Thema: Adé Digital Spiegelreflex |
jegas
Antworten: |
11 |
Hits: |
35.707 |
|
|
Matt der digitaler Spigelreflex wärt et dann menger Meenung goen wéi elo matt der analoger, déi leeft dann weider nierft däer anerer, wéinstens eng Partie Joeren.
|
|
Thema: Och eng Photoshopfro: |
jegas
Antworten: |
33 |
Hits: |
73.035 |
|
|
@ tomdi
Na also, geet dach, wéinstens een deen ouni aner Bemierkungen äntwert.
Ech wärt mer deen Link den Owend an Rou ukucken.
Merci villmols.
@ Johny
Sou Äntwerten erwarden ech, dann klappt et och mam Recht.
|
|
Thema: Och eng Photoshopfro: |
jegas
Antworten: |
33 |
Hits: |
73.035 |
|
|
@ Johny
Dann maach mol bësschen Reklam fir den Photoshop CS.
Waat ass dann elo besser vis-Ã -vis vum Elements ????
Waat rechtfertegt dann elo fir méi Geld fir den CS auszegin wann een Netprofi ass ????
Waat fir een Notzen bréngt den CS ???
|
|
Thema: Och eng Photoshopfro: |
jegas
Antworten: |
33 |
Hits: |
73.035 |
|
|
@ johny
Ok, ech wëll, wärt mer et fir d'Zukunft mierken.
Kann jo als Neuling an Saachen Digitalfotographie nach net alles liesen.
|
|
Thema: Och eng Photoshopfro: |
jegas
Antworten: |
33 |
Hits: |
73.035 |
|
|
@ Johny
Photoshop Elements ass och Photoshop, do kannste naischt aneres behaapten. Den eenzegen Ënnerscheed ass just datt dat engt d'Profiversioun ass an dat anert d'Amateursversioun an de Prais, méi net.
|
|
Thema: Concert Fotoen |
jegas
Antworten: |
6 |
Hits: |
33.432 |
|
|
@ Jade
De Link "Links&Contacts" functionéiert net ënnert däer Homepage, wollt nämlech kucken wien dohanert stecht.
|
|
Thema: Och eng Photoshopfro: |
jegas
Antworten: |
33 |
Hits: |
73.035 |
|
|
@ spako
Et geet net nëmmen ëm Stëpps wech maachen, et geet och ëm z.B. eppes op engem Bild ewech maachen (retouschéieren) waat net drop gehéiert.
@ johny
Net all Photoshopversioun kascht 600€, dat misst Du jo och wëssen, deen ech hun war gratis beim Fotoapparat dobai.
Ech weess och datt ech et iwwer Google kéint sichen, ech haat gemengt et kréich een gehollef, genau wéi am aneren Forum wou Tutorials stin, déi een bestëmmt och am Google kéint no sichen.
Falsch, mol net wann een eppes vun engem liest kann een een aschätzen.
Wann ech e Buch liesen dann weess ech net wéi den Autor ass, ergo kann ech en net aschätzen, ergo functionéiert schon guer net wat een vun engem am Internet liest.
|
|
Thema: Ballon Night Glow den 27.09 |
jegas
Antworten: |
3 |
Hits: |
25.333 |
|
|
Gutt Iddy, dann hoffe mer datt deen Dag besser Wieder ass wéi am Moment, wëll héi reent et an vun deenen 30 Grad déi den RTL Ufanks vun der Woch ugekënnegt haaten sin verdeelt gin op 15 Grad am Norden an 15 Grad am Süden.
|
|
Thema: Och eng Photoshopfro: |
jegas
Antworten: |
33 |
Hits: |
73.035 |
|
|
@ tomdi
Ech soen der merci, ech wärt dat ausprobéieren.
@ Johny
Wouhier wëlls Du dann wëssen op ech Photoshop hun oder net ??????
Wann ech eng Fro iwwer Phototshop stellen dann hun ech deen och wann et bei engem aneren Programm ass dann nennen ech deen och mam Numm an soen net Photoshop.
Wann een een Mënsch net perséinlech kennt dann kann an soll een och net iwwert deen jugéieren. Watt anerer engem iwwert deen verzielen ass net adäquat genuch fir iwwert een ze jugéieren deen een net perséinlech kennt oder mengt ze kennen.
@ all
Wéi de Stëpps drop koum weess ech net, ech hun en um Bild gesin datt es drop ass, vus datt ech weess datt een dat kann ewech digitaliséieren wollt ech eben wëssen wéi datt geet, wëll ech jo wéi schon geschriwwen hun nach néi an deem Domaine sin.
|
|
Thema: Och eng Photoshopfro: |
jegas
Antworten: |
33 |
Hits: |
73.035 |
|
|
Vu datt ech sou ze soen néi an deem Domaine vun der Digitalerphotographie sin wollt ech mol froen wéi z.B. dat matt eppes ewech stempelen funktionéiert, wéi z.B. Stëpps oder iergendeppes ewech maachen wëll wat net op d'Bild passt.
Merci am Viraus fir d'Äntwerten.
|
|
Thema: Eng Fro |
jegas
Antworten: |
7 |
Hits: |
32.451 |
|
|
Bon de Erbauer vum Eiffelturm ass mengen ech schon méi wéi 70 Joer net méi do ergo misst et do egal sin.
Watt ech net an dem Artikel do verstanen hun ass firwat därf een nëmmen aal Gebaier fotograféieren, nämlech wann der Erbauer mindestens 70 Joer dout ass.
Ech perséinlech géif mech frëen wann een eng Foto vun mengem Gebai mecht an se och nach veröffentlecht, dann wär dat an mengen Aen eng gutt Reklam fir mech, wëll dat Gebai engem gefällt.
Bei Bicher oder Lidder verstin ech et gutt wann droît d'auteur drop ass, fir datt nitt jiddereen se ongefrot kopéieren kann.
Ech hun och nach nie vun engem Fall héieren wou een Constructeur vun engem Gebai oder enger Bréck een op d'Geriicht geholl huet wëll deen dat Gebai oder déi bréck déi en construéiert huet fotographéiert huet.
Ech war z.B. den 2.August iwwert den Viaduc de Millau an Frankréich gefuer an hun gesin watt fir eng Mënschenschlang nëmmen an deenen puer Sekonnen do opden point de vue gaangen ass wéi ech op der Autobunn lanscht gefuer sin, do huet méi wéi een méi wéi een Bild geknipst, do géif den Architekt jo nie méi eppes anscht méi schaffen wann en all déi Léit déi nëmmen an engem Daag vun däer Bréck eng Foto maachen virun Geriicht géif verkloen.
Datt een Léit net ouni ze froen fotographéiert ass ze verstoen.
Ech kéint och 2 Biller aus der Vakanz op den Photogensite erop lueden wou flott Gaassen ze gesin sin, awer wëll Léit drop sin maachen ech et net.
|
|
Thema: Eng Fro |
jegas
Antworten: |
7 |
Hits: |
32.451 |
|
|
Kloer huet et mam Thema ze din, et geet just ëm d'Rechter vun Fotoen, zwar net vun Léit mais vun den Gebaier, ass och wichteg ze wëssen.
|
|
Thema: Chat and Fun |
jegas
Antworten: |
1.477 |
Hits: |
3.702.123 |
|
|
Hehehe, wann do elo nach Motivschell drun ass dann ass déi perfekt.
Super
|
|
Thema: Eng Fro |
jegas
Antworten: |
7 |
Hits: |
32.451 |
|
|
Virun e puer Wochen hun ech am Colorfoto gelies datt et esouguer verbueden ass öffentlech Gebaier ze fotographéieren wann se nach néi sin, d.h. wann den Architekt nach keng 70 Joer doud ass.
Néi Gebaier därf een nëmmen knipsen wann se net eleng geknipst gin, wann een elo z.B. vun engem aalen Gebai e flotten Bou vun enger Paard (Pforte) knipst an duerch déi Paard gesait een en néit Gebai, oder zumindest en Deel dovunner,i dann därf een dat mattknipsen.
Méi genëes dozou héi um Link vun Colorfoto:
http://www.colorfoto.de/Themenspezial/Ur...ve_3460729.html
Ass mol zumindest fir an Daitschland de Fall, wéi et anerwärts ass weess ech net.
|
|
Thema: Canon: Destined Evolution ? |
jegas
Antworten: |
26 |
Hits: |
74.027 |
|
|
Ups stëmmt, hat ech net gelies.
Ech hat mech schon gewonnert datt déi méi bëlleg néi ass wéi d'5D aal.
|
|
Thema: Chat and Fun |
jegas
Antworten: |
1.477 |
Hits: |
3.702.123 |
|
|
@ Jean-Jos
Net nëmmen e Versecherungsfachmann réit dat, den kloeren Mënschenverstand réit dat och.
Am Turbo op M6 hun se deen Video och gewisen an zwar ënnert der Rubrik "Crétin de la semaine, an däer Rubrik haten se d'lescht Woch gewisen wéi se Schung nierft dem Auto testen:
Guckst Du hier: http://www.turbo.fr/videos-voiture/25795...to-tractee.html
Den Skateboardfuerer get iwwregens schon vun der daitscher Police gesicht.
|
|
Thema: Canon: Destined Evolution ? |
jegas
Antworten: |
26 |
Hits: |
74.027 |
|
|
Zu mindest bei canon.de get mindestens een néien Fotoapparat virgestallt an d'zwar eng 50D, als Nofolger vun der 5D.
Wéi ech elo grad nach nogekuckt hun hun ech gesin datt d'50D schon net méi op der canon.de-Startsait steet. Do steet elo "Erleben sie die Zukunft der Fotografie, demnächst hier."- " Die EOS-Geschichte geht weiter."
Mol gespant wat datt soll sin.
@ Johnny
Du schéngs recht ze hun, matt der 50D kommen mindestens 2 néi Apparater vun Canon op den Maart.
|
|
|