Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Kritiken an Verbesserungsfierschléi (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=17)
--- Contest Concept (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=297)


Geschrieben von kola am 13.07.2006 um 09:05:

 

@yoshi : Fir mech ass déi Reihenfolge ok.

Ech setzen dann den Jean-Jos hannendrun, dann gesait d'Ketten sou aus :

JADE -> Moggy -> Laurent -> Ploro -> Neckel -> Mojoo -> mmphotos -> Johny -> Maggele -> olimi -> patty-> Lydie -> yoshi -> Knolles -> Dan -> kola -> Jean-Jos



Geschrieben von Mogway am 13.07.2006 um 11:28:

 

kuerzen Zweschekomment: ech si MEI wei frou daat am Endeffekt awer SOU VILL Leit mat maan. Si richteg geeiert smile ))) Happy smile ))))

decken decke merci smile ))) waert secherlech witzeg gin...Augenzwinkern ))



Geschrieben von -Laurent- am 13.07.2006 um 11:40:

 

jo haat um unfank geduecht giffen sou 5 leit matmachen ^^
daat do kann jo ganz interessant gin

hmm lo iwerleen ech mer mol een thema fir den ploro
"Der Grasfrosch im Orchestersaal" ass awer net sou gudd
hmm...



Geschrieben von Johny am 13.07.2006 um 12:57:

 

Denkt drun dass der en THEMA räussicht, net en Motiv ... Augenzwinkern



Geschrieben von Neckel-Paul am 13.07.2006 um 13:15:

 

Ok dat heescht, lo als Beispill "Food", jo an dan kann sech alles raussichen wat een gären hätt...

Muss een puert Fotoen oofgin, oder...



Geschrieben von Mojoo am 13.07.2006 um 13:30:

 

Zitat:
Original von Neckel-Paul
Muss een puert Fotoen oofgin, oder...


Ahsou? Ech haat geduercht 1 Foto?



Geschrieben von Neckel-Paul am 13.07.2006 um 13:36:

 

Majo dat wees ech jo grad nit... Hm giff zwar soen nemmen eng, ...



Geschrieben von Johny am 13.07.2006 um 13:47:

 

Jo 1.

Food ass en Motiv, keen Thema. Thema passend dozou wir wuel "Ernährung" oder sou smile



Geschrieben von Neckel-Paul am 13.07.2006 um 14:11:

 

Ok merci, alles algemeng kucken...Augenzwinkern



Geschrieben von coolpix am 14.07.2006 um 00:40:

 

Ech wier och dobäi Augenzwinkern . Hoffentlech nach virum Dezember :p.



Geschrieben von Jean-Jos am 14.07.2006 um 23:10:

 

Also ech soll de Junior nach umellen, an de Gummibaer mecht och mat: dat heescht - wann ech richteg verstin, verbessert mech roueg wann et falsch ass - datt déi nei Reiefolleg esou heescht:

JADE -> Moggy -> Laurent -> Ploro -> Neckel -> Mojoo -> mmphotos -> Johny -> Maggele -> olimi -> patty-> Lydie -> yoshi -> Knolles -> Dan -> kola -> Jean-Jos->Coolpix->Junior-->Gummibaer

@Mogway: genial déng Iddien!!! Dat wäert mer eppes gin Augenzwinkern



Geschrieben von coolpix am 14.07.2006 um 23:27:

 

Iop ass scho passend Augenzwinkern



Geschrieben von Johny am 16.07.2006 um 20:38:

 

Sou, ech erklären dann elo séier wéi mer daat maachen. Hei am Forum schreift w.e.g. jidfereen daat Thema, waat heen dem nächsten an der Lëscht gët. am beschten esou z.B.: Maggele -> Thema.

Déi Leit déi hiert Thema per SMS kréien well den virun hinnen nët hei ass, schreiwen w.e.g. daat Thema waat sie kritt hun, awer hei an de Forum, well ech muss déi all androen.

Duerno huet een 2 Wochen Zäit fir eng Foto zu dem Thema ze maachen, dann geet de Voting un, wou jidfereen den matgemaach huet dann oofstëmme kann.

Hei nach eng Kéier déi aktuell Reihenfolg:

JADE -> Moggy -> Laurent -> Ploro -> Neckel -> Mojoo -> mmphotos -> Johny -> Maggele -> olimi -> patty -> Lydie -> yoshi -> Knolles -> Dan -> kola -> Jean-Jos -> coolpix ->Junior -> Gummibaer

Wann den vun dem dir ärt Thema sollt kréien sech na net gemellt huet muar den Owend, wär et fäin wann der dem jeenechen kéint eng PM schreiwen oder suguer SMS oder sou, fier dass mer awer secher muar den Owend all Themen hun.



Geschrieben von Junior am 16.07.2006 um 21:05:

geschockt

Gummibäer->Zäit



Geschrieben von coolpix am 16.07.2006 um 21:06:

 

Thema fier den Junior: Toun, Klang, Musik

hf smile



Geschrieben von Johny am 16.07.2006 um 21:18:

 

lol et war zwar gesoot mer fänken muar un, mee egal, sou gi mer méi séier färdech smile



Geschrieben von coolpix am 16.07.2006 um 21:23:

 

kennt io net op 3 Stonnen un smile



Geschrieben von olimi am 16.07.2006 um 21:31:

 

Patty: Zukunft



Geschrieben von Neckel-Paul am 16.07.2006 um 21:32:

 

Ok Mojoo, vill Spass großes Grinsen

Mojoo-> Communication



Geschrieben von patty am 16.07.2006 um 21:54:

 

merci olli fier dain scheint thema! :-)

Lydie dain thema ass Mimik! vill spaas


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH