Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Material (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=24)
--- Botzen vum Sensor vun der DSLR (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1877)


Geschrieben von pho-taux am 27.03.2012 um 21:38:

  Botzen vum Sensor vun der DSLR

Hallo alleguerten,

ech hun op mengen leschte Fotoen en schéine schwarze Punkt gesin (gesäit een haaptsächlech op hellen Flächen), an ech gin stark dovun aus, datt et en Stebskaer um Sensor ass.

Den Sensor muss also gebotzt gin... Ass mer geroden, et selwer ze maan (mat entspriechendem Material)? Oder soll ech besser an e Fotosbutikk, an wann jo, kennt der een gudden (zb an der Staad oder zu Esch/Uelzecht), deen dat fir en net ze héichen Präis mecht?

Merci am viraus schon fir aer Äntwerten!

Erik



Geschrieben von gloda am 28.03.2012 um 19:22:

  RE: Botzen vum Sensor vun der DSLR

Am beschte benotz de déi hei Method.



Geschrieben von pho-taux am 28.03.2012 um 22:24:

  RE: Botzen vum Sensor vun der DSLR

Merci fir deng Äntwert gloda! Allerdings funktionéiert däin Link bei mer net, ech hun iergendwéi keen accès...
Hun en screenshot vun dem gemeet, wat bei mer stoen kennt, misst normalerweis u menger Äntwert ugehaangen sin...



Geschrieben von gloda am 29.03.2012 um 09:41:

 

Tiens. Bon d'Iddi war dass de iwwer d'Forum Sich eppes fënns wat der hëlleft. D'Thema ass schonn oft diskutéiert ginn. Klick uewen ënnert dem Banner op "Sichen" a gëff als Stéchwieder "Sensor" a "botzen" an.



Geschrieben von pho-taux am 29.03.2012 um 23:53:

 

Ok, merci gloda!smile


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH