
Merci fir deng Fotoen!
majo ech war an de Butteck testen ;-) waat wuel am einfachsten ass, an ech hu gefaart dat mer dei eenzel schnall fir iwwert d'Scheller flait aawer herno Reckweih waert brengen dofir hun ech mer elo ee flipside 200 bestallt deen och kleng ass a wou aawer och villes drapasst. natierlech huet en deen effekt net dat een am stoe seng saache kann auspaae mee bon :-) tragekomfort daerf ee jo net ennerschaetzen :-)
|
|
Thema: lowepro slingshot an eng 5DMKII |
spako
Antworten: |
4 |
Hits: |
31.984 |
|
|
Hallo,
wei all puer Meint erem sin ech nees drun mer wellen een neien Fotorucksaack zouzeléen.
Et ass sou dat ech zwar ee grousse Saack hun, deen och mai ganzt Material packt, allerdengs weilt ech och eng mei "lightweight" optioun fir wann ech mech an der Vakanz emmer nach well probleemlos an mat netzevill Balast well fortbewege kennen.
Ech hu mer den Lowepro slingshot ugekuckt an och schon am Internet gelies dat an den 102 AW Modell eng 5DMKII mat 2Objektiver erapasse keint. ech hun meeschtens een 28-135mm an een 17-40mm Objektiv dobai. Huet een Erfahrung mat deene Saeck a keint mer do eventuell eng Info zou gin?
geif mech fréen!
Spako
|
|
Thema: Weis Eis Déng Hompage |
spako
Antworten: |
259 |
Hits: |
650.083 |
|
|
deng Säit gefaellt mer och gutt :-) domat kanns de dech jo a Russland weisen :-))
Ass et schwéier sou eng Flash Säit ze maachen? an ass dat kompatibel mat engem Blog wou een dann ëmmer a jour haellt oder bleift een an deem Fall awer besser bei Joomla? meng Säit nervt mech well bëssi awer ech hunn null Ahnung vu Flash ;-) (wat net heescht dat ech net bereet wier et wëllen ze leieren wann et net allze komplizéiert ass).
All Tip wier wellkomm wou ech daat keint leieren :-)
|
|
Thema: Concours |
spako
Antworten: |
185 |
Hits: |
515.175 |
|
|
Jo vlait, oder secher ass et iwwerdriwwen..
mee sou hun ech DAIN Kommentar opgeholl an et dir dann soumat och gesoot... daat ass och net beiss gemengt et ass einfach sou wei ech dei ganz Diskussioun empfonnd hun... wei sou oft am Internet gi Saache falsch verstaanen a gestridde wou am Fong mol keng Uersaach ass ze streiden.. ech well och net streiden...
wei scho gesoot.. wisou net einfach direkt dei Leit Aentwerte loossen dei och d'Aentwert op dei Fro richteg wessen... et muss een net emmer sai Pefferkaer derbai gin... (waat ech hei zwar lo och gemaach hun..)
ech sin ee Korrinthekacker ;-) aawer et ass net beiss gemengt! :-)
|
|
Thema: Concours |
spako
Antworten: |
185 |
Hits: |
515.175 |
|
|
Also lo wollt ech hei am Forum eng kleng Fro zum aktuelle Concours opwerfen, (an zwar genee dei selwescht wei dei wou de Gaga opgeworf huet) an du sin ech op desen Thread gestouss...
Ech wees dat mettlerweil d'Fro beaentwert ass, d'Diskussioun am Fong keint rouhe gelooss gin, an aawer well ech mech hei trotzdem äusseren!
Ech fannen et schued dat de Gaga hei sou "ugemotzt" gouf, well hien wuel e puer Ausrufezeechen zevill benotzt huet (waat mir perseinlech emmer mat de Smilyen geschidd an wou een menger Meenung no muss driwwer wegkucken wann een an enger online Community matwierkt wou souvill verschidden Menschen man genee souvillen Schreif Art a Weisen openeen stoussen) a seng eigentlech Fro domadder direkt ennergebottert gouf.
Ech si secher net deen deen alles op de Punkt genee muss beschriwwe kreien fir kennen "kreativ" ze gin, allerdengs war och fir mech absolut net kloer, souguer widdersprechlech, waat an dem "'Enoncé" vum Concours steet.
Ech fannen net dat dem Gaga seng Fro iwwerflesseg war, ech haat dei selwescht Fro, an aus deenen ville verschiddenen Aentwerten dei dun aawer an der Diskussioun opkoumen ass och ganz kloer an daitlech gin dat de gros vun de Leit d'Thema och mol einfach falsch verstaanen haaten.
Wou ass elo do de Problem? Wisou muss een dofir direkt perseinlech gin, een ugreifen, engem soen e soll sech Gedanke maachen a mol selwer drop kommen waat gemengt ass?
Ech sin der Meenung hei huet net de Gaga sech derniewt beholl... hien huet eng kloer Fro gestallt an reischt drei Thread Saite weider och eng kloer Aentwert kritt. Wou ass de Problem engem einfach ze soen: "ok, do ware mer bessi ondeitlesch" 'net ze erkennen' an 'net ze gesin' sin zwee allee puer Schong an mir missten vlait eisen Enoncé deemno bessi adapteieren " (ee Wuert aenneren vlait?) am PLaaz direkt op Saazzeechen ze pochen dei jo guer neicht mat der Diskussioun ze din hun. (ech wees och dat heinsdo de Toun d'Musik mecht mee am geschriwwenen ass daat sou eng kriddleg Saach dat ech emmer eischter dervun ausgin dat et NET beiss gemengt ass!)
Ech fannen et op alle Fall schued dat sou banal Saachen da sou mussen ausaarten fir dat am Endeffekt aawer ganz kloer derbai erauskennt dat dei Fro berechtegt war. Wann de BP an d'Kleent sech em Concoursen kemmeren wier et dann net mei einfach och si dei nexte Keier bei sou enger Fro direkt dei richteg Aentwert heihinner schreiwen ze loossen am Plaaz dat do dann nach lauter aaner Leit eppes zou schreiwen waat si jo anscheinend och net wiirklech richteg verstaanen hun an dann fir nach vill mei konfusioun an Opreegung suergen.
A Kritik, Froen an Diskussiounen sin menger Meenung no dach genee daat wouvun Internet, an virun allem ee Site wei PG dach nemme liewen oder ieren ech mech? Si mer net all hei fir un Diskussiounen deelzehuelen? (wisou geet ee soss an ee Forum stöberen?) fir eng Kritik ze kreien oder ze gin (bei Fotoen, mee wisou net och bei aaner Saachen?) a fir vuneneen ze leieren an eis Auszetauschen...
Wei scho gesoot... den Toun mecht d'Musik, an daat gellt fir jidfereen!
meng 5 cent...
|
|
Thema: D'Seeche vum Zinniklos |
spako
Antworten: |
8 |
Hits: |
38.441 |
|
|
dei zielen ech am Moment och baal all Daag ;-)
et gett ee franseischt Billerbuch
"La véritable histoire du st nicolas"
do sin et allerdengs 3 Kanner dei an de Besch holz siche waren an sech do verlaaf hun.. ech denken dei geschicht gett et a ville Varianten... meng Boma huet mer se och mat den Staatdiiren erzielt...
|
|
Thema: Urbex de Sonden |
spako
Antworten: |
88 |
Hits: |
178.751 |
|
|
wann ech et hikreien kommen ech och op de RV.. :-) sin aawer net secher ...
|
|
Thema: Haut:Ingo Maurer Beliichtung op Belval! |
spako
Antworten: |
3 |
Hits: |
25.026 |
|
|
Ech mengen dei Luuchtinstalatioun soll schon do fest bestoe bleiwen (sou aehnlech wei op der Völklinger Hütte.. Bis daat aawer definitv a Betrieb geholl gett waert et wuel nach daueren... vun dohier as haut den Owend d'Presentatioun an dann dauert et nees bis een sech daat kann ukucken... ech verstn deng Nostalgie fir d'Industrie, aawer besser sou wei guer naischt mei ze hun ;-) d'Heischiewe si jo sou oder sou nunmol net mei aktiv :-/
|
|
|