Thema: Sensor botzen |
|
Salut!
Zum Fotocenter - Ettelbréck: Hunn ech do eppes verpasst??
War haut an der Foussgängerzone zu Ettelbréck an d'Geschäft schéngt et net méi ze ginn ???
Den Internet-Site ass och doud... oder plënneren si ob eng aner Plaatz?
Ween huet do News?
Merci!
|
|
Thema: Ansprech evtl. ze héisch? |
|
Eng Propose:
Am Plaatz hei sou vill ze diskutéieren, déi Zäit méi sënnvoll asetzen, a weider vill "gudd" Fotoen hei roblueden...
AMEN!
|
|
Thema: Canon 17-55mm 2.8 oder 24-105L 4.0 ?? |
|
1) sigma 24-70 2.8 => mä ass net de Brüller: Autofocus mega haard, heinasdo läit en dernieft. Blend 2.8 deelweis guer net schaarf, ab 4.0 ok.
2) sigma 18-200 => ok als "Reiseobjektiv"
3) Tamron 11-18 4,5-5,6
4) EF 85 1.8
5) EF 50 1.8
|
|
Thema: Canon 17-55mm 2.8 oder 24-105L 4.0 ?? |
|
Ech soen ob alle Fall mol merci fir dee ganze Feed-back !!
@xaph32: Ginn der Recht mam Vollformat, dofir hunn ech jo och Tendenz den 17-55mm 2.8 z'éliminéieren aus mengen Choix.
U sech feelt dann iergendwou een Objektiv am Sortiment vu Canon vum Styl 17-85mm mat grousser Blend oder sou. Et gëtt jo eent, awer mat variabler Blend an d'Qualitéit wier absolut net sou daat (zumindest hunn ech mol sou Saachen gelies...)
Demno, affaire à suivre! :-)
|
|
Thema: Canon 17-55mm 2.8 oder 24-105L 4.0 ?? |
|
Salut,
ech spille mam Gedanken (iergendwann) eng nei Lense ze kaafen a sinn an engem Dilemma! Ech wees, do sin ech net deen éischten, well d'Fro ass:
Canon 17-55 2.8 oder 24-105 L 4.0 ?? (oder souguer 24-70 L 2.8 ??)
Ech hunn eng 40D, also crop! Ech tendéieren éischter zum 24-105L 4.0, well ech domadder méi een groussen Beräich oofdécken, mä 24 mm um crop, daat ass definitiv KEE Wäitwënkel!!!
Nujee, wollt mol einfach e puer Meenung hei sou héieren.
Merci!
|
|
Thema: Meenung: Sigma 24-70mm |
|
Wollt enfach wëssen ob den Kontrast an där do Foto normal ass fir out of the box, oder ob een z.B. mat aanerem Material 24-70 oder 24-105 vu Canon däitlech méi Kontrast kritt.
Vläit hat jo well eeng de Sigma an ass lo ob den EF emgeklomm; dat wier interessant !!
|
|
Thema: Meenung: Sigma 24-70mm |
|
Hu mol eng Fro: Kuckt eech mol am Anhang dëst Bild vun de Moien unn;
Ass mam Sigma 24-70mm gemeet
Camera EOS 40D;
f/11, 1/160s,
iso 400
Nix dru gemeet, out of the box, just eben aus RAW eng JPEG mam Ps gemeet.
Wéi fann dir daat?
Ok, et war zimlech gro, mä misst do net méi Kontrast dra sinn. Ech hunn sou de Verdacht, dass de Sigma 24-70mm enner verschiddenen Konditiounen einfach keen Kontrast ob de Sensor brengt.
Merci!
|
|
Thema: Canon EOS Objektiv fier an der haal ze knipsen |
|
85mm 1.8 ass secher nie een Fehlkaaf. Natierlech, je no Sportart ass den 135mm 2.0 vun Canon natierlech och net ze verwerfen, mä ass awer och vill méi déier, wéi schons gesoot.
Da muss alt bëssen gecroped ginn :-)
|
|
Thema: iMac oofgeschoss! |
|
Och een iMac ass net feelerfrai, hat och well sou Saachen mat mengem Macbook. Allgemeng hunn ech et opginn ze froen wo "wat daat gewiescht kéint sinn" :-)
Ech mengen dat kann och keen der soen, ass net wéi bei engem (aalen) Auto, wann do eppes net gaang ass, dann gouf een Stéck ersaat a färdeg, haut, mat der Elektronik a sou, ass een als "Normalo" souwisou iwerfrot; dat selwegt gëllt vir Verkeefer an engem IT-Geschäft, déi wëssen och naischt.
Also ginn et dann nemmen 2 Méiglechkeeten bei engem totalen "black-out"
1) Alles nei installéieren an dann hoffen
2) oder an d'Reparatur ginn (=> oder direkt een neien kaafen wann en well puer Joër um Bockel huet)
|
|
Thema: Bicher iwert Fotografie an Beaarbeschtung |
|
Ech fannen folgend Buch wirklech gelongen,
"Photoshop CS3 für digitale Fotografie" vum Scott Kelby
>> link Amazon
Virunallem, wann een nach weineg Ahnung huet vum PS. Alles gett Schrëtt vir Schrëtt erklärkt, an daat op eng ganz locker Art a Weis (typesch Kelby eben). Natierlech ass dat Buch secherlech naischt vir well méi experimentéiert Useren ! An ech ka mer och virstellen, dass den S. Kelby am allgemengen dach bei den Fotografen zimlech emstridden ass: déi eng soen bestemmt: Wow, den Mann ass einfach de Glanz, aaneren wärten wuel éischter mengen "wat ass heen dann vir een Superstar à la Hollywood".
|
|
Thema: ef 85mm 1.8 usm |
|
Wat 50D betrëfft, gesinn ech dat och sou! 15MP muss ech net hunn, besseren Bildschirm wier flott, mä éierlechgesoot ass dat ee Luxus, deen net onbedingt muss sinn. Momentan hun ech mäin mini 350d Display, an do ass deen vum 40D definitiv well eng wahnsinns Stéierung :-)
Mä effektiv, ech mengen vir Krëschdag gëtt een klengen Invest gemeet: definitiv keng 50D mä eng 40D mat ef 85mm 1.8.
Merci vir all Äntwerten!
|
|
Thema: ef 85mm 1.8 usm |
|
Merci vir d'Kommentarer.
Ech hun effektiv well d'Erfahrung gemaach, dass an der Haal d'Blend 2.8 demnowéi bei iso 1600 net duer geet; kruut do sou Verschlosszäiten vun 1/125s oder sou, wat definitiv NET duer geet.
Dofir meng Gedanken opzerüsten op 40D mat eben 85mm 1.8
Argumenter:
1) 40d => besseren Autufocus an Méiglechkeet noutfalls iso 3200 ze benotzen
2) Méi eng grouss Blend (1.
an bessen méi eng grouss Brennwäit wéi mäin aktuellen 50mm (Schnäppchen)
Mäin Sigma 24-70mm 2.8 ass zwar net ideal vir an der Haal. Autofocus ass zimlech haard, net super schnell. Soss ass déi Lense zwar ok (vir dee Präiss !!)
|
|
Thema: ef 85mm 1.8 usm |
|
... keng 50D ?? Bräuchs de keng 15Megapixel an keen "besseren" Display?
Wi gesoot, ech sinn och am gaang ze iwerleeen op ech mer 1 vun deenen 2 soll leeschten ...
|
|
Thema: ef 85mm 1.8 usm |
|
Salut!
Et huet een jo well vill positives vun dem ef 85mm 1.8 gelies wat Porträt-Fotografie ugeet, mä ass dat Objektiv och geegnet vir zum Beispill Action Fotoen an der Haal ? (zum Beispill Dëschtennis) Huet do eventuell een Erfahrungen?
Ech hun eng 350d an hunn do an diversen Forumer Kommentarer gelies, dass dës Kamera net sou super mat dem Objektiv funktionnéier (AF Problemer)
Ech denken nämlech eventuell iwert een "Upgrade" op eng 40D (oder 50D) no!
Merci!
|
|
|