Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Offtopic (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=26)
-- Allgemeng OT (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=34)
--- Fotocoursen (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1840)
Geschrieben von chrisykris am 21.11.2011 um 20:57:
Fotocoursen
Hola Community!!!
Ech sinn absolutten Amateur, mee en ambitionnéierten. Ech hunn nach en aneren, "Hobby" (méi am Beräich Equippesport) den relativ zäitopwendeg ass, mee bei dem ech an noer Zukunft Wëlles hunn d'Schong un den Nool ze hänken. Dann ass iergendwann Nowues geplangt a spéidstens dann wëll ech en gudden bis ganz gudden Amateur sinn
Literatur hunn ech schon genug verschlongen an ech mengen d'Basics kennen ech lo relativ all.
U wat et mer feelt ass un e bëssen besseren Objektiver an un engem Mentor den mer d'Praxis e bësse méi no ka bréngen.
Kënt dir mech u Leit verweisen, déi Coursen haalen? Vläicht e bëssen méi spezifescher, an net nëmmen d'Basics?
Merci alt fir är Hëllef!!!
Christophe
Geschrieben von Dafty am 21.11.2011 um 23:07:
RE: Fotocoursen
www.photogen.lu soll net schlecht sin.
mbg
Geschrieben von gogo am 22.11.2011 um 08:54:
Zeitungen, oder artikelen iwwert Fotographie am internet liesen,
am youtube clips iwwert dest oder daat kucken, Tutorials liesen an nomaachen, eegen iddien applizéiren, an ueben ueben ueben, an vierun allem op photogen.lu roplueden an iwwert d'Foto diskutéiren, kanns jo rouheg am Kommentar schreiwen,
"hun X oder Y getest, waat haalt der vum Resultat, sou an sou hun ech et gemeet"
do kommen emmer ganz vill netzlech Tipps beieneen.
An net vergiessen, op de monatlechen Phototalk ze kommen.
Geschrieben von _MiAmI_ am 23.11.2011 um 11:14:
Absolut dem Gogo senger Mehnung.....
Hun mir et och sou bei bruet, vill liesen, kucken, an eben vill probeieren :-)
Geschrieben von jekyll am 25.11.2011 um 10:44:
RE: Fotocoursen
Falls Englesch kee Problem ass, kuck hei mol no:
www.lynda.com.
Ganz interessant kann ech selwer zu 100% empfehlen.
Jerry
Geschrieben von Schluck am 25.11.2011 um 15:35:
RE: Fotocoursen
Hun mech och fir Photographie Coursën interesséiert an hat dat hei eng Zäit wëlles ze machen:
Open College of the Arts
Schluck
Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH