Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Suche » Suchergebnis » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Zeige Beiträge 1 bis 2 von 2 Treffern
Autor Beitrag
Thema: Photo Dichter -> Faillite ?????
Yves

Antworten: 14
Hits: 31.365
29.12.2008 23:29 Forum: Material


Dat deet mer wierklech leed fier den Jerome mee wei schons gesoot ass et net do wou en ophällt!!
Thema: Berufs Wiessel
Yves

Antworten: 47
Hits: 86.102
29.12.2008 23:22 Forum: Misc


Salut ech hun daat hei lo kuerz gelies an wollt kuerz meng positioun dem Schlimpitz erklären. Als allereischt muss ech der soen dass ech et haassen wann een den '......' -Begreff benotzt, daat hun ech wierklech net gär. Merci fier d'Versteesdemech.

Ech stoung virun 18 Joer virun engem choix, ech war dee moment am ECG op 13è. Ech wollt Fotograf gin an ech hu mech dee Moment informeiert waat ech maache keint, ech haat dei Zeit awer ganz a guer kee choix mam Wee. Ech hätt missten dei ganz Leier nomachen am allerbeschten Fall hätten se mer dei eischt zwee Joer an engem machen gelooss. ech hu mech awer schlecht gesin no enger 13è ECG op 9è an 10è zreckzegoen just fier Fotograf ze gin an dann nach 6 Joer an engem Geschäft Filmer ze verkaafen, Passfotoen machen an een Dag an der Woch an d'Schoul ze goen. Ech hun dun zu Breissel gekuckt fier an eng Fotoschoul eranzekommen, d'Cambre oder d'75 waren am Gespreich. An der Cambre haten se keng Platz mei, mee d'75 war keen Probleem. Ech sin anhand vu mengem Portfolio erakomm an net anhand vu mengem Diplom. Paralell dozou hun ech mer missten Suen niervenbei verdengen well main Papp total geint dee Wee war deen ech ageschloen haat, hien war fier d'Meeschterprüfung well d'Fotosschoul dee Moment hei am Land net akzepteiert war!. Doweinst kruet ech vun him keng Enerstetzung. Ech sin mech dunn als Assistent bei verschidden grouss Moudefotografen zu Breissel vierstellen gaang an hun dun och zimlech vill Arbescht kritt, deemno ass d'Schoul vernoleissegt gin an no uerzer Zat hun ech kee Senn mei dra gesin an hun se ganz opgehaal, well et mech einfach mei faszineiert hat direkt um Terrain bei de fotografen ze leieren. Ech hun dunn och en Fotograaf kennengeleiert deen vu Letzebuerg war an deen sech dee Moment zu Letzebuerg selbststänneg gemach hat. Dee fotograaf huet mer no 1 Joer Breissel proposeiert bei him als Assitent Ganzzait ze schaffen. Ech hun daat dun och ugeholl mat der Optioun dass ech genuch Auszait hätt fier weider ze reesen an nach bei aneren Fotografen kennen ze assisteieren fier weider ze leieren. Fier aner Welten kennzeleieren. Sin dun no 15 meint bei deem fotograf wou ech och den Numm kann nennen an deen ech hautzudags nach emmer als beschten letzebuerger fotograf bezeechnen ( den garry huet och do geleiert am Ufank) www.frankweber.lu
Sin dun weider op Pareis gaang, hei an do assisteiert bis ech dei grouss Eier an Chance haat beim Patrick Demarchelier oder Stephan Jouhoff (google their names) kennen ze assisteieren. Ech war dei ganze Zait selbstänneg hu e puer Sachen fier mech gemach an awer meng Suen bei den Fotografen verdengt bei deenen ech och ganz vill geleiert hun. Ech sin 2000 op letzebuerg zreck komm weinst der Leiwt (wat ech awer muss soen dass et en Feeler war, net weinst letzebuerg mee ganz einfach well zu Pareis oder Wien wou ech geschafft hun vill mei Konkurrrenzkampf ass an do gess de vill mei gefordert gut an kreativ ze sin fier deng Plaatz net ze verleieren, hei geet et duer dass ech e puer sexy Mossen op den RTL.lu setzen an d'Leit jeitzen vu Freed wollt dobai awer och nach soe dass der mech net no deems wat der op RTL gesidd mech sollt beurteelen mee nodem wat ech am Ausland machen) Ech sin op Letzebuerg zerckkomm ouni Meeschterbreiff mee awer mat ganz vill Kennen, Experienz an Knowhow an mat deem hun ech am Ufank als artist-photographe geschafft. En Frank Weber, Patrick Demarchelier, Stephan Jouhoff hun och keng Meeschterprüfung!!
Ech hun bis elo 3 Kontrollen kritt dei awer net agreiert waren vun der Federatioun vun de Meeschterfotografen (well daat sin Kollegen vu mier dei mech mat deem wat ech kann a machen respekteieren) mee vun 3 Möschtegern Fotografen wou ech mech awer eierlech gesoot froen wou sie d'Meeschterpüfung konnten kreien. Dei eischt war 2002, dun 2003 an eng lescht elo 2008 dei awer just mat engem breif oofgeblockt gin ass. Sie sin alen 3 negativ fier mech verlaaf, ech sin legal ugemellt, hun 17 Joer als 'fotograf' geschafft ob et elo am Ausland (wou een meeschtens keen meeschterbreif braucht) leieren oder selbststänneg war.
Brauch een elo eng Meeschterprüfung fier Fotograf ze gin? Jo hei am Land normallerweis jo mee no den europäeschen Richlinen dei zu letzebuerg als eenzegt land nach net adapteiert sin braischt een se net mei. Du kanns awer och elo no der Fotosschoul am Ausland hei just den examen no machen oder dech einfach als Fotograf umellen daat geet och. Du brauchs als allereischt TALENT an awer och eng Ausbildung sief et mat Experienz oder mat engem Diplom. du muss dei Experienz awer och kennen noweisen anhand vun offiziellen Breiwer vun deenen Fotografen bei denens de am Ausland geschafft hues.

sou haalen elo mol kuerz op well ech mer denken kann dass elo e peur Froen kommen.
Yves Kortum
Zeige Beiträge 1 bis 2 von 2 Treffern

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH