Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Material (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=24)
--- Canon Objektiv (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=368)


Geschrieben von spako am 28.08.2006 um 18:41:

  Canon Objektiv

Majo ech hun eng 350D an dobai d'kit Objektiv (18-55mm) an nach een EF 100-300mm 1:5.6 (mat deem ech eigentlech ganz zefridde sin).
d'Kit Objektiv fannen ech allerdengs net sou super dofier sichen ech eppes waat daat keint ersetzen AN ergaenzen

Ech wollt mer aawer lo e besse mei ee "gudd" zoom Objektiv kaafe fier d'naechst Joer an d'Vakanz (jo et ass nach laang mee et muss ee jo wesse woufier ee spuert ;-) )

Ech weilt am leifsten eent wou ech relativ vill a verschidde kann asetzen (Landschaften aawer och Portraiten asw)
Lo wollt ech mol froe waat et do sou get waat gudd ass (muss och net Canon sin).

Majo ob jidferfalls wier ech ganz frouh fier all Hellef!

Messi :-))



Geschrieben von kola am 29.08.2006 um 08:47:

  RE: Canon Objektiv

Majo wann's du niewt dengem Tele een Objektiv wells waat's du relativ vill a verschidde kanns asetzen, dann kann ech dir d'Canon 28-135 IS recommandéieren. Ech hun mir daat dëst Fréijoer kaaft, hun ët den gréissten Deel vun der Zait drop, an sin ganz zefridden dermat, haaptsächlëch wéinst dem Bildstabilisator. An den Preis fannen ech och ganz an der Réi. smile
Daat eenzegt ass, dann hues du keen richtegen Weitwenkel méi, mee do musst du kucken ob's du den wirklech oft brauchs ! An wann nët, dann kanns du fir déi puer Kéieren jo nach ëmmer d'Kitobjektiv huelen Augenzwinkern



Geschrieben von spako am 29.08.2006 um 12:22:

  RE: Canon Objektiv

Merci Kola!

Geet dann 28 duer fier schei Landschaftsopnahemn ze maachen?



Geschrieben von Johny am 30.08.2006 um 00:45:

 

Also wanns de net ze vill wëlls äusgin ass den 28-135 secher eng gudd Méiglechkeet, an wei de kola soot, wanns de méi Wäitwénkel bräuchs fir z.B. Landschaftsfotoen, huel de Kit. Well op sou Plaatzen huet een normalerweis vill Zäit asw, da kann een och rouech emol d'Objektiv wiesslen. Eigentlech sin 28mm ze wéinech fir flott Landschaften ze fotograféieren, déi allermeescht emol.



Geschrieben von kola am 30.08.2006 um 00:46:

  RE: Canon Objektiv

Also bei mir sin bei all mengen leschten Landschaftsfotoen déi 28mm nach ëmmer gudd duer gaangen. Wann et dann eng Kéier nët sollt duer goen, kanns du jo nach ëmmer d'Kitobjektiv huelen oder e puer Fotoen nierwendeneen machen, an dann als Panorama zesummensetzen Zunge raus

Ech vermëssen am Fong just een Weitwenkel an der Stadt an dobannen smile



Geschrieben von spako am 30.08.2006 um 09:31:

  RE: Canon Objektiv

OK Merci :-))
Da faenken ech alt schon un mat spueren :-))


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH