Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Offtopic (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=26)
-- Allgemeng OT (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=34)
--- Iphone 4S + IOS 5.0.1 + LUXGSM = Fail ! (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1839)


Geschrieben von VeloBen am 15.11.2011 um 20:03:

  Iphone 4S + IOS 5.0.1 + LUXGSM = Fail !

Saluti!

Lued iech nemmen net den neien IOS 5.0.1 eroof. Et get dann Mega réseau problemer.

Hun elo deen deiersten Ipod touch opp der Welt. Internet geet nach +\- . Mee ech muss den Iphone regelrecht zwengen fier daat een nees kann telefonéieren oder smsen schecken.

Appleforumen stin voll domadden. An Luxgsm wees bescheed mee elo direkt keng Léisung do.



Geschrieben von Maxx am 16.11.2011 um 16:00:

  RE: Iphone 4S + IOS 5.0.1 + LUXGSM = Fail !

Ech kann dat (leider) och nëmmen bestätegen, also LOOST NACH D'FANGEREN DERVUNN



Geschrieben von Cypress am 16.11.2011 um 19:36:

 

Salut,

steht och an der Press, hei de Link:

http://www.wort.lu/wort/web/freizeit/artikel/2011/11/167733/luxgsm-ein-update-und-das-neue-iphone.php



Geschrieben von Abacab am 17.11.2011 um 09:08:

 

Dann hat ech jo Chance, bei mer war nom Update absolut kee Problem. (4S + 5.01) Da schéint et awer fléit eppes mat Typ vun der Simkaart ze dinn ze hunn.



Geschrieben von Locke am 18.11.2011 um 06:58:

 

Jo kaaft ärch en Android-Phone dann hudd där dei Problemer net Zunge raus



Geschrieben von Zodiac am 18.11.2011 um 11:38:

 

An ech héieren emmer erem vun Leit dass Apple dat bescht wär an emmer géif proper laafen an nie Problemer. Lo ass een do wou een net kann dementéieren an schon sin se ratlos. großes Grinsen Sorry, fir all Applefans, mee konnt mer elo den Kommentar hei net verknéifen ;-)

Dass LuxGsm do nix kann maachen verstinn ech, dei kennen och just op eng Léisung vun Apple warden an hier Clienten vertréischten.



Geschrieben von Kwitchibo am 18.11.2011 um 12:14:

 

@Zodiac
mein geet perfekt an Batterie hellt mei laang.... awer net bei LuxGSM....
an by the way wann all dei Leit geifen heihin schreiwen wan se problemer hun mat hierem net iPhone dann missten mir nei Server kaafen fir Photogen.... Augenzwinkern

ech kont ma et net verkneifen sorry...
mbG

M



Geschrieben von Locke am 18.11.2011 um 12:51:

 

Ech brauch en i like Knäppchen fir de ZodiacZunge raus ps:mäin Droid huet na nie sou Sachen gemeet(sou als Info)Augenzwinkern



Geschrieben von Zodiac am 18.11.2011 um 13:43:

 

@ Kwitschibo

Jo hun do esou epes héieren, dass et speziel mam LuxGSM-réseau soll esou sinn.

Mee am Géigensatz zu I-Phone wou Betriebssystem an Hardware vum Selwechten Hiersteller kommen, huet een dat bei Nokia, Samsung oder wei och emmer se heeschen net. Wann do problemer optauchen muss een emmer kucken ob et Software oder Hardwareproblemer sin. An och weieng Gamme den User huet. Ech mengen wen een bellegen Smartphone keeft kann net onbedingt vill erwarden smile

Ech hun meng Meenung zu Apple an hierer Politik, mee mengen ech haalen elo och rem hei op... soss get et rem eng Endlos diskussioun hei an do well ech definitif net drun Schold sin wann dat hei ausaart Augenzwinkern Jiddereen soll dat kaafen wat hien fir dat bescht hellt. Een Applefan klappt emmer op dei aner, an dei aner klappen emmer op Apple. Mengen dat ännert sech nie großes Grinsen



Geschrieben von ludiol am 18.11.2011 um 16:44:

 

Ech haat deen Problem och, Den 4G huet éiweg gebrauch fir en Reseau ze fannen a wann da keen 3G. Bei mir huet en Neistart all d'Problemer behuewen.



Geschrieben von jotes am 19.11.2011 um 12:28:

 

Ech hun och 4S an direkt op 5.0.1 geupdated.
Hu keen Problem. Funzt alles tip top.

Jo et ass Luxgsm.

Et ass en 4S mat enger neier Simkaart.

Ech huelen un, dass et den Zesummespill SW - Simkaart ass.
An do wees de Laien net, ween sech net zu 110% un d'Standardisatiounen gehaalen huet.


Demnaechst kennt jo 5.0.2 (naechst Woch?).
Ech gleewen awer net, dass Apple dei Versioun weinst Letzebuerg an Simkaarte vun Luxgsm mecht smile



Geschrieben von Nathalie am 19.11.2011 um 21:30:

 

Ech hun mer och lo geschter deen neien iPhone kaaf, zwar bei tango, well ech do och do Client sin, an op speziell nofro huet meedchen ma bestätegt dat ech dei nei software leiwer net soll roflueden, well sie och problemer hetten, awer just minimaler.
Bei hinnen geif anscheinend keen netz fortgoen also sms'en wei och d'uriff ouni problem keinten getätegt gin, just dass sie en problem mam 3G hetten, dass deen mol ab und zu geif fortgoen...
Bon hun mech lo net getraut dei nei software rofzeluerden, well jo anscheinend next woch jo soll deen neien update rauskommen. Bon ech wuarden lo mol oof...
Oder huet soss nach een erfaarungen gemach mam neien iphone, mat der neier software an deen bei tango client ass?
Soss hun ech lo mol keng schlecht erfahrung gemach mam iphone mat der software 5.0, do scheint alles ze klappen, och bis lo mol net mat der batterie...



Geschrieben von VeloBen am 20.11.2011 um 10:24:

 

Ech hun LUXGSM + Techniker schon puermol opp der Strëpp gehaat. Den Problem trett haaptsäcchlech bei den éischten 4S opp déi ausgeliefert goufen an dann bei verschiddenen Operateuren weltweit an och notamment LUXGSM.

Iphone 4S + IOS 5.0 gung genial 1 Woche lang ! Super Sproochqualitéit, séieren Internet,...

Ab der Versioun 5.0.1 dun nemmen Problemer.

Un der SIM kaart kann net leien well dié klappt an deen "aalen" iphonen ouni Problem. Eischter ass den Problem daat den Iphone 4S ab der Versioun 5.0.1. eng méi modern SIM Kaart brauch. Fierwaat och emmer... Ech froen mech just fierwaat et dann mat IOS 5.0 super gung an elo dann 5.0.1 an deem punkt zickeg ass. Eng Verschlimmbesserung ! Opp maanst hätt oder misst Apple doropper hinweisen ! Waat bis haut net dan Fall ass.

Affaire à suivre...

Opp allen Fall waert ech an Zukunft offwaarden bis ech een Update eranspillen an mech fiert éischt mol emlauschteren wéi d'Reaktiounen sin.



Geschrieben von Zodiac am 21.11.2011 um 16:17:

 

Zitat vum VeloBen: Opp maanst hätt oder misst Apple doropper hinweisen ! Waat bis haut net dan Fall ass.

Genau dofir ass Apple jo awer bekannt, dass Sie hier Clienten net genuch oder guer net iwert Problemer opklären. Oder Sie behaapten einfach et geif keen gin.

Ech mengen an den "Simpsons" get net emsoss den geck mat hinen gemach Augenzwinkern

Hier Produiten gesinn zwar top aus, mee dat alleng geht mär net duer Augenzwinkern



Geschrieben von VeloBen am 23.11.2011 um 19:59:

 

Haut eng nei SIM Kaart vun LUXGSM kritt. Endlech leeft nees alles wéi et soll sin. Aus dem deieren Ipod Touch 4S gouf een Iphone 4S

Just meng TWIN kaart gouf elo desaktivéiert. Daat geet laut LUXGSM Hotline net méi fier déi mat der "neier" SIM kaart gleichzeitig ze bedreiwen. Een Technicker (wéi esou oft déi lescht 2 Wochen) riift mech nach zereck.

Affaire à suivre...


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH