Thema: Konstruktiv Kritiken |
m-otiv
Antworten: |
29 |
Hits: |
296.286 |
|
|
Also Ech freen mech op all Kritik...op vun Anfänger oder Profi...
Ech froen "emmer" meng Fra hier Méhnung, Hat gesait daat matt engem aaneren Ae (net tèschnesch eben an oft méi objektiv) wéi, soen mir emol, den Gloda
Guer keen Kommentar, do stellt een sech dann d'Fro: ass d'Foto esou sch...ss, an keen traut sech et ze soen? oder ass se esou perfekt (haha) dass et naischt ze mekere gët...
Ech op alle fall vermessen die riesen Débatten mam Suraki, Gtaddei , Shanti ;-)
Do gouffen schon emol puer Fotoen zerfetzt
an Ech hunn esou vill dorauser geléiert... Och wann Ech ab und zu net emmer direkt agesinn hunn waat net gestemmt huet...hunn Ech et awer matt der Zait selwer agesinn...
Nach eppes Gloda: et soll een sech och seng egen Meehnung vun der Foto maachen an sech net vun den aaneren Kommentarer beaflosse lossen...
Oft entstin hei esou Trend-Kommentarer....
|
|
Thema: Refus |
m-otiv
Antworten: |
186 |
Hits: |
376.399 |
|
|
Wann mir schon derbai sin
:
Aus menger Erfahrung: Titten ok, Arsch (souguer eng Arschbaak) ass hei guer net Wëllkomm
Wiesou Titten ok? Haat mech mol amuséiert e bessi no Nippelen ze sichen, an ouni vill ze sichen hunn Ech der op mannst 5 hei Fond....souguer een ganz éroteschen Décolté vum Master Johny himself
An hei meng "AKT" Foto: http://www.flickr.com/photos/vitovox/565...157625810137066 (77 favs op Flickr) die net ugeholl gouf...
Vue dass "sex sells", wäll den Sex factor d'Kompositoun an d'Phototeschnik am grouf gehait, keinnt eng Staark érotesch Foto, egaal wéi schlecht se ass, locker WochenFoto ginn, wäll "sex sells"!
Ech mengen wann PG daat géif tolleréieren, dann wären all är Méih (landschaften, Makro, HDR etc...) fir d'Kaatz...
Metlerweil stellen Ech fest, dass hei eng Staark Landschafts Kommunotéit entstaan ass...wiesou och emmer....
Soit....Chef ass Chef, Max ass Max ...
Just mein Pefferkäer, respektéieren de Johny an seng supper Aarbecht (an Ausdauer, wëll vill Suen mecht hien hei net matt eis, nëmmen Stress)
Post är Fotoen einfach op www.photoshoot.lu .. Och dem Johny sein neien Bebé, matt méi locker "Prinzipien"
|
|
Thema: 500px |
m-otiv
Antworten: |
4 |
Hits: |
39.354 |
|
|
e flotten site...iddi an layout gefaalen mir ganz gudd
|
|
Thema: XXXL Print |
m-otiv
Antworten: |
4 |
Hits: |
30.083 |
|
|
20.08.2011 10:05 |
Forum: Misc |
Ech géiw keen bicubic resize maan (et gin pixelen interpoléiert)...hunn selwer eng 3x2 Meter gedreekt die am Grond hängt, Bild haat dann nëmmen em die 35 dpi...ab 50cm ass keen Pixel ze gesinn
|
|
Thema: Google+ |
m-otiv
Antworten: |
10 |
Hits: |
38.605 |
|
|
Ech sin begééschtert....circles an d'integratioun vun Picasa sin einfach top...
Endlech sin fotoen presentabel
|
|
Thema: Wéini ass een en gudde Fotograf? |
m-otiv
Antworten: |
27 |
Hits: |
79.951 |
|
|
Kann d'Fro nach méi Vague sin w.e.g.?
Wéini???? waat fir eng äntwert erwaards Du dir?
an 3 méint? an 7 joer?
Wéini ass een e gudde Chauffeur, wéini ass een e gudde Musiker, wéini ass een e gudde Kach? wéini ass een e gudde Mensch?
Photographie ass eng aktivitéit matt 753 enner-kathégorien..
Du kanns een perfekten Teschniker gin an e puer méint, teschnik léiert een, awer komplett "NULL" kréativitéit hunn...an dann bass du awer keen gudde Fotograaf...
Du kanns vun teschnik "Null" Aahnung hunn, an awer emmer die bèschten Street momenter erwëschen...
Also verstinn Ech deng Fro net...
An der Musik huet den Bob Dylan sech matt 3 Accorden zum Weltstar gemaach, den Paul McCartney kann keng Nouten liesen....
An dann gin et Virtuosen wéi den Satriani, Steve Vai etc di pur Teschniker sin...
Eppes ass secher: ohne Schweiss....
|
|
Thema: Fro fir d'Moderatoren |
m-otiv
Antworten: |
93 |
Hits: |
166.673 |
|
|
Also.........
Ech well mech elo hei guer net aschleimen...kréien och Fotoen zenséiert...an méschtens sin Ech och vun der Entscheedung iwwerascht an kann se net ganz novollzéihen.
Et ass awer de Wonsch vun de Moderatoren eng gewessen Richtlinie ze hunn an daat musse mir all respektéieren...Et gin jo aaner siten wou een seng sache posten kann (probéiert emol www.oneeyeland.com, do gin der täglech nemmen 2 ugeholl, an sie hun 30000 aktiv memberen)
Also bei mir Doheem muss Dir d'Schong ausdoen, daat ass esou....op dir et verstidd, blöd fannt oder waat och emmer....et ass bei mir Doheem, an do maan Ech waat Ech wëll
|
|
Thema: Press: Cover Shooting "Léon Magazine" + interview |
m-otiv
Antworten: |
7 |
Hits: |
37.842 |
|
|
Ech wees elo wierklech net wou Ech esou eppes posten soll: Austellungen vun PG memberen? et ass jo keng Ausstellung...
Fréen mech esou richteg dass den Léon Magazine mech fir eng Interview démarchéiert huet....no der Interview hunn se sech souguer fir eng vun menge Fotoen fir de Cover entscheed..
Digital versioun fan dir hei : Léon Magazine
Print versioun fann dir e bessi iwwerall an sie get an 10.000 exemplairen gedréckt.
|
|
Thema: ___Reen Shooting |
m-otiv
Antworten: |
4 |
Hits: |
32.323 |
|
|
eng ganz flott iniziativ vun PG....schued dass Ech krank war/sin....Hoffen dir widderhuelt esou Saachen méi oft ;-)
|
|
Thema: Press: Photo-Buzz Cover + 8 Saiten |
m-otiv
Antworten: |
7 |
Hits: |
34.650 |
|
|
merci merci...
Jo Marco merci vir d'Fierschléi....Foto soll scho fier sin...awer fir mech maan Ech graad mein Photographeschen Führerschein...Ech well fir d'1st emol mein Geschier an d'Luucht beherrschen....an daat ass mir wichteg....fir dass eng gudd Foto net dem Zoufall iwwerloss get...
Wann Ech emol eng iddi hunn....dann well Ech och wessen wéi Ech se emsätzen soll (als strobist/retoucher an photograaf)...dofir strében Ech am moment...
Ech posten jo och ziemlech alles waat Ech maan (gudd an manner gudd) wäll Ech net nemmen Luew well an Ech mech schon oft getäuscht hunn...geduecht Eng Foto wier génial, an se waar et net, oder emgedréint...
Dank Kritik an Feedback wees Ech dann waat an mengem Portfolio gehéiert, wéi Eng Foto Ech un Enger Zaitschreft schécken usw...
Dofir weider esou...soot mir waat dir dovunner haalt...
|
|
Thema: Press: Photo-Buzz Cover + 8 Saiten |
m-otiv
Antworten: |
7 |
Hits: |
34.650 |
|
|
Hallo,
Wollt just emol mattdéelen dass e puer vun menge Fotoen et bis an der Photo-Buzz gepackt hunn....Ech sin schon stolz, vue dass et mein 1sten Cover ass...(hoffen net de läschten ;-) An natierlech wollt Ech daat hei matt Iech déelen, vue dass se hei emmer als 1st gewise gin an vun Iech Kommentéiert gin.
entdeckt d'ganz online Zeitschrëft hei: http://www.buzz-photo.net/mag_18.htm
an nach aaner publicatiounen kennt dir op mengem Blog fannen: http://motiv.lu/category/press/
|
|
|