Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Misc (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=25)
--- "Blend 22" an neicht scharf (Canon 5D) (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1834)


Geschrieben von gi87 am 01.11.2011 um 20:55:

 

Also am Saturn gief ech NIE sou eppes kaafen goen -.- well hun do gesin wat do Ofleeft mat de Kechten do kritt een Angscht ! Kechten fallen de Leit op de Beudem, gin leien Gelos, den Vendeur oder Saturnmännschen hieft se op an stellt se nees schein brav an d'Regal eran als wär nix gewiecht, kuken den hun reseln de kapp an dan Grinst den nach esou domm.. Doweinst emmer an engem Fotosbuttek kafen do heuste wiekleg manner Stress wann mol eppes misst drun sen.



Geschrieben von Nathalie am 01.11.2011 um 21:17:

 

Zitat:
Original von tennes
Hat se am saturn kaaf,an da stadt bei da gare den..


Oje oje, am Saturn geif ech se och nie kaafen, wat den gi87 schon geschriwen huet hun ech och schon gesin, dass keschten wou d'apparater dran sin den leit op den buerdem faalen, an den nächsten Vendeur dann kennt an et erem an regal eran geheit (net schein lues eran leet)...
Mengen beim Saturn hues de zwar leider och lo pech mam Service après Vente, well deen ass beim Saturn jo guer net gud, mengen do wers de lo nach mussen mei lang wei normal op deng Kamera wuarden... unglücklich wat wirklech schued ass...



Geschrieben von tennes am 01.11.2011 um 21:23:

 

Oh toll.. :-( genau dat hun ech gefahrt.
Froen mech wat ech ma dobei geduet hat se do ze kafen. War en kit mam 24-70 2.8, do hun ej geduet dann huelen ej se. Mee war wieklech fehler.
As zwar schlemm.. lo wonnert et mech net , datt eps keint drun sin.
Hmm....
An dann hun se na heinsto sou klausen matt da garantie. En koleg vun mengem pap hat och eng kamera do kaaf, an war en fehler drun. Dann soen sie, jo mee dat flecken ma net op garantie. Well dat neicht as, wou sie op garantie flecken....
Do hun ech ma jo eng schein misere gema :-/



Geschrieben von Nathalie am 01.11.2011 um 21:33:

 

Oh mach da neicht draus, haat deemols meng 5D och baal do kaaf, zum Gleck hat ech keen Accompte bezuelt -.-
Soss schlemmsten falls, wanns de se net do wells zereck droen, dann dro se an en aneren Buttek, ech wees zum Beispill den Mirgain an der Staat huet se soss och mol erem geholl, dann huet een mengen ech awer missen 20 € bezuelen an transportfraien missen selwer iwerhuelen...
Jojo Saturn ass do en bessen no go wat Kameraen kaafen do unbelaangt...
An dei problemer vun den Garatien hun ech och schon heieren, dass se dann soen dass deen problem, oder dat steck net op garantie gefleckt get... ass traureg sou eppes...



Geschrieben von tennes am 01.11.2011 um 22:06:

 

Jo dat as ma op ballefall eng leier eng kamera do ze kaafen. Dobei kaafen ech soss meng sachen all an fotosgeschaefter...
Gin dann wuel bei den mirgain, dem saturn well ej kamera lo schon guenet mei unvertrauen.
Do hueste recht, as wieklech traureg sou sachen. Mee bon wat well een man.. Kann een just draus leiren, lo wees ech et fir zukunft... As just schuet lo direkt bei souenger deierer kamera, hat mech sou drop gefreet..nuje smile



Geschrieben von mmphotos am 01.11.2011 um 22:09:

 

Ech keif dein Fotoapparat mol engkeier selwer testen ei ech en aschecken. Eng rei fotoen, ob stativ vun oppenen ob zouen blend. Meter ob den buedem leen fier d'schaerft, asw. Daat helleft der fleit schon mol rauszefannen weini dein apparat net shcarf as.



Geschrieben von tennes am 01.11.2011 um 22:29:

 

Gudd idee, werd ech man.. Sou seier wollt ech en och net a schecken. Wollt fir eicht na
Engem anerern seng canon testen, dann gesin ech et jo och...
Merci, werd ech secher man



Geschrieben von Digital-Art am 02.11.2011 um 07:40:

 

Hallo tennes,
Ech hun däin Thread hei gelies, a wollt soen dass et schued wär wanns du net zefridden wärs mat denger Kamera. Also ech hun och eng 5D Mark II a sinn ganz zefridden domat. Waat ech dir duerfir ubidden ass e verglach, waat jo hei och schon ugeschwaat ginn ass. Daat Heescht ech géi meng Kamera zur Verfügung stellen vir ennert deene selwechten Konditiounenen Fotoen ze maachen an duerno Resultat waat schärft ugeet mat dengen ze vergläichen.Bei der selwechter Parametréierung, Objektiv, Blend, Licht, Distanz, ...

Eng aaner Saach déi mir nach agefall ass(wann ech et hei am Thread net iwersinn hun), ass dass däin Autofocus eventuel net richteg schafft.
Duerfir wollt ech dech froen vir deng Kamera op e Stativ ze montéieren, däin Objektiv op Manuellfocus setzen, den Liveview aschalten,vergréisserung op x10 setzen an dann ganz virsichteg Schärft op de maximum dréinen.
Déi Foto dann mat der vun virdrun vergläichen wou's du mat Autofocus gemaach hues.
A.



Geschrieben von tennes am 02.11.2011 um 10:50:

 

Moien,
Merci fir deng virschlei, mee dat hun ech jo sou gema. Also dei fotoen vum schiessentümpel, hat se um stativ an am live view manuell scharf gestallt..
Hat arklaert, do waren zum beispill 3 steng an ech konnt bei blend 22 just op een scharf stellen.... Sou wei bei enger blend 2.8 ....

Mee krein next woch vun engem matt arbeschter seng geleint, merci awer as ganz feinsmile



Geschrieben von Miau am 02.11.2011 um 12:00:

 

huest Du och die Blend 22 sowie d'Zeit manuel agestallt a mat der Abblendtast d'Tiefenschaerft kontroleiert? Soss gët d'Astellung mat opener Blend gemaacht ...



Geschrieben von tennes am 02.11.2011 um 14:20:

 

Ah merde ofgeblend hat ech net..... Ohhjee ech nossi:-D
Mee trotzdem war bild heno net scharf...
Mee lung vlait drun , wei schon gesot gouf, un loft.. Dat kamera awa
Bessen gewackelt huet den moment wou ech foto gema hun... An se dunn liecht varwackelt gouf.
Gin op ballefall des woch wuel na eng keier dohin.. Dann probeiren ech op dei sachen op ze passen..
Merci


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH