Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- [Foto] Rendez-vous (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=30)
--- Ausstellungen (och vun Photogen Memberen) (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1841)
Geschrieben von Shantideva am 13.10.2010 um 21:15:
Ausstellungen (och vun Photogen Memberen)
Ech well heimat een Thema an dësem Forum opmaachen wou all Photogen Member seng eegen Ausstellung kann virstellen. Amplaz dass ech elo weiderfueren mat dem Thema wat ech virun enger Zäit hei ugefangen hat gierf ech et flott fannen wann all Mënsch hei seng Platz hätt fir seng Events unzekënnegen fir dass mir eis kennen treffen an och kennen Léieren.
Ech hat schon sou een Thread op PG (
hei) awer do ass et nëmmen ëm meng Ausstellungen gaangen. Dat heiten sollt eigentlech eng Platz ginn wou all Mënsch kann hin schreiwen wou hien grad ausstellt. Dat mëscht et fir déi ganz Community méi einfach fir sech ënnerteneen kennen ze léieren.
An och wann een net ausstellt kann een jo op enger Ausstellung aner PG Memberen kennen léieren. Déi mëschten Leit vun PG hunn ech op Ausstellungen kennegeléiert.
Geschrieben von Shantideva am 13.10.2010 um 21:21:
RE: Ausstellungen vun Photogen Memberen
An dann fänken ech dann och emol domat un...
Et ass erëm sou weit. Dësen Week-End stellen ech erëm e puer Fotoen aus. Déi heiten Ausstellung huet keen Vernissage. Et ass déi zweet Ausstellung ënnert dem Titel "Konscht um Bau". Mir sinn 7 Kënschtler déi 5 verschidden Konschtrichtungen vertrieden.
Dobäi sinn:
Renée Lippert mat Keramik
Hilda de Matteis Raffaelli mat Keramik
Jean-Claude Berens mat Fotografie (Shantideva op PG)
Véronique Fixmer mat Fotografie (Spako op PG)
Marc Mathieu mat Holzdréierei
Monique Delvaux mat "Pimp my Miwwel"
Malou Mathieu mat Acrylmolerei
Maria Pier mat Acrylmolerei
D'Ausstellung ass zu Kënzeg am Huelegaertchen. Déi Strooss gëtt et awer nach och kenger Kaart an och op kengem GPS. Et ass een ganz neien Lotissement den als Niewestrooss vum Chemin d'Arlon elo kierzlech entstanen ass (49°36'11.00"N - 005°52'22.55"E). An wéi den Numm et schon seet "Konscht um Bau" ass nees op engem Bau.
D'Ausstellung ass dësen Samschdeg 16/10/2010 an den Sonndeg 17/10/2010 vun 14 bis 20 Auer.
D'Renée Lippert dréint och op der Platz e puer Objeten aus Keramik.
Den
Flyer kann een op HEI eroflueden.
All zousätzlech Infoen iwert Ausstellungen gin et
HEI. Oder op
www.urbanvisons.lu
Geschrieben von Kwitchibo am 18.10.2010 um 19:39:
ahhh ze speit ......mert..
Geschrieben von BlackPanther am 22.10.2010 um 10:06:
an och desen Weekend get et eng Ausstellung fun engem Photogen Member ze bewonneren:
den John - FOCUS - as invité d'honeur an stellt doropshin puer Fotoen um
38e Salon d'Art Photographique am Mamer Schlass aus!
kuken goen kann een mua
Samsten 23.10 vun 3 - 7 an en
Sonden 24.10 vun 10-12 / 3 - 7 Auer
Inauguration : haut um 19:00
wann der Zait hudd, et sin do secherlech puer interessanter Fotoen ze kuken - an lass!
Geschrieben von Focus am 22.10.2010 um 13:37:
thx BP.
Geschrieben von Zampano am 02.12.2010 um 23:50:
Ausstellung Hofhaus Saarlouis
Wir, das sind Simone(Rivende) und meine Wenigkeit, haben nun nach dem guten Erfolg unserer ersten Austellung noch eine weitere auf die Beine stellen können. Wir freuen uns über jeden Besuch
Gruß
Simone und Andy
Geschrieben von toto am 03.12.2010 um 11:43:
Xpression
Moien ,
ech hun eing ausstellung den 11.12.2010 mam thema Stop the violence.
De Projet Xpression setzt sech zesummen aus verschiddenen Atelieren déi sech mat der Konscht vu Musek, Film an photo befaassen. Dësen audio visuelle Projet as iwert ganz Joer gelaaf mat der grousser Final den 11. Dezember, wou all d'Meeschterwierker aus dem Joer gewisen a presentéiert ginn.
Wann dir mei wellt wessen dan schreiwt mir op
toto.77@hotmail.com
Geschrieben von Nagarjuna am 13.12.2010 um 12:35:
Eng kleng Publicitéit fir dem Gtaddei1 seng Ausstellung zu Walfer. Den Vernissage ass dësen Freideg um 18h30.
Geschrieben von ChLo am 08.01.2011 um 17:33:
Expo ChLo zu Péiteng
Heimat invitéiere ech Iech häerzlech op d'Ausstellung vun menger Mamm hire Biller an mengen Photoe an der Maison de la Culture “A Rousenâ€, place du Marché zu Péiteng.
De Vernissage ass Freides, den 18 Februar 2011 um 19:30. An d'Expo ass op vum 19 Februar bis den 27 Februar vun 15:00 bis 18:00.
Geschrieben von deBaemm am 21.01.2011 um 00:52:
ech wiert em den 7 Mai zu DC sin, schéngt allerdéngs sust bis de 27 März ausgestallt ze sin, schued!
Geschrieben von dr_kim_veis am 21.01.2011 um 15:50:
mier kennen eis awer och esou eng keier treffen wanns de hei bas...
Geschrieben von deBaemm am 21.01.2011 um 23:08:
géing ech prinzipiell cool fannen, sin fiir mam Kontinent oofzeschléissen op engem klengen Roadtrip vun Detroit iwwer Chicago, Indianapolis, Washington + Baltimore, Philly a weider op NY, wanns de mer sees wéi a wou ech dech fannen mellen ehc mech gaer
Geschrieben von gloda am 02.05.2011 um 17:35:
Pinacotheca
An der City Concorde weisen se grad fir hir Pinacotheca Fotoen zum Thema Waasser. Eng vu mir ass och dobäi, d'Ocean View Foto gouf 7.5x5m grouss gedruckt:
http://gloda.net/20110502-pinacotheca
Geschrieben von JADE am 02.05.2011 um 18:24:
WAOW esou grouss!!! ... esou ass se jo baal 1:1 oder?
gin ech extra kucken ...
sie war hei am "mini" schon immens ... also dann bei esou Gréissten ...
Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH