Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Material (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=24)
--- wou online kaafen? (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=414)


Geschrieben von spako am 08.10.2006 um 10:22:

  wou online kaafen?

Wollt mol nofroen ob schon een hei erfahrung huet fier Fotomaterial online ze kaafen...wei eng Adresse si gudd wou dann och geliwwert get an och d'Garantie funktioneiert asw...

hu grad bei amazon gekuckt fir 28-135 Objektiv an daat ass do gudd 150.- mei belleg wei hei am Butteck ... leider verschecke si net ob Letzebuerg.
Wann also een hei eng aaner gudd address huet wou een daat objektiv keint hierkreien wier ech wiirklech frouh fir den Tipp :-)



Geschrieben von CK am 08.10.2006 um 10:59:

  RE: wou online kaafen?

Also ech hun eigentlech gudd Erfahrung mat computeruniverse.net (an Daitschland). Sie sin zwar net déi allerbellegst, mee sie hun eng riesen Auswiel, askzeptéieren Visa, an déi eng Kéier wou ech eppes op Garantie hun missten zréck schécken hun sie eng Speditioun lanschtgeschéckt fir et sichen ze kommen, daat huet mech also absolut naischt kascht fir de Versand.

Ech hun elo just bei Geizhals gekuckt, an sie wieren 22eur mei deier wéi Amazon, waat nach emmer besser ass wéi de Preis hei zu LU.



Geschrieben von Johny am 08.10.2006 um 13:11:

 

www.alternate.net obwuel dei net sou vill Fotomaterial hun
www.fotomeile.de

An computeruniverse huet den CK scho genannt.

Ech hun bei denen 2 uewen schonn bestallt an emmer ouni Problem.

Da gëtt et nach den online shop vun Topvision, ass och oft mei bellech wei esou am Geschäft. (do wees ech d adress lo net, gëff einfach am google topvision shop an, da fenns de et schonn)



Geschrieben von spako am 08.10.2006 um 14:27:

 

Merci! gi mol dohinner da kucken.. bei topvision war ech scho kucken aawer dei hun den 28-135 net am programm... leider leider.. ;-)



Geschrieben von Dan am 08.10.2006 um 20:59:

 

Dann kanns de nach bei www.technikdirekt.de kucken!
Domat hun ech zwar keng Erfahrungen ,mee déi hun zimlech akzeptabel Präiser...



Geschrieben von kola am 08.10.2006 um 23:08:

 

Ech hun schon e puer Sachen beim Topvision online kaaft, ass vill méi bellëg wéi am Geschäft, an huet ëmmer wonnerbar geklappt. smile

@spako :
Ënner anerem hun ech och daat Objektiv (28-135) waat's du sichs am Abrëll bei hinnen kaaft, an sie hun daat awer nach ëmmer am Programm :

http://www.topvision-online.de/details.html?item=2100101735&sessid=1409583897452961d48302a
Augenzwinkern

@Johny : http://www.fotomeile.de/ ass virun enger Woch faillite gangen traurig



Geschrieben von spako am 09.10.2006 um 07:07:

 

merci kola!! ech haat daat do net fonnt :-))



Geschrieben von Schlimpitz am 10.10.2006 um 13:00:

 

mmm et gin tonnen där denger wou een kann bestellen.
fir hei eng opleschtung ze machen geif den webspace vun photgen sprengen *iwerdreiw*



Geschrieben von Vince am 16.10.2006 um 21:16:

 

Hehe den Fotomeile-Link as gudd.

Mais firwat online kaafen. Gidd mol an d'Geschäfter kucken. Support your local Dealer. Ech huen elo en Bletz an en Objektiv beim Mirgain (daerf een Schleichwerbung maachen?) an der Stad kaaft an sin gudd beroden gin, an dat Bescht war dass den Prais nach méi genschteg war wéi bei all den Onlineshopën.

CYA
Claude



Geschrieben von spako am 17.10.2006 um 14:38:

 

ech war och scho bei de Mirgain mee ech hun d'Objektiv do net gesin... ausserdem huet hier mer vun deem Objektiv ofgerooden dofier wollt ech mech mol hei emlauschteren.. ech hun mer et lo bei topvision bestallt an do ass de Praiss mei genschteg wei bei all aaner Butteck hei zu letzebuerg an och direkt liwwerbar woubei den topvision an der Belle etoile aawer ob mannst 4 woche liwwerzait huet...ob alle fall sin ech frouh dat ech d'objektiv geschwe kreien :-))



Geschrieben von Johny am 17.10.2006 um 15:02:

 

"oofgerooden" daat hzänkt dofun oof weiee Verkeefer's de erwëschs großes Grinsen Wou ech mäin 24-105 kaaft hun, haat ech am fong den Daach virdrun matt dem den sech gutt dru gëtt letz ze schwetzen dirwer geschwaat an dee soot natirlech och et wir e super Objektiv asw ... den Owend nach hun ech mech décidéiert et ze kaafen an den Daach durno sin ech rem dohin gaang. Dun war et awer den aaneren den mech zervéiert huet, an den soot d'Objektiv wär nemmen eppes fir Vollformat, ob ech dann eng analog dofir hätt... Mir war et egal, ech soot einfach nemme jo, ech wollt mäin Objektiv kréien smile



Geschrieben von spako am 17.10.2006 um 15:08:

 

majo dann haat ech secher deen zweeten aus denger geschicht erwescht ;-)
ech hu mech jidferfalls elo och derfier decideiert well ech kruut d'Objektiv vun engem geleint an et huet fir sech geschwaat :-))


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH