Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- [Foto] Rendez-vous (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=30)
--- Workshop Concertsphotographie (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1817)


Geschrieben von Schluck am 25.10.2011 um 22:47:

 

Ech krutt den Mëtteg een email vun der Rockhal an sie hun gefroot wat mer brauchen ... déi Sach mam Liicht ass sëcher een unleies ;-)



Geschrieben von Schlimpitz am 26.10.2011 um 09:33:

 

an sech nach puer Cajoten Beier well soss erdiischters du jo wanns de dei ganzen zeiten op deng schüler muss oppassen Augenzwinkern



Geschrieben von Pit am 27.10.2011 um 20:59:

 

Also ech wär och dobai....



Geschrieben von Schluck am 04.11.2011 um 10:43:

 

Den Workshop ass den Samsteg, 10. Dezember 2011 an der Rockhal. Et spillen:

20:30 - Rude Revelation
21:30 - Miles to Perdition
22:30 - We knew John Doe

Et sinn folgend Userën déi sech ungemellt hun:

- Abacab
- Aladin
- Charel_L
- Darkroom
- DeSir
- Fennec (ofgemëllt)
- Pit
- Serge (ofgemëllt)
- Suraki
- Schlimpitz

Wenn interesséiert ass matzemaachen w.e.g. een E-mail schreiwen virum 1. Dezember 2011 un schluck@heavymetal.lu wou een sech kuerz virstellt, ob een schon Concertën fotographéiert huet an wéi een Matérial een huet.

Den Offlaaf vum Workshop hunn ech mer sou virgestallt:

- Treffen um 18:30 virun der Rockhal dann ginn mer niervendrun eppes Iessen
- Theoretesch Einführung (Akkreditierung, Regeln, Technik usw.) beim Iessen niewendrun am Shoppingcenter.
- Prakteschen Deel um Concert (3 Songs, no flash fir all Band)
- Kuerz Analyse vun den Biller



Geschrieben von Schlimpitz am 04.11.2011 um 11:21:

 

Daat sinn der jo net all ze vill großes Grinsen



Geschrieben von gogo am 04.11.2011 um 11:59:

 

:-/

10ten Dezember hun ech Nuetsschicht, ech hoffen elo schon dass de workshop iergendwann widderholl gett :-)


Fannen ech zwar cool dass d'Rockhal do matspillt, dass du een workshop organiséiers natierlech nach mei!



Geschrieben von Schlimpitz am 04.11.2011 um 12:01:

 

Rockhal ass deck cool, dei sinn an der Regel fir all Blödsinn ze kreien großes Grinsen

Bon, daat do geet natierlech net bei engem Künstler wei Lenny Kravitz



Geschrieben von Charel_L am 06.11.2011 um 17:19:

 

Ech ging gären matmaan!
Fotografeiren gelegentlech klassesch Concert'en fier puer Suen, ging mer secher hellefen.

Ech muss just na kucken wei ech dohinn an rem zreck kommen, well ouni Führereschein fun Iechternach bis ennen an de Süden em dei Zeit... verwirrt



Geschrieben von Schluck am 30.11.2011 um 15:55:

 

Salut alleguerten,

unmelden kann een sech nach bis Muer den 1. Dezember bis 18:00 wëll ech dann d'Lëscht vun den Léit bei der Rockhal ofginn. Am Moment wieren nach 2 Platzen frei an den Workshop ass gratis.

Am Moment sinn mer zu 8:

- Abacab
- Aladin
- Charel_L
- Darkroom
- DeSir
- Pit
- Suraki
- Schlimpitz



Geschrieben von Schlimpitz am 01.12.2011 um 11:18:

 

Ech freen mech drop an hoffen du weis eis all wei een sou schein fotoen mecht Augenzwinkern



Geschrieben von Dan am 01.12.2011 um 14:53:

 

Wat eng super Idee! Respekt!
Wann ech nëmmen Zäit gehat hätt, hätt ech mech och ugemellt! smile
Ech wënschen der vill Succès mat der éischter Editioun vun dengem WS!


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH